AdobeStock/cherryandbees & zinkevych
Gen Z stinn am Ufank vun hirer Beruffskarriär oder hunn nach guer net ugefaang mat schaffen, Babyboomer si kuerz virun der Pensioun oder schaffe schonn net méi.
Dat kann een net esou pauschal soen. Et fänkt domat un, wat een ënner „faul“ versteet: Geet et ëm d'Aarbechtsstonnen, d'Produktivitéit oder d'Astellung zur Aarbecht? Dat sinn alles Saachen, déi Wëssenschaftler erfaasse kënnen, mee et handelt sech dobäi ëm ganz ënnerschiddlech Froen. Dobäi kënnt, datt et guer net esou einfach ass, Generatiounen op eng fair Aart a Weis mateneen ze vergläichen.
Firwat net?
Dofir muss ee Gruppe vu gläichalterege Leit vergläichen – also zum Beispill d'Gen Z haut mat de Babyboomer vun den 1970er-Joren. Wann ee Babyboomer vun haut mat Leit aus der Gen Z vergläicht, da vergläicht ee Liewensphasen an net Generatiounen. Wëssenschaftler nennen dat den Alterseffekt.
Mee esouguer wann een dësen Effekt berücksichtegt, spillt den Zäitgeescht ëmmer nach eng Roll.
Wat heescht dat?
D'Aarbechtswelt an déi gesellschaftlech Kaderbedéngungen hu sech an de vergaangene Joerzéngten däitlech verännert. An dat huet natierlech en Afloss op eis Astellung zur Aarbecht.
De Professer fir Soziologie Martin Schröder op der Universitéit vum Saarland huet dëst unhand vun Donnéeën aus Däitschland analyséiert a faasst et a sengem Blog follgendermoossen zesummen:
Jonker denken also duerchaus anescht ewéi al Leit. A mir alleguer denken haut duerchaus anescht ewéi fréier. Mee bestëmmt Generatiounen denken nëmme seele systematesch anescht, wann ee se am selwechten Alter an zum selwechten Zäitpunkt befreet.
Prof. Martin Schröder, Universität des Saarlandes.
Selbstverwierklechung: wierklech e Markenzeeche vu jonke Leit?
Iwwer méi jonk Generatioune gëtt dacks gesot, et géif hinne virun allem ëm d'Selbstverwierklechung goen. D'Aarbecht soll net nëmme Sue bréngen, mee perséinlech sënnvoll sinn, zur eegener Liewensplanung passen a Plaz fir individuell Entwécklung loossen. Dat kléngt fir vill esou wéi wann hei eng ganz nei Haltung entstan wier.
Ganz esou kloer ass dës Erkenntnis awer net. Eng Auswäertung vun Donnéeën aus Ëmfroen zu verschiddene Gebuertskohorte kënnt zu engem eniichtere Resultat: Vill angeeblech typesch Ënnerscheeder tëschent de Generatioune loosse sech empiresch kaum beleeën. Grad bei der Fro, wéi wichteg d'Selbstverwierklechung vun de jonke Leit wierklech ass, weisen am Jugendalter d'Gebuertskohorten oft erstaunlech änlech Muster (Schröder, 2018).
Dat heescht net, datt d'Virstellunge vun Aarbecht sech guer net veränneren. Natierlech evoluéieren d'Sprooch, d'Erwaardungen an déi gesellschaftlech Kaderbedéngungen. Mee d'Erkenntnis erfuerdert eng gewësse Virsiicht: Net alles, wat haut ewéi en neie Wäertprofil vun der Gen Z erschéngt, ass tatsächlech nei. Munches ass méiglecherweis méi al ewéi d'Debatt et unhuele léisst – a munches wierkt nëmmen dofir nei, well all Generatioun hir eege Begrëffer dofir fënnt.
Grad dowéinst lount et sech, bei Zouschreiwungen ewéi „Déi Jonk wëlle sech nëmmen nach selwer verwierklechen“ skeptesch ze bleiwen. Esou Urteeler kléngen iwwerzeegend, si wëssenschaftlech awer oft méi schwaach beluecht ewéi ee mengt (Schröder, 2018).
Firwat wierkt d'Gen Z op verschiddener trotzdeem manner aarbechtswëlleg?
Eeler Generatioune werfe méi jonke Generatioune schonn zënter Dausende vu Jore vir, se wiere bequeem, respektlos oder ondisziplinéiert. Fuerscher gesinn doran éischter e rekurrent Muster ewéi eng nei Erkenntnis iwwer d'Gen Z.
D'Resultater vun enger rezenter Studie weisen, datt d'Gen Y a Z a Bezuch op follgend Prioritéiten iwwereneestëmmen: Work-Life-Balance, berufflech Entwécklung an net-monetär Ureizer. D'Generation X deelt d'Sënnbewosstsäin vun der Generation Z, wann och an engem méi staark organisatoresch a gesellschaftlech gepräägte Kader. D'Babyboomer leeë Wäert op Stabilitéit, Kreativitéit an eng strukturéiert Ëmgéigend.
A wat léisst sech dann iwwer d'Gen Z um Aarbechtsmaart bis elo wierklech soen?
Laangfristeg Ënnersichungen zur Gen Z am Beruffsliewe gëtt et kaum nach – dës Generatioun ass jo eréischt zënter e puer Joer an enger gréisserer Zuel um Aarbechtsmaart ukomm. D'Donnéeën, déi bis elo bestinn, schwätzen awer éischter géint de Klischee vun der fauler Generatioun: An Däitschland ass zënter 2015 d'Bedeelegung um Aarbechtsmaart vun den 20- bis 24-Järegen däitlech an d'Luucht gaangen. Dat schwätzt net dofir, datt d'Gen Z sech aus der Aarbecht zeréckzitt.
Wat eng
Et ass op jidde Fall en dynamescht Fuerschungsfeld – a wie weess, vläicht gëtt et geschwënn nei, spannend Resultater!
Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (t9n.lu)
Babyboomer, Gen X, Millennials oder Gen Z?
Begrëffer ewéi „Babyboomer“, „Gen X“, „Millennials“ oder „Gen Z“ bezeechne Gruppe vu Gebuertsjoergäng. Se solle Leit zesummefaassen, déi an enger änlecher Zäit opgewuess sinn. Ganz eenheetlech oder esouguer propper definéiert sinn dës Grenzen awer net: Jee no Studie verschibe sech d'Joergäng deels däitlech. Fuerscher warnen dofir virdrun, dës Gruppen als wëssenschaftlech Kategorien ze behandelen. (Parry & Urwin, 2011)
Als graff Orientéierung gëllt oft:
Babyboomer: gebuer an de Joren nom Zweete Weltkrich, meeschtens ëm 1946 bis Mëtt vun den 1960er-Joren.
Generation X: gebuer ëm Mëtt vun den 1960er-Jore bis ëm 1980.
Millennials oder Generation Y: gebuer ëm déi fréi 1980er-Jore bis Mëtt/Enn vun den 1990er-Joren. (Parry & Urwin, 2011)
Generation Z: gebuer ëm déi zweet Hallschent vun den 1990er-Jore bis an déi fréi 2010er-Joren. (Barhate & Dirani, 2020)
Generation Alpha: gebuer no de fréien 2010er-Joren
Dës Bezeechnunge si virun allem praktesch Etiketten. Ob d'Leit wierklech änlech denken oder schaffe léisst sech doraus awer kaum op eng plausibel Aart a Weis ofleeden. (Rudolph et al., 2021) A wien d'Geschicht vum Klischee vun der „fauler Jugend“ interesséiert, deem sief dës Zesummestellung vu 5000 Jahre Kritik empfuel.
Infobox
Bell A, Jones K. The impossibility of separating age, period and cohort effects. Soc Sci Med. 2013 Sep;93:163-5. doi: 10.1016/j.socscimed.2013.04.029. Epub 2013 May 4. PMID: 23701919.
Barhate, B., & Dirani, K. M. (2020). Career aspirations of generation Z: A systematic literature review. European Journal of Training and Development, 45(2/3), 139–157. https://doi.org/10.1108/EJTD-07-2020-0124
Gilfert, A. 5000 Jahre Kritik an Jugendlichen – Eine sichere Konstante in Gesellschaft und Arbeitswelt. Unterwegs in der Arbeitswelt. https://bildungswissenschaftler.de/5000-jahre-kritik-an-jugendlichen-eine-sichere-konstante-in-der-gesellschaft-und-arbeitswelt/ Aufgerufen am 27.3.2026
IAB – Institut für Arbeitsmarkt- und Berufsforschung. (2025). Generation Z – noch ein Klischee weniger. 17. Februar 2025. https://iab-forum.de/generation-z-noch-ein-klischee-weniger/ Aufgerufen am 16.4.2026
Parry, E., & Urwin, P. (2011). Generational differences in work values: A review of theory and evidence. International Journal of Management Reviews, 13(1), 79–96. https://doi.org/10.1111/j.1468-2370.2010.00285.x
Rudolph, C.W., Rauvola, R.S., Costanza, D.P. et al. Generations and Generational Differences: Debunking Myths in Organizational Science and Practice and Paving New Paths Forward. J Bus Psychol 36, 945–967 (2021). https://doi.org/10.1007/s10869-020-09715-2
Schröder, M. Der Generationenmythos. Köln Z Soziol 70, 469–494 (2018). https://doi.org/10.1007/s11577-018-0570-6
Hammermann A. & Schäfer H (2024). Arbeitszeitwünsche von jungen Beschäftigten - Institut der deutschen Wirtschaft (IW). IW-Kurzbericht Nr. 24 Arbeitszeitwünsche von jungen Beschäftigten - Institut der deutschen Wirtschaft (IW)
Juliana Salvadorinho et al. (2026). Motivational drivers shaping Industry 5.0 and the future of work, Futures, Volume 175, 2026, 103731, ISSN 0016-3287, https://doi.org/10.1016/j.futures.2025.103731.
Costanza, David & Darrow, Jessica & Yost, Allison & Severt, Jamie. (2017). A Review of Analytical Methods Used to Study Generational Differences: Strengths and Limitations. Work, Aging and Retirement. 3. 149-165. 10.1093/workar/wax002.
Costanza, D.P., Badger, J.M., Fraser, R.L. et al. Generational Differences in Work-Related Attitudes: A Meta-analysis. J Bus Psychol 27, 375–394 (2012). https://doi.org/10.1007/s10869-012-9259-4
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.