Marc Schiltz

FNR

Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR)

Dëst ass eng liicht adaptéiert Versioun vun der Carte Blanche vum Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, déi den 10. Mäerz 2021 op RTL diffuséiert gouf.

Et ass lo quasi ee Joer hier, datt den neie Coronavirus eist Land an d’Knéie gezwongen huet, a mer an den éischte Confinement gaange sinn. Eng Situatioun, déi nach just en puer Woche virdru kaum ee fir méiglech gehalen hätt. Zanterhier bestëmmt e Virus eist gesellschaftlecht a wirtschaftlecht Liewen an den Input vu Wëssenschaftler ass gefrot ewéi scho laang net méi.

D’Lëtzebuerger Fuerschung huet sech och direkt zesummegedoen a Wëssenschaftler aus deene verschiddensten Disziplinnen hu quasi iwwer Nuecht an enger Taskforce "Research Luxembourg" verschidde Projeten op d’Bee gestallt.

Dee bekanntsten ass wuel de Large-Scale-Testing, e Projet fir d’Santé publique vum Land, dee weltwäit beispillhaft ass fir eng konsequent national Teststrategie. An enger wëssenschaftlecher Fachpublikatioun hunn d'Lëtzebuerger Fuerscher elo gewisen, datt mam Large-Scale-Testing bis zu 43% un Neiinfektioune wärend der zweeter Well verhënnert konnte ginn. De Large-Scale-Testing, gekoppelt mam Contact-Tracing, huet also derzou bäigedroen, datt mer eis zu Lëtzebuerg nach verhältnisméisseg gutt aus der Affär gezunn hunn. Ausserdeem konnt hei och gewise ginn, datt asymptomatesch Träger vum Virus bal am selwechte Moss wéi déi symptomatsch Träger zur Verbreedung bäidroen. Dëst beweist, datt déi Strategie vum konsequenten Testen, och vun asymptomatesche Leit, eng gutt Strategie war, déi fir e klengt Land ewéi Lëtzebuerg Sënn gemaach huet.

Ma d’Fuerscher haten och mat der Convince-Etüd eng vun de weltwäit éischte rigouréisen nationale Prevalenz-Studien op d’Bee gestallt. Des Etüd huet eis scho ganz am Ufank wäertvoll Informatioune geliwwert zur Verbreedung vum Virus an zur Donkelziffer. Informatiounen, déi zu deem Zäitpunkt vun der Kris weltwäit nach kaum verfügbar waren.

An en anert wichtegt Instrument, wat d'Fuerscher hei zu Lëtzebuerg breet uwenden, sinn d’Analyse vun de Kläranlagen. Si sinn, zesumme mat de Simulatiounen, déi d'Task-Force all Woch mécht, e wichtegen Indicateur, fir d’Situatioun zu jiddwer Zäitpunkt anzeschätzen. Déi Donnéeën erlaben et der Politik, fir Entscheedungen op Fakten ze stëtzen an un déi aktuell Situatioun unzepassen.

Doriwwer eraus, an dat gëtt dacks vergiess, hu mer an der Fuerschung awer net nëmme Virologen, Infektiologen an Epidemiologen, ma och Wirtschaftswëssenschaftler, Psychologen oder Soziologen, déi aus hire jeeweilege Perspektive wichtegen Input zu dëser aussergewéinlecher Kris liwweren.

Nach virun 20 Joer hu mer driwwer diskutéiert, ob sou e klengt Land wéi Lëtzebuerg iwwerhaapt soll eng eegen ëffentlech Fuerschung hunn. Déi Fro ass elo definitiv beäntwert.

Auteur: Marc Schiltz (FNR)
Redaktioun: Melanie Reuter (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft Die wichtigsten Forschungsnachrichten aus Luxemburg – März 2022

Unsere Auswahl der neuesten Nachrichten aus den Forschungseinrichtungen in Luxemburg.

CARTE BLANCHE Loosst eis Wëssenschaft maachen, net Krich!

D'Wëssenschaft als Bréck tëscht Länner, déi net méi matenee schwätzen? Wat fir eng Roll Fuerscher am aktuelle Krich an der Ukrain, an och duerno kënne spillen, erklärt de Marc Schiltz, CEO vum FNR.

FNR
Neues aus der Wissenschaft Neuigkeiten aus der Forschung in Luxemburg – Februar 2022

Illegales Cannabis ist oft mit Toxinen verunreinigt, und Forscher in Luxemburg beteiligen sich am Verbot eines gefährlichen Zusatzstoffes in der Europäischen Union. Unsere Auswahl der Forschungsnews....

Neues aus der Wissenschaft Neuigkeiten aus der Forschung in Luxemburg – Januar 2022

Was ist in der Forschung in Luxemburg zu Beginn des Jahres passiert? Finde es heraus, in der ersten Ausgabe von 2022 unserer Selektion der neuesten Nachrichten aus der Wissenschaft in Luxemburg.