D'Editioun 2024 fënnt tëscht dem 11. an dem 15. Mäerz statt. Mell deng Klass elo un!

Researchers at School (virdrunn "Chercheurs à l'école" genannt) ass eng Initiative vum Fonds National de la Recherche (FNR) a bitt Schüler a Fuerscher d'Méiglechkeet, mateneen a Kontakt ze trieden. Engersäits fir datt sech d'Schüler e Bild dovu kënne maachen, wat Recherche bedeit an u wat Fuerscher hei am Land alles fuerschen. Anerersäits fir de Fuerscher eng Plattform ze ginn, wou se kënne mat jonke Leit interagéieren. D'Fuerscher verziele vun hirem Alldag an den Erausfuerderungen déi hire Beruff mat sech bréngt.

Dës Aktioun fënnt all Joer am Fréijoer statt. Eng Sessioun ka 50-90 Minutten daueren a kann an den normale Schoulstonnen oder no der Schoul ofgehale ginn. Dës interaktiv Sessioune riichte sich virun allem u Schüler ab 16 Joer.

Wéi kann een sech aschreiwen?

D'Editioun 2024 ass vum 11. bis de 15. Mäerz

D'Schoulklasse kënnen sech nach bis den 20. Dezember 2023 ënnert dësem Link aschreiwen.

Méi Informatiounen dozou fënns du am Aschreiwungsformulaire.

 

Nach Froen? Da schreif eis eng E-mail op chercheursecole@fnr.lu

Du wëlls nach méi iwwer "Researchers at School" gewuer ginn? Da kuck dir dëse Video un:

Video: Jean-Paul Bertemes (FNR), MOAST
Redaktioun: Melanie Reuter (FNR)

Schulbildung Forschend lernen – lernend forschen: Das Projekt „Fuerschen Dobaussen“ für Grundschulen

Mit einem besonderen Lernkonzept gehen Luxemburger Schulen neue Wege – und lassen ihre Schüler sich draußen in der Natur...

Studie in Luxemburg und in der Schweiz Wie, wo und warum es zu Schulentfremdung kommt

Mit der Entwicklung von negativen Einstellungen gegenüber der Schule bei Jugendlichen haben sich Forscher der Universitä...

Auch in dieser Rubrik

Take Off Challenge zum Nachmachen Wie kann man Eis am schnellsten schmelzen?

Du bist LehrerIn und hast Lust, eine Science Challenge der Take Off Show mit deinen Schülern nachzumachen? In diesem Video erfährst du , wie du diese Challenge mit deiner Gruppe nachmachen kannst.

FNR, ALF
9. - 12. November am Gronn Impressioune vum Science Festival 2023

Spektakulär Showen, flott Experimenter a vill begeeschtert Kanner, Erwuessener a Wëssenschaftler. Déi 14. Editioun vum Science Festival war e grousse Succès!

Science: next A platform for meeting and helping young science and technology enthusiasts

Young science enthusiasts between the ages of 11 and 21 can now register for the extracurricular training program "Science: next" of the Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL)!