© RTL

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Exkrementer d’Toilette erofspullen ass eng Verschwendung! Mr Science Experiment: Kann ee Sch... zu Gold maachen?

Den italienesche Kënschtler Piero Manzoni huet an engem Konschtprojet am Joer 1961 seng Exkrementer a blechen Dousen agefëllt an duerno zum Goldpräis verkaf. Dës blechen Douse ginn hautdesdaags souguer fir iwwer 100 000 € versteet. Hien huet also Sch... zu Gold gemaach.

De Mr Science sicht awer nom reelle Wäert vun eisem Offall. Mam Bauer Guy vun Alzeng diskutéiert hien iwwer Nährstoffer an der Koumëscht, a kuckt dann zesumme mat de Laboe vun der Asta (Administration des services techniques de l'agriculture) op Mënschemëscht sech genee sou gutt als Dünger fir d’Felder eegent. E weidere wichtegen Aspekt ass d’Energie déi nach an den Exkrementer stécht. Weder d’Béischten nach d’Mënschen huelen nämlech all d’Energie aus dem Iessen eraus.

Wéi vill Euro ass also eis Mëscht wäert? A wéi kinnt een iwwerhaapt d’Exkrementer halen?

Äntwerten op dës Froe kritt der am Video.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL 

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert déi Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg kënnt.

Déi ganz Sendung fannt dir op pisa.rtl.lu

Auch interessant

Neuheiten in der Wissenschaft Die wichtigsten Forschungsnachrichten aus Luxemburg - September 2022

Die neuesten wissenschaftlichen Erkenntnisse aus Luxemburg in kurzen Abschnitten zusammengefasst.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR