© GG –Berlin / Katharina Bregulla / Anna-Lena Ramm / pixelio.de

Wann ee Salz an d’Waasser mécht, geschéien zwou Saachen, déi en Afloss op d’Kachen hunn.

Ech hunn héieren, dass d’Salz am Nuddelwaasser net nëmme gutt fir de Geschmaach ass, mee dass d’Waasser doduerch och méi schnell kacht. Stëmmt dat?

Theoretesch jo. Wann ee Salz an d’Waasser mécht, geschéien zwou Saachen, déi en Afloss op d’Kachen hunn. Éischtens gëtt doduerch de Siedepunkt, also d’Temperatur, bei där d’Waasser kacht, liicht erhéicht. Zweetens ...

Moment! Du soots dach grad et kacht méi séier! Wéi kann dat da goen, wann ech et méi waarm muss maache fir dass et kacht??

Majo dat war mäin “zweetens”. Doduerch, dass d’Salz am Waasser ass, gëtt dem Gemësch seng Fähegkeet, sech opzewiermen, erhéicht. Konkret heescht dat, dass sech Salzwaasser bei där selwechter Kachplackentemperatur méi séier erhëtzt wéi normaalt Waasser. Obwuel et méi waarm muss gi fir ze kache wéi normaalt Waasser, geet de ganze Prozess doduerch trotzdem méi séier. Praktesch huet alles wat ech dir lo erklärt hunn fir dech beim Spaghettikachen awer keng Relevanz, den Zäitënnerscheed ass wierklech minimal.

Also ass et dach eng Saach vum Geschmaach?

Jo. Déng Nuddele suckele beim Kache Waasser op an do kënnt och Salz mat eran. Ausserdeem hänkt nom Ofschëdden och nach Salzwaasser baussen un der Nuddel. Nuddelen, déi a normalem Waasser gekacht goufen, sinn einfach méi fad. Mee och do geet et u sech duer, nom Kachen ze salzen oder eng gutt Zooss drop ze maachen. Dat mëss de wéi s de wëlls – d’Salz am Nuddelwaasser ass keng Musse-Saach. Interessanterweis gleewe vill Käch, dass doduerch, dass d’Salzwaasser méi waarm kacht, d’Nuddelen oder och d’Geméis manner laang goe mussen. Dat kanns de jo mol doheem testen, mee am Beschten net wa Besuch kënnt: du brauchs nämlech ronn 58 g Salz pro Liter Waasser fir de Siedepunkt ëm een eenzege Grad ze héijen  ...

Autor: Liza Glesener
Photo: verändert nach © GG –Berlin / Katharina Bregulla / Anna-Lena Ramm / pixelio.de
 

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Den Effekt, dass Salz am Waasser de Siedepunkt erhéicht, gehéiert zu de sougenannte kolligativen Eegeschaften.

Vun zwou ganz anere kolligativen Eegeschafte profitéiert d’Wëssenschaft bei der Kryokonservéirung, also dem Afréiere vu liewegem Zellmaterial, wéi et zum Beispill och an der lëtzebuergescher Biobank (Integrated BioBank of Luxembourg, IBBL) gemaach gëtt. Do gëtt zwar kee Salz benotzt, mee d’Iddi dohannert bleift déi selwecht: wann ee Waasser mat engem anere Stoff mëscht, deen sech doranner opléise kann, ginn der entstoender Flëssegkeet hier Eegeschafte verännert.

Wann ee wëllt Zellmaterial esou afréieren, dass een et dono nees entdeeën a fir d’Fuerschung benotze kann, d’Zellen also lieweg bleiwen a quasi nëmmen an eng Aart Wanterschlof ginn, muss ee virun allem zwou Saachen évitéieren: d’Zellen dierfen net all hiert Waasser verléieren a bannen an der lieweger Zell dierf sech keen Äis bilden.

Déi zwou kolligativ Eegeschaften, déi sech d’Wëssenschaftler zu dësem Zweck zu Notze maache sinn d’Senkung vum Gefréierpunkt (d’Waasserléisung muss méi kal gi wéi Waasser alleng, éier se fréiert) an d’Osmos, eng Eegeschaft, déi, fir beim Biobank-Beispill ze bleiwen, ganz vereinfacht dorop berout, dass d’Waasser an an tëschent Déieren- oder Planzenzellen ëmmer dohi fléisst, wou d’Konzentratioun vun der Flëssegkeet am héchsten ass.

Afréieren an der Biobank

An enger Biobank kënnt beim Afréiere vun Zellmaterial ënnert anerem Glycerol an den Asaatz. De Stoff geet an d’Zellen eran an ännert doduerch d’Eegeschafte vun der Waasserléisung an der Zell. De Glycerol verhënnert engersäits, dass d’Zell duerch Osmos all hiert Waasser verléiert a wierkt anerersäits als Antigel – Problem geléist.

Auch interessant

Science meets Art Wissenschaftscomic: Die Abenteuer von Tuwwo, dem Wassermolekül

Das „LUX:plorations“-Projekt verbindet Kunst und Forschung: Lokale Künstler und Wissenschaftler haben zusammen 8 Kurzges...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR, RTL
Blumen-Experiment Verwandele weiße Tulpen in farbige!

Mit nur wenig Material, kannst Du in kurzer Zeit weiße Tulpen (oder andere Blumen) in farbige verwandeln.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Pisa Summerchallenge Wéi geet et der Uelzecht?

Wou entspréngt se, firwat ass se sou sténkeg, a wat gëtt gemaach fir den Zoustand ze verbesseren?

FNR
Téin géint de Stress! Léisst sech e Stau mat Musek besser erdroen?

Ob um Wee op d'Aarbecht oder an d'Vakanz: D'Waarden an engem Stau ziert un den Nerven. Hëlleft Musek géint de Stress? A wa jo, wéi eng?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR