AdobeStock/Oakozhan
De Weekend gouf d'Zait eng Stonn no vir geréckelt.
D’Iddi hannert der Summerzäit ass, den Dagesoflaf besser un d’Sonneliicht unzepassen. Wa mir am Fréijoer d’Auer eng Stonn virstellen, bleift et owes méi laang hell. Dat soll zum Beispill Fräizäitaktivitéiten dobaussen oder den Tourismus fërderen. Ausserdeem huet ee fréier gehofft, doduerch Energie ze spueren, well ee manner kënschtlecht Liicht brauch.
Fonctionéiert dat mam Energiespueren da wierklech?
Nëmme ganz begrenzt. Iwwersiichts-Studie weisen, datt d’Erspuernis ganz kleng ass – am Duerchschnëtt ronn 0,2 % manner Stroumverbrauch pro Joer. Verschidde Studie fannen esouguer guer keen Effekt oder esouguer e liicht méi héijen Energieverbrauch. Dat heescht: Wann et e Virdeel gëtt, dann ass en éischter kleng.
Et gëtt awer och Argumenter, datt d’Summerzäit d'Sécherheet verbessert. Wat stécht do derhannert?
D’Iddi ass folgend: Wann et owes méi laang hell ass, ginn et manner Verkéiersaccidenter am Däischteren. E puer Studie fannen dat plausibel, mee kloer bewisen ass dësen Effekt bis elo net. Änlech ass et bei der Kriminalitéit: Eng Studie aus den USA huet zum Beispill berechent, datt verschidde Verbriechen ëm ronn 7 % zeréckgoe kéinten, well se méi dacks am Däischtere geschéien.
A wat sinn dann d’Nodeeler vun der Zäitëmstellung?
De gréissten Nodeel betrëfft eise Kierper. Eise Schlofrhythmus riicht sech staark nom Sonneliicht. Wann d’Auer op eemol ëmgestallt gëtt – besonnesch am Fréijoer – brauche vill Leit Deeg oder esouguer Wochen, fir sech unzepassen. An enger Metastudie gouf festgestallt, datt et direkt no der Zäitëmstellung am Mäerz zu engem liichte Plus vu ronn 5 % méi Häerzinfarkter kënnt – am Hierscht awer net.
Wat wär, wa mir d’Zäitëmstellung ofschafe géifen?
Da misste mir decidéieren, ob mir Summer- oder Wanterzäit bäibehalen. Béides huet Nodeeler. Wa mir dat ganzt Joer Wanterzäit hätten, géif d'Sonn am Summer zu Lëtzebuerg scho viru 5 Auer moies opgoen – vill Leit géifen sou e gudden Deel vum hellen Dag verschlofen. Am August géif d‘Sonn dogéint scho géint 20 op 7 owes ënnergoen. Dat heescht, mir missten och op laang Summerowender verzichten.
Wa mir dogéint ëmmer Summerzäit hätten, géif d'Sonn am Wanter hei eréischt no 9 Auer moies opgoen. Da misste vill Leit am Däischteren op d’Aarbecht oder an d’Schoul goen.
En nach méi groussen Impakt hätt dat fir Awunner vun de westlechen an ëstlechen Extremitéite vun eiser Zäitzon. Bei permanenter Summerzäit géif d'Sonn am Dezember zu Brest an der Bretagne eréischt ëm 10 Auer moies opgoen. Zu Warschau a Polen géif d'Sonn bei permanenter Summerzäit am Juni scho kuerz no 3 Auer moies opgoen.
Also gëtt et keng perfekt Léisung?
Genee. D’Fuerschung weist: D’Zäitëmstellung huet weder ganz grouss Virdeeler nach ganz grouss Nodeeler. An och wann d’Fuerschung dozou spannend ass, ass et um Enn manner eng wëssenschaftlech, mee éischter eng politesch a gesellschaftlech Entscheedung, ob een d’Zäitëmstellung bäibehält oder net.
Dësen Text ass eng Zesummefaassung vun dësem Artikel aus dem Joër 2024:
Gesetzlech, sozial, biologesch a Sonnenzäiten
An der Diskussioun ëm d’Zäitëmstellung geet et ëm verschidde Konzepter:
- D’gesetzlech Zäit, déi duerch d’Zäitzon definéiert gëtt
- D’sozial Zäit, déi den üblechen Auerzäite vum Alldag entsprécht (z. B. Aarbechts- oder Buttekszäiten)
- D’biologesch Zäit, déi vun eiser bannenzeger oder zirkadianescher Auer bestëmmt gëtt
- D’Sonnenzäit, déi sech um Laf vun der Sonn um Himmel orientéiert
Biorhythmus an Zäitëmstellung
Eise Kierper riicht sech staark nom Dagesliicht an dem Laf vun der Sonn. Vill Kierperfunktiounen – wéi waakreg sinn oder Honger – starte mam Sonnenopgang. Dofir recommandéiere Schloffuerscher, datt d’gesetzlech Auerzäit sou gutt wéi méiglech un d’natierlech Sonnenzäit ugepasst ass. Ideal wier, wann d'Sonn tëscht 11:30 an 12:30 Auer hiren héchste Stand erreecht.
Allerdéngs passt dat net ëmmer zum haitegen Alldag. Eis Aarbechtszäite verréckelen sech éischter a Richtung Owend, zum Beispill vun 8 bis 12 Auer a 14 bis 18 Auer.
An Europa ass den Ënnerscheed tëscht Sonnenzäit, biologescher Zäit an offizieller Auerzäit besonnesch grouss. Dat huet och historesch Grënn: Am Zweete Weltkrich gouf a ville Länner d’Berliner Zäit agefouert, sou datt vu Spuenie bis Polen eng gemeinsam Zäitzon gegollt huet.
Auteuren vum Originaltext: Daniel Saraga (Saraga Communications), Jean-Paul Bertemes (FNR)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Infobox
https://doi.org/10.1016/j.enpol.2007.05.021
https://bmjopen.bmj.com/content/7/6/e014319
https://doi.org/10.1162/REST_a_00547
https://www.mdpi.com/2077-0383/8/3/404
https://publikationen.bibliothek.kit.edu/1000134151
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.