(C) FNR (Sophie Steinmetz)

An Zäite vu Globaliséierung, vu Wirtschafts- a Finanzkriis, geet Lëtzebuerg zanter enger Reih Joren de Wee vun der wirtschaftlecher Diverisfizéierung. Fir net méi an deem Mooss wéi bis elo vum Finanzsecteur oofhängeg ze sinn a fir mat méi Standbeen an der globaler Wirtschaft laangfristeg mat fir bäi ze sinn. Eng Piste heibäi ass et, Lëtzebuerg als Fuerschungs- an Innovatiounsstanduert international z’etabléieren.

Mat gewëssem Succes bis elo: am rezente Innovationsranking vun der Europäescher Kommissioun, dem Innovation Union Scoreboard, steet Lëtzebuerg op Plaatz 6. Et gesäit een dass d’lëtzebuerger Fuerschung international méi Visibilitéit kritt, dass d’Unzuel u Patenter an de leschte Jore rop gaang ass. Och ginn ëmmer méi Start-Ups hei gegrënnt. Lëtzebuerg schéngt also um gudde Wee ze sinn.

Ma Fuerschung ass deier, matt Risiko verbonn, d’Konkurrenz weltwäit immens grouss. D’Fro déi mer eis an der Emissioun Café scientifique vum 21. Februar gestallt hunn, ass: Rentéiert sech Fuerschung iwwerhaapt? Wéi ass et mam ekonomeschen Impakt? A wéi léisst sech deen iwwerhaapt mossen? Hei de Link zur ganzer Emissioun fir Nozelauschteren, mam Jean-Paul Bertemes a mat de Stëmme vun den Inviteeën: http://www.100komma7.lu/files/8/12/247805_cafe-scientifique.mp3

A verkierzter Form dann hei och de Bäitraag fir nozeliesen:

Firwat an d'Fuerschung investéieren?

Fakt ass dass d’Regierung an de leschte Jore vill an d’Fuerschung investéiert huet. An déi nei Regierung hällt un der Lin vun der aler fest, confirméiert den neie Fuerschungsminister Claude Meisch. Ma d’Fuerschung wier awer lo keen Allheelmëttel. De Claude Meisch mengt, dass Fuerschung alleng d'Land net aus der Kriiss féiert. Dass do vill méi wéi dat néideg ass. Ma wann ee wéilt dass d'Land ëmmer mat fir bäi ass, da wier et wichteg, dass een och an der Fuerschung mat fir bäi wier. Fir dass Resultater aus der Fuerschung och hei am Land kënnen ugewend ginn. Et wier eng Prioritéit vun der Regierung ze kucken an deenen Domainer ze fuerschen, déi och fir Lëtzebuerg wichteg wieren.

E Beispill fir relativ kuerzfristegen ekonomeschen Impakt

E gutt Beispill dofir dass sech e Fuerschungsinstitut um Interesse vun der lëtzebuerger Economie ausriicht ass den SnT, den Zenter fir Security, Reliability and Trust vun der Uni Lëtzebuerg. Dësen Zenter schafft drun, fir ICT-Systemer méi sëcher ze maachen, wat fir vill Entreprisen hei am Land vun direktem Notzen ass, wéi z.B. fir d’Banken, Energieliferanten oder awer all d’Entreprisen aus dem ICT-Domaine, seet de Björn Ottersten, Direkter vum SnT.

Hien ass der Meenung, dass Fuerschung ekonomeschen Impakt kann hunn an zum Wirtschaftswuesstem vun engem Land respektiv enger Regioun ka bäidroen. Dat aus puer Grënn. Zum Engen andeems e Fuerschungszentrum Patenter entwéckelt a fir d'Notzung vun deene Patenter Lizenzgebühre vu Firmen kritt. Sou gëtt Geld nees an d'Land ragespullt. Anerersäits doduerch, dass duerch déi enk Kooperatioun mat Firmen, d'Firmen hier Investissementer a Fuerschung hei am Land erhéijen. Dem SnT séng Kooperatioune mat Firmen hei zu Lëtzebuerg funktionnéiere sou, dass wann d'Firma Geld investéiert, dann investéiert den SnT och, haaptsächlech Ressourcen. De Fakt dass e Fuerschungsinstitut Entreprisen zur Säit steet, ass natielech och an der globaler Kompetitioun e Standuertvierdeel. A schliesslech bréngt den SnT et fäerdeg, europäesch Fuerschungsgelder an d'Land ze zéien, déi kompetitiv vergi ginn.

Insgesamt 15 % vu sénger Finanzéierung huet den SnT 2012 duerch Kooperatioune mat Entreprisen generéiert an nach emol 14 % vu sénge Gelder iwwer héichkompetitiv europäesch Fuerschungsprogrammer rakritt. Op déi Mannéier fléisst zousätzlecht Geld op Lëtzebuerg. Vieraussetzung dofir: wëssenschaftlech Qualitéit.

E Beispill fir laangfristegen ekonomeschen Impakt

Den SnT weist also, dass wirtschaftlechen Impakt an engem Beräich, wou et schonns Know-How zu Lëtzebuerg gëtt, och relativ kuerzfristeg méiglech ass.  Ma et ginn net an all Wëssenschaftsdomaine déi selwescht Vieraussetzungen. Z.B. am Beräich Biomedezin: am Géigesaatz zum ICT-Domaine ginn et hei zu Lëtzebuerg nach kéng Entreprisen. An trotzdeem hu sech d’Politiker iwwerluecht, dass dëst en Domaine wier, wou d’Zukunft géif spillen, wou ee laangfristeg sollt mat fir bäi sinn, sou de Rudi Balling, Direkter vum LCSB, dem Luxembourg Centre for Systems Biomedecine. Hei gëtt den Ament zu Lëtzebuerg en Environnement geschaf - mam CRP Santé, der Biobank an dem LCSB -  dee Firmen iwwerzeege soll, sech bewosst fir de Standuert Lëtzebuerg z’entscheeden. Biomedezinesch Entreprise sinn op eng exzellent Fuerschungsstruktur ugewisen. Ma wéini wäert den LCSB sech da rentabiliséieren?

Dem Rudi Balling sénger Meenung no huet sech den LCSB schonns rentabiliséiert. Zu engem groussen Deel wëll den LCSB nei Kompetenze mat an d'Land bréngt. Ma och reng wirtschaftlech gesinn hätt hien et schonns fäerdeg bruecht e groussen Deel vu sénger Finanzéierung duerch extern Gelder ze generéieren. Op déi Mannéier kéinten d'halschent vu sénge Mataarbeschter finanzéiert ginn. Also hätte sou 70 nei Aarbechtsplaatze kéinte geschaf ginn. Et wieren ausserdeem schonns déi éischt Spin-Offs aus dem LCSB entstan an déi éischt Demande vun auslännesche Firme géife kommen, fir sech niewt dem LCSB unzesiedelen. Dofir wier och niewt dem LCSB en Inkubator, wou sech sou Firme kéinten usiedelen an nach e weideren zu Éileréng, wou Plaatz ass fir Firmen, déi Laboe brauchen.

An trotzdeem ass d'Potential nach net erschöpft, ma wäert sech réit laangfristeg weisen.

Ekonomeschen Impakt an der Privat-Fuerschung

Mir hu bis elo iwwert den ekonomeschen Impakt vun der ëffentlecher Fuerschung geschwat. Ma wéi ass dat aus der Siicht vun der privater Fuerschung? A wat bréngt hinnen d’Proximitéit vun ëffentlecher Fuerschung? De Georges Thielen vun der Goodyear seet dass privat Fuerschungsentreprisen wéi d’Goodyear vu vier ran dorops aus sinn, Produiten z'entwéckelen, déi um Marché musse bestoen. Ma et wier interessant mat der ëffentlecher Fuerschung zesummen ze schaffen, wëll se aner, zousätzlech Kompetenzen huet – an sech et leeschte kann, Grondlagefuerschung ze man. Ausserdeem kann sie der privater Fuerschung Servicer ubidden. Sou verfügt z.B. de CRP Gabriel Lippmann iwwert Geräter, déi immens deier sinn, déi privat Entreprisen dann notze kënnen.

Dass eis zwee CRP’en Gabriel Lippmann an Henri Tudor Kompetenzen am Beräich Materialwëssenschaften hunn ass iwwregens keen Zoufall, ma berout op Traditioun, seet de Jens Kreisel, Direkter vum Materialwëssenschaftsdepartement vum CRP Gabriel Lippmann, wëll mer hei am Land mat Arcelor Mittal oder Goodyear schonns laang Akteuren an deem Beräich hei hunn. Och de Jens Kreisel ass der Meenung dass et en Vu vum ekonomeschen Impakt a séngem Domaine immens wichteg ass, direkt mat Entreprisen zesummen ze schaffen. Hien nennt z.B. hier Collaboratioun mat Goodyear bei der Pneuenoptimiséierung oder mat IEE, wou se u Sensoren fir Autoe schaffen.

Ma de Georges Thielen ass awer och der Meenung, dass déi ëffentlech Fuerschung verstäerkt soll kucken, selwer Resultater emzesetzen.

Ekonomesch Valorisatioun vu Fuerschungsresultater: Schwieregkeeten

Ma wa Fuerschungtsprojeten net vu vier ra mat Entreprisen oofgeschwat ginn, wat nët ëmmer méiglech ass, wëll déi ëffentlech Fuerschung sech jo och soll méi breed opstellen, stellen sech eng ganz Reih Problemer fir Fuerschungsresultater ekonomesch ze valoriséieren.

Wëll um Enn vun engem Fuerschungsprojet hällt de Finanzement op. Wann de Fuerscher feststellt dass säi Resultat komerziell interessant kéint sinn, da feelen him d’Mëttel fir ze kucken, ob säi Resultat da wierklech och kann um Marché bestoen. Dofir missten nämlech lo Etudes de marché gemach, Prototypen entwéckelt, oder am Fall vu medezinesche Produiten klinesch Studie duerchgefouert ginn.

Ma wee finanzéiert dat? Privat Investisseure sprange réit an, wa bis bewisen ass, dass de Produit kommerzialiséierbar ass. Wann also all des Etappen schonns gemaach goufen. Fir desem Problem entgéint ze wierken, ass de Fonds National de la Recherche grad umgaang un engem Proof of concept-Programm ze schaffen - fir eeben all déi Etappen ze finanzéieren. Ma allgemeng bleiwt nach vill ze dinn, seet de Marc Schiltz vum FNR.

Ekonomesch Valorisatioun vu Fuerschungsresultater: Méiglechkeeten

Eng Méiglechkeet wier z.B. fir a jiddfer Institutioun fir all Domaine e sougenannten Industrial Research Fellow anzestellen. Eng Persoun mat Fuerschungs- a Business-Kompetenzen, déi sech drëms këmmert ze kucke, wéi eng Projete potentiell interessant Resultater fir de Marché liwweren - an déi néideg Demarchen an d’Hand huelen, wéi z.B. Business-Pläng ausschaffen.

Eng weider Iddee wier z.B. fir en nationalen TTO, en Technologie Transfer Office, anzeriichten. D‘ Industrial Research Fellows aus deenen eenzelnen Institutiounen géifen deem dann all déi interessant Resultater weiderginn, an deen TTO géif sech em déi ganz legal Aspekter wéi Property Rights, Patenter, Lizenzen asw. këmmeren.

Privat an ëffentlech Akteuren zesumme bréngen

Wat op jidde Fall feststeet ass: Lëtzebuerg brauch nach weider Business-Kompetenzen an der Fuerschung. Wëll dem Fuerscher säi primärt Ziel ass ze fuerschen, an net fir de ganze Business hannendrun ze man. 
Eng Méiglechkeet fir des Kompetenze bei de Fuerscher ze stäerken, ass wann d’Fuerscher an Entreprisen ausgebild ginn. E gutt Beispill fir dee Wee sinn d’PPP’en, d’Public Private Partnerships, seet de Marc Schiltz. Den FNR finanzéiert den Doktorand, deen dann souwuel an enger Firma wéi och an enger ëffentlecher Institutioun un engem konkrete Projet schafft.

De Georges Thielen confirméiert den Notze vun dësem Programm. Op dee Wee hätten sie e ganzen akademesche Reseau kënnen opbauen - mat Leit déi u Projete schaffen déi fir d'Goodyear wichteg sinn - deen sech souguer e Global Player wéi d'Goodyear soss net hätt kéinte leeschten.

Fir dee Kontakt tëscht Entreprisen an der Fuerschung ze stäerken, gëtt et nach e weidere wichtegen Akteur: Luxinnovation. Sie stinn den Entreprisen an de Start-Ups beroodend zur Säit, hëllefen hinnen derbäi méi innovativ ze ginn, hinne Kontakter zur Fuerschung ze vermëttelen. Sie geréieren ausserdeem déi sougenannte Clusteren, déi privat an ëffentlech Akteuren zesumme bréngen, seet de Jean-Paul Schuler, Direkter vu Luxinnovation.

Fazit

Et kann een also festhalen, dass Fuerschung duerchaus ekonomeschen Impakt kann hunn, z.B. andeems Privat- oder europäesch Gelder an d’Land fléissen an doduerch nei Aarbechtsplaatzen entstinn; doduerch dass Lizenze verkaf oder Start-Ups anhand vu Fuerschungsresultater gegrënnt ginn. Oder andeems d’ëffentlech Fuerschung derzou bäidréiht, dass sech Entreprisen hei néier loossen oder hei bleiwen - an hinnen derbäi hëlleft méi kompetitiv ze sinn.

Ma mir hunn och gesinn, dass gutt Fuerschung eng mëttel- bis laangfristeg Investioun an d’Zukunft ass, an datt nach vill muss gemaach ginn, fir d’Potential dervu ganz auszenotzen. A schliesslech ass den Impakt vun der Fuerschung net nëmmen en ekonomeschen – Fuerschung ass och en Invest an d‘Wëssensgesellschaft.

An do wiere mer beim Thema gesellschaftlechen Impakt… Dachs gëtt d’Fro gestallt: Wat bréngt mir als Bierger iwwerhaapt Fuerschung? Doriwwer, an ob et sou eppes wéi eng Wëssenschaftskultur hei zu Lëtzebuerg gëtt, schwätze mer an der nächster Emissioun vum café scientifique, Freides, den 21. März, um 9 Auer um Radio 100,7.

Auteur: Jean-Paul Bertemes
Foto © FNR (Sophie Steinmetz)

 

 

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR
UniGR-Center for Border Studies Welchen Einfluss haben Grenzen auf Politik, Wirtschaft und Wissenschaft?

80 Forscher aus 16 Disziplinen, die an sechs Hochschulen in vier Ländern ein Ziel verfolgen: Wissenschaftler aus der Gro...

Transatlantische Zusammenarbeit Wissenschaftliche Delegation aus Luxemburg auf Mission in Québec

Um die Wissenschaft in beiden Ländern weiter voranzutreiben, wollen Forschungseinrichtungen aus Kanada und Luxemburg zuk...

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – März 2024

Was sagt die Wissenschaft über "hypoallergene" Tiere? Wie groß war der größte jurassische Skorpion? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Januar / Februar 2024

Wie hat sich die Tradition des Buergbrennen entwickelt? Gibt es einen Zusammenhang zwischen Allergien und Gehirnkrebs? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg - Dezember 2023

Eine Methode zur Vorhersage von Flutkatastrophen; ein unbekannter Regenwurm; ein Protein, das unsere Gene schützt: Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

FNR Awards 2023 Preise für herausragende Forschung, Mentoring und Wissenschaftskommunikation in Luxemburg

Entdecke die Gewinner und die Shortlist der diesjährigen FNR Awards, die im Oktober verliehen wurden.