Wikimedia (cyclone bill)

Esou bal d’Nuddelen am Dëppe sinn, schaimt d’Waasser.

Firwat kachen Nuddelen ëmmer iwwer?

Soulaang d’Waasser eleng kacht, blubbert et zwar wéi well, mee et et bleift am Dëppen! An esou bal d’Nuddelen dra sinn, schaimt d’Waasser iwwer an et gëtt déi gréisste Sauerei. Nuddele bestinn nämlech aus Schmull, Eeër a Waasser! Do sinn zimlech vill Proteinen dran, an déi maachen eppes Ähnleches mam Waasser wéi zum Beispill Spüli.

Duerch d’Proteinen kennen déi eenzel Waasserdeelercher sech net méi uneneen unhalen. D’Struktur vum Waasser fällt also wéi e Kaartenhaus a sech zesummen an da kann et och keng Drëpse méi bilden. Dat gesäit ee gutt wann een Nuddelwaasser sabbelt. Dat mécht keng schéi ronn Drëpsen, mee ganz platt Pill!

Well dem Waasser seng Struktur zesumme fällt, kenne sech dann duerch d’Beweegung vum Kache ganz dënn Schichte Waasser vun der Uewerfläch léisen a Bulle formen. A wa genuch Bullen do sinn, da bilt sech ebe Schaum. A wann et ze vill schaimt, da klemmt de Schaum aus dem Dëppen an et gëtt Sauerei!

D’Nuddele kache méi séier iwwer, wann den Deckel um Dëppen ass!

Dee verhënnert nämlech dass d’Schaumblose platzen. Sou eng Blos besteet aus enger dënner Schicht Waasser, an déi verdämpt séier. D’Blos platzt dann natierlech. Mee wann den Deckel um Dëppen ass, da bleift d’ganz Fiichtegkeet am Dëppen, an d’Blosen platzen net esou séier. Ausserdeem sinn och vill Kuelenhydrater an den Nuddelen. Dofir ass d’Nuddelwaasser méi déckflësseg an d’Blose méi stabil!

Wann et also ze vill schaimt brauch ee just den Deckel erof ze huelen an op de Schaum ze blose fir dat Schlëmmst ze verhënneren!

Schold un deem Ganzen ass d‘Uewerflächespannung vum Waasser!

D’Waasser besteet aus lauter klengen Deelercher, déi all mateneen a Kontakt sinn an ënnereneen interagéieren. Op der Uewerfläch kennen se jo awer nëmme mat deenen niewendrun oder ënnendrënner interagéieren, dofir bilden déi Deelercher eng Art Film, dee méi oder manner stabil ka sinn! Sou ähnlech wéi d’Haut um Pudding! An et ass déi Stabilitéit, déi een Uewerflächespannung nennt. Et ass iwweregens och wéinst der Uewerflächespannung dass verschidden Insekte kennen um Waasser lafen! Well se liicht genuch sinn an hir Féiss de Film op der Uewerfläch net futti maachen!

Op et schaimt, a wéi vill et schaimt, hänkt vum Drock an der Temperatur of!

D’Waasser huet als physikalesch Eegeschaft dass seng Uewerflächespannung vun der Temperatur an dem Drock ofhänkt. Bei purem Waasser hëlt d’Spannung of, wann d’Temperatur an/oder den Drock an d’Luucht geet/ginn. Dofir schaimt d’Waasser och am meeschten, wann ech d’Nuddelen a kachend Waasser geheien. Bei wootlechem Waasser geschitt net vill, well d’Uewerflächespannung dann nach ze héich ass fir Schaum ze bilden. Dat selwecht gëllt fir den Drock! Wann ech den Deckel op d’Dëppe mat den Nuddelen maachen, kacht d’Waasser méi séier iwwer, well d’Spannung da méi kleng ass, an de Schaum sech gutt bilde kann. Soubal ech den Deckel erof huele verflitt de Waasserdamp am Dëppen an den Drock fält. D’Uewerflächespannung hellt also rëm bäi an et kennt manner Schaum dobäi!

Och wann e Kach engem dovun ofréit, kann Ueleg am Nuddelwaasser verhënneren dass d’Nuddelen iwwerkachen.

Ueleg huet en Afloss op d’Uewerflächespannung well e sech um Waasser ausbreet. Sou ginn d’Waasserdeelercher getrennt, an de Film, deen d’Uewerflächespannung ausmécht, gëtt ënnerbrach. Et gi beim Kachen also manner Stécker Waasserfilm vun der Uewerfläch gerappt, an et bilt sech dann och manner Schaum. A soubal eng Schaumblos mam Ueleg a Kontakt kennt, platzt se!

Ueleg ass also eng gutt Method fir ze verhënneren dass d’Nuddelen sou séier iwwerkachen. Trotzdem géif e gudde Kach engem dovun ofroden, well den Ueleg beim Ofschëdden un den Nuddelen hänke bleift an se mat engem dënnen Uelegfilm iwwerzitt. An da bleift d’Zooss net méi gutt drun hänken an d’Nuddelen schmaache manner lecker!

Salz an esou klenge Konzentratiounen huet kee groussen Afloss op de Schaum, mee d’Nuddele schmaachen awer besser!

Salz a klenge Konzentratioune verännert d’Uewerflächespannung zwar net, mee huet trotzdem en Impakt op d’Eegeschafte vum Waasser. Am Wanter gëtt Salz gestreet, fir de Gefréierpunkt vum Waasser ze verréngeren fir Glatäis ze verhënneren. Komescherweis ass den Afloss vum Salz op de Kachpunkt awer genee ëmgedréint, an zwar gëtt dee méi héich! Kachend Salzwaasser huet also méi wéi 100°C, d’Nuddele missten also méi séier mëll ginn!

An der Kichen hëlleft déi Eegeschaft vum Waasser engem awer net vill, well de Siedepunkt vum Waasser mat engem Téiläffel Salz just 0,5°C an d’Luucht geet, an dat mécht beim Kachen nu wierklech keen Ënnerscheed! Et ass trotzdem schuet wann een d’Salz vergësst, da schmaachen d’Nuddelen nämlech net esou gutt!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: Wikimedia (cyclone bill)

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 11/09/13 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Et géif een et vläit net mengen, mee d’Uewerflächespannung vum Waasser ass liewenswichteg, net nëmme fir eis, mee och fir d’Planzen! D’Beem kréien hier Nährstoffer jo aus dem Buedem, a mussen déi bis erop an d’Blieder beförderen. Iwwert d’Blieder verléieren d’Beem en Deel Waasser, wat einfach verdämpt. Doduerch entsteet e Vakuum uewen am Bam, an d’Waasser ka wéinst senger Struktur erop gesaugt ginn.

Dee Mechanissem hänkt awer vu ville Saachen of a funktionéiert nëmmen an de richtege Konditiounen. Fir dee Mechanissem besser ze verstoen, grad esou wéi d’Aufgab vum Waasser a senge physikaleschen Eegeschaften, beschäftege vill Botaniker sech mat dëser Problematik. Dofir sammelt a publizéiert „Treesearch“, eng Initiativ vum „US Forest Service“, all wëssenschaftlech Resultater aus dësem Gebitt!

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Wéi eng aner Flëssegkeete ginn et nach wou sech hir physikalesch Eegeschafte jee no Situatioun kenne veränneren?

Waasser ass awer net dat eenzegt Material, deem seng physikalesch Eegeschafte sech jee no Situatioun kenne veränneren. Dat gëllt och fir vill Saachen, déi mir déi ganzen Zäit gebrauchen, wéi zum Beispill Faarf, Shampoing a Jughurt! Well dat jo scho Mëschunge vu Material sinn, ass et net ëmmer einfach fir d’Fuerscher fir ze wësse wéi des Substanzen a bestëmmte Situatioune wäerte reagéieren.

Eng Equipe vu Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg beschäftege sech dofir ënnert der Leedung vum Tania Schilling mat Simulatiounen um Computer, fir d’Verhale vu verschiddene Flëssegkeete besser ze verstoen!

Auch interessant

Bloomin‘ Algae App So können Bürger helfen, Blaualgen in Luxemburgs Gewässern zu überwachen

Mit der Smartphone-App Bloomin‘ Algae kann jeder in Luxemburg Wissenschaftlern am LIST helfen, Cyanobakterien frühzeitig...

Science meets Art Wissenschaftscomic: Die Abenteuer von Tuwwo, dem Wassermolekül

Das „LUX:plorations“-Projekt verbindet Kunst und Forschung: Lokale Künstler und Wissenschaftler haben zusammen 8 Kurzges...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR , RTL

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR