Pexels

Mr Science, wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Virun allem mat Radioteleskopen. Dat sinn Teleskopen, déi Radiowellen aus dem Weltall empfänken an doraus Informatiounen ënner anerem iwwer Stären, Galaxien a Schwaarz Lächer gewannen. Gesicht gi Radiossignaler, déi sech vun natierleche kosmesche Signaler ënnerscheeden. Donieft sicht een haut och no Laserimpulser a sougenannten Technosignaturen, also moossbar Hiweiser op eng technesch Zivilisatioun.

Infobox

Wat sinn Technosignaturen?

Technosignature si miessbar Hiweiser op eng technesch Zivilisatioun. Dozou gehéieren net just Radiosignaler, mee och Laserblëtzer, ongewéinlech Wäermtofstralung vu grousse Bauwierker, kënschtlech Liichtquellen oder chemesch Stoffer an Atmosphäre vu frieme Planéiten, déi sech kaum op natierlech Manéier erkläre léisst. D'Fuerschung sicht haut no enger ganzer Pallette vu méigleche Signaturen - net méi just no klassesche Radiosignaler. 

Firwat ginn ausgerechent Radiowellen analyséiert?

Radiowelle kënnen enorm Distanzen zeréckleeën a gi kaum vu Gas- oder Stëbswolleken am Universum ofgeschwächt. Gesicht gëtt mat Radioteleskopen ewéi dem Green Bank Telescope an den USA oder MeerKAT a Südafrika.

Wéi erkennen Astronomen, ob e Signal en natierlechen oder en techneschen Ursprong huet?

Déi meescht Radiossignaler stame vun natierleche Quellen ewéi Stären. E Signal, dat vun enger technologesch entwéckelter Zivilisatioun stame kéint, misst sech däitlech dovunner ënnerscheeden, zum Beispill duerch eng ganz schmuel Frequenz oder e reegelméissegt Muster, wéi et an der Natur kaum virkënnt. Mee eng eenzeg Entdeckung, déi an déi Richtung geet, geet awer ni duer: Esou e Signal muss méi oft nogewisen a vun onofhängegen Observatoirë bestätegt ginn. D'KI hëlleft mëttlerweil dobäi, Milliarde Moossdonnéeën no Opfällegkeeten ze duerchsichen.

Wat geschitt, wann tatsächlech e verdächtegt Signal entdeckt gëtt?

Fir d'éischt gëtt et grëndlech iwwerpréift. Oft stécht eng ierdesch Stéierquell oder e Satellit dohanner. International Richtlinne (SETI Richtlinnen - check Infobox) recommandéieren dofir eng onofhängeg Confirmatioun, éier eng Entdeckung verëffentlecht gëtt. Eréischt wa plausibel Erklärungen ausgeschloss sinn, gëtt déi international Wëssenschaftsgemeinschaft informéiert. Da stellt sech déi nächst Fro: Soll d'Mënschheet äntweren? Zu där Fro gëtt et bis haut keng eenheetlech Entscheedung.

Goufen da scho sou Signaler fonnt? 

1977 gouf dat sougenannte Wow-Signal vun engem Radioteleskop an Amerika entdeckt. Mee dëst war awer just eng eenzeg Observatioun déi net konnt confirméiert ginn. Et gëtt also bis haut keng wëssenschaftlech confirméiert Signaler vun enger ausserierdescher Zivilisatioun. 

Wéi warscheinlech ass dann esou e Signal iwwerhaapt?

Dat weess keen. Zwar kenne mir Dausende Planéite baussent eisem Sonnesystem, vun deenen der vill liewensfrëndlech kéinte sinn. Ob sech do intelligent Liewen entwéckelt huet, bleift awer oppen. Trotzdeem lount d'Sich sech, well schonn een eenzegt bestätegt Signal géing eist Verständnis vum Liewen am Universum grondleeënd veränneren.

A wéi geet et weider?

Mat neien Teleskopen ewéi dem Square Kilometre Array an Australien a Südafrika gëtt d'Sich vill méi empfindlech. Gläichzäiteg siche Chercheuren neierdéngs och no Technosignaturen: z. B. no Laserimpulser, kënschtleche Liichtquellen oder ongewéinleche Stoffer an Atmosphäre vu Planéiten, déi wäit ewech sinn. Dank neien Instrumenter a moderner Datenanalys entwéckelt d'Sich sech schëtzeg weider – an dowéinst bleift et spannend an der Fuerschung.

Wat sinn d'SETI-Richtlinnen? 

D'SETI-Richtlinnen (SETI Post-Detection Protocols) sinn an den 1980er Joren entstanen, wou déi systematesch Sich no ausserierdescher Intelligenz mat grousse Radioteleskopen ëmmer méi professionell gouf. SETI steet fir "Search for Extraterrestrial Intelligence". D'Richtlinne leeë fest, wéi e verdächtegt Signal onofhängeg iwwerpréift an transparent verëffentlecht a kommunizéiert gi soll. 

De Fermi-Paradox: Wou sinn d'Aliens?

1950 huet de Physiker an Nobelpräisdréier Enrico Fermi um Wee an d'Mëttespaus mat Kolleegen zu Los Alamos eng einfach, awer bis haut onbeäntwert Fro gestallt: "Wou sinn déi Ausserierdesch dann?" Eisen Universum ass viru knapp 14 Milliarde Joer entstan, an eis Sonn ass méi jonk wéi vill Stären an der Mëllechstrooss. Wa sech anzwousch anert intelligent Liewen entwéckelt hätt, misste munch Zivilisatiounen eiser Milliarde Jore viraus sinn, a méiglecherweis Spueren am Universum hannerlooss hunn (souguer wann et déi Zivilisatioun haut net méi gëtt). Bis haut ginn et awer keng wëssenschaftlech bestätegt Beweiser fir ausserierdesch Intelligenz. Dëse scheinbare Paradox ass als Fermi-Paradox bekannt. Méiglech Erklärunge ginn et vill: Villäicht sinn interstellar Reesen oder Kommunikatioun kaum méiglech. Oder ausserierdesch Zivilisatioune schécke keng Signaler aus, déi mir mat haiteger Technik erkenne kënnen. Villäicht ass intelligent Liewen awer och nëmmen extrem seelen - oder mir sinn awer déi eenzeg am Universum. 

Auteur: Diane Bertel
Éditeur: Michèle Weber, Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch in dieser Rubrik

Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR