Adobe Stock

Et ginn tatsächlech Recommandatioune vu verschiddenen Organisatiounen, wéi vill Zäit Kanner virum Ecran sollte verbréngen. Déi ass no Altersgruppe gestaffelt. Sou sollten déi ganz Kleng iwwerhaapt net virum Ecran setzen. Réischt ab dem zweete Liewensjoer gi maximal 10 Minutte pro Dag recommandéiert - zesumme mat engem Erwuessenen. Tëscht véier a sechs Joer wär - sou soe vill Recommandatiounen - eng hallef bis maximal eng Stonn pro Dag nach an der Rei - erëm zesumme mat engem Erwuessenen. Déi méi Grouss, bis 10 Joer, sollten net méi laang wéi annerhallef Stonn pro Dag virum Ecran verbréngen. A fir Teenager wär et vu Virdeel, wann een hinnen e feste Wochepensum fir d'Notze vu Medie festleet. Allerdéngs sinn dat wierklech nëmme ganz graff Unhaltspunkten, an dofir ginn et direkt e puer Grënn. 

An déi wären?

Fir d'éischt emol d'Studielag. Ob ze vill Zäit virum Ecran gesondheetlech Konsequenze kann hunn, dozou ass nach net genuch gewosst. Et ginn zwar Unzeechen dofir, datt Zäit virum Ecran Kuerzsiichtegkeet begënschtegt. Deselwechte Phänomen weist sech awer och wann ee laang Zäit domadder verbréngt, klassesch Bicher aus Pabeier ze liesen.  Et ginn och Studien, déi en Zesummenhang tëscht Screentime an Häerzerkrankunge fonnt hunn. Et ginn der, déi sou en Zesummenhang  net fanne konnten. Datselwecht gëllt fir Depressiounen. Déi eng Wëssenschaftler soen: ze vill Screentime mécht depressiv. Déi aner soen: Dat konnte mir aus eisen Donnéeën net erausliesen. An och Effekter op d'Gehier vu Kanner a Jugendlecher ginn aktuell diskutéiert. Ob se sech spéider eemol als positiv oder negativ Effekter erausstellen, bleift aktuell awer nach onbeäntwert. 

Ausserdeem kënnt et och op d'Aart a Weis un, wéi Kanner a Jugendlecher déi digital Medien notzen. "Parkt" ee seng Kanner virun der Tele? Oder kuckt ee mat hinnen zesummen eng Sendung? Passt een op, datt si kannergerecht Saache kucken oder léisst een d'Actionwelt op déi Kleng duer? Léisst een se ouni Betreiung de vasten Internet exploréieren oder entdeckt ee mat hinnen zesummen digital Welten a bereet se ob eventuell Fale vir?

Also spillt vläicht guer net d'Dauer d'Haaptroll, mee éischter de Wéi an de Wat?

Sou gesinn dat tatsächlech eng Rei Experten. Well mol ganz éierlech: Digital Medie wäerte wuel aus eisem Liewen net méi verschwannen. A si ze notze ka jo och eng ganz Rëtsch Virdeeler bréngen. Nach ni war an der Geschicht vun der Mënschheet den Zougrëff ob sou en enorme Wëssensbierg sou einfach. An et gëtt vill qualitativ héichwäertegen a pedagogesch wäertvolle Contenu op der Tele an am Internet. Fir ze Léieren eng ideal Viraussetzung - wann een de Kanner da weist, wéi gudde Contenu ze fannen an ze erkennen ass. Och war et ni virdrun esou einfach, mat Verwandschaft oder Frënn a Kontakt ze trieden, déi op der ganzer Welt verdeelt sinn. Eng Beräicherung fir d'soziaalt Liewen.

Mee lo kënnt de groussen "Awer": Wa bei all dëse Reizer déi Kontakter an der realer Welt leiden, déi fir eng gesond Entwécklung sou wichteg sinn, sollte bei den Elteren d'Alarmklacke lauden. Kuckt mäi Kand Tele, nodeems et de ganzen Nomëtten dobausse mat Frënn gespillt huet? Kee Problem. Vernoléissegt mäi Kand seng Frënn a léisst Hausaufgabe schleefen, fir sech nach zwou Folge vun enger Serie eranzezéien? Opgepasst! Zockt mäi Kand nom Owesiessen nach eng Ronn op der Spillkonsol? An der Rei. Refuséiert et säin Owesiessen a stoppt sech amplaz wärend dem Videospille mat Séissegkeeten oder Chipse voll. Net ok! Mir hunn et an der Hand, eis Kanner am Ëmgang mat de klengen oder groussen Ecranen auszebilden. Net zulescht, andeems mir e gutt Virbild sinn. Well datt déi Technik hier Liewe beaflosst, dorunner zweiwelt wuel kaum een. Mee wéi genee digitaalt Wëssen, Onlinekontakter oder Spiller sech op d'Entwécklung auswierken, ass aktuell nach Bestanddeel vu ville Studien. An dofir bleift d'Fuerschung spannend.

Spilleresch léieren

 

Wéi verschafft eis Gehier Informatiounen? Wéi léisst et eis doraus nei Fäegkeete léieren? A wat kënne Computerspiller dozou bäidroen? All dat si Froen, deenen de Lëtzebuerger Prof. Pedro Cardoso-Leite op de Grond geet. Duerch eng Bourse vum FNR huet hien op der Uni Lëtzebuerg eng ongewéinlech Fuerschungsequipe opgestallt: Spilldesigner, Programméierer, Grafiker, Sounddesigner an Datewëssenschaftler. Zesummen entwéckele si Apps, déi hinne méi iwwer d'Aart a Weis verrode sollen, wéi Computerspiller eisen Don fir Opfaassung beaflossen.

Wee wëll, ka sech beim Spille vun de Fuerscher "iwwert d'Schëller kucke loossen". Well mam Accord vun den Notzer sammelt d'Fuerschungsequipe Donnéeën, déi hëllefe solle fundamental psychologesch Prozesser beim Léieren ze entschlësselen. Experimentell Psychologie nennt sech dat. Hir Erkenntnisser wëll d'Equipe vum Pedro Cardoso-Leite dann och direkt notzen. Zum Beispill an engem Spill, dat kleng Kanner un d'Mathematik eruféiert, hinne beim ziele léieren hëlleft an eng éischt Verständnis fir Quantitéite schaaft.

 

3-6-9-12

 

Wéi laang Kanner vu verschiddenen Altersgruppe virum Ecran verbrénge sollten, doriwwer hat och de franséische Psychoanalytiker Serge Tisseron sech Gedanke gemaach. Hien huet seng Recommandatiounen 2008 a véier Reegele resuméiert: Bis zum drëtte Liewensjoer sollen all Flimmerkëschten tabu sinn. Bis sechs Joer ass Tele kucken ok, awer nach keng Spillkonsol. Bis 9 Joer sollt den Nowuess net an den Internet a bis zwielef Joer sollt d'Dier zu de sozialen Netzwierker zou bleiwen.

Gutt 10 Joer méi spéit huet hie säin Usaz iwwerschafft. Lo steet déi gemeinsam Interaktioun mam Nowuess am Vierdergrond. Säin Usaz: Et soll een d'Kanner altersgerecht beim Entdecke vun der Ëmwelt a beim Léiere begleeden. Seng Recommandatiounen: Mat deene jéngste léiwer liese wéi Tele kucken. Ab dräi Joer sinn digital Medie fir ze Spillen ok - wann ee mat hinnen zesumme spillt. Bis 9 Joer, sou de Psychoanalytiker, solle seng dräi Grondreegele fir den Internet verënnerlecht ginn: Wat een an d'Netz stellt, kann och vun anere fonnt ginn. Eemol gepost, bleift et éiweg am digitale Gediechtnes. An net alles, wat engem am Internet entgéintspréngt, entsprécht och der Wourecht. Bis zum 12. Liewensjoer kommen dann d'Smartphones an d'Spill. An ab 12 setzt en op oppe Kommunikatioun mam Nowuess. Da sollten och Theme wéi Pornosäiten, illegal Downloads oder Cybermobbing beschwat ginn.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur an Iwwersetzerin: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Auch interessant

Neues aus der Wissenschaft Die wichtigsten Neuigkeiten aus der Forschung in Luxemburg - Juli 2022

Die neuesten wissenschaftlichen Erkenntnisse aus Luxemburg in kurzen, leicht verständlichen Absätzen zusammengefasst.