© Goodyear

Impressioune vun der éischter Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge.

Et gëllt eng clever Maschinn ze bauen déi e Goodyear Loftschëff un d’liichte bréngt, an et erlaabt e Message mat Kniwwelino LED Unitéiten ze iwwermëttelen.(*) Heivir soll op Science, Technology, Engenieurswiesen a Mathe (STEM) Prinzippien zeréckgegraff ginn. Déi beschte Maschinne gi spéider mat attraktive Präisser belount!

Wie ka matmaachen?

  • All Schüler aus de Klassen 7e bis 5e (Kategorie A), respektiv 4e bis 2e (Kategorie B) kënne matmaachen.
  • D’Gruppe sollen aus min. 8, max. 10 Schüler aus der selwechter Kategorie an deem selwechten Lycée bestoen.
  • All Grupp kann aus Schüler aus verschiddenen Klassen zesummegesat sinn.
  • All Grupp muss vun engem Proff ënnerstëtzt ginn.
  • All Lycée ka méi wéi eng Grupp umellen.

Wat genau gëtt erwaart?

No der Aschreiwung hunn d’Schüler bis den 15. Mee 2020 Zäit vir:

  • Hier Maschinn z’entwéckelen an ze bauen;
  • E Rapport ze schreiwen deen de Fonctionnement vun der Maschinn erkläert;
  • E Film ze dréien deen hier Maschinn an Aktioun weist

Wéi ginn d’Maschinne bewäert a wie gewënnt?

All Maschinn gëtt vun Ingenieuren an Experten aus der Industrie an der Fuerschung bewäert. Vir folgend Elementer gëtt et Punkten:

  • Kreativitéit an Originalitéit vun der Maschinn
  • Verschidden obligatoresch an optional Aufgaben déi d’Maschinn erfëllen muss / soll
  • De schrëftlechen Rapport
  • De Film

Déi 11 Gruppen (eng aus der Kategorie A an 10 aus der Kategorie B) déi zum Schluss déi meeschte Punkte gesammelt hu ginn ageluede fir eng live Demonstratioun vun hirer Maschinn, woudropshin och d’Präisser verdeelt ginn. Dëse Live-Demo Dag ass vir Ufangs Juli 2020 virgesinn.

Dir wëllt Iech aschreiwen?

Umeldungsformularer fannt Dir an der Direktioun vun ärem Lycée, oder Dir kontaktéiert ons ënner LuxStemChallenge@goodyear.com vir eng elektronesch Kopie vun den Dokumenter.

Wichteg: all d’Gruppen mussen sech bis spéitstens den 13. Dezember 2019 ageschriwwen hunn!

(*) En opblosbart Goodyear Loftschëff (approx. 84 cm Längt) & Kniwwelino Liichtelementer kritt dir no ärer Aschreiwung vun ons geschéckt.

Auteur: Laurent Poorters (Goodyear)
Fotoen: © Goodyear

Auch interessant

Treffpunkt für Bastler und Geeks Der Verein Syn2Cat betreibt den Hackerspace Level2

Auf 160m2 bietet Syn2Cat seinen Mitgliedern rund um die Uhr die Möglichkeit an Hardware- und Software-Projekten in gemei...

Technoport® Business Incubator Innovationsberatung für Unternehmensgründer

Auf 16.000m2 stellt Technoport® ausgewählten Startups Büroräume, Infrastruktur und Serviceleistungen zur Verfügung. Grün...

Stroumfriesser Internet Sou vill CO2 produzéiers Du beim Surfen!

All E-Mail, all Internetsich, all Internetvideo verbraucht e bësse Stroum. Ma ass dat wierklech e grousse Problem? Mr Sc...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Researchers' Days 2018 Video- & Foto-Impressioune vun de Researchers' Days 2018

31 Workshoppen / 5 Science Cafés / 285 Fuerscher a Science Communicators / 6500 Visiteuren! D'Researchers' Days waren e groussen Erfolleg!

FNR
RESEARCHERS’ DAYS 2018 Wissenschaft zum Anfassen, Entdecken und Staunen

Am Samstag den 1. Dezember verwandelt sich die Rockhal in Belval in ein riesiges Forschungslabor. Entdecke Workshops über autonome Autos, Dronen oder die Funktionsweise des Gehirns und vieles mehr.

FNR
Job Offer Researchers’Days 2018 Mir rekrutéieren Animateure fir wëssenschaftlech Atelieren

Du bass mindestens 18 Joer al, u Wëssenschaft a Fuerschung interesséiert an dir fält et liicht dech mat Kanner an Erwuessenen auszetauschen? Da brauche mir dech!

FNR