FNR, SKIN

Kéint Lëtzebuerg säin aktuellen Energiebedarf selwer iwwer erneierbar Energien decken? Dat ass eng relevant Froo virum Hannergrond vun der Ofhängegkeet vu russeschem Gas an Ueleg, ma och well d'EU sech d'Zil ginn huet, bis 2050 klimaneutral ze sinn. Bis dohinn misst also quasi all d'Energie iwwer erneierbar Ressourcen produzéiert ginn. Ma wou sti mir aktuell zu Lëtzebuerg? A wéi kéinte mir dat Zil erreechen? Opgepasst, elo kommen puer Zuelen.  

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Du wëlls méi déif an des Thema eraklammen? Da fënns Du méi Detailer an eisem detailléierte science-Check Artikel:

Lëtzebuerg verbraucht aktuell pro Kapp a pro Dag 203 Kilowattstonnen Energie. Domadder kann ee mat engem Waasserkacher ca 1800 Liter opkachen. 

An domadder gehéiere mer zur Weltspëtzt. Als Verglach: an Däitschland sinn et 113 Kilowattstonnen, am geographeschen Europa 90 a weltwäit souguer just 60. 

Ma wéi setzt sech den Energieverbrauch zu Lëtzebuerg zesummen?   

Wat mengt dir, wéi ee Secteur am meeschte Endenergie verbraucht?

op 4. Platz: déi privat Haushälter, mat 11%

op 3. Platz: d’Déngschtleeschtungen an de Commerce mat 12,2%

op 2. Platz: d’Industrie mat 14,5%

And the winner is: den Transport a Verkéier, mat 62,2%.  

Wee vun iech genee wësse wëll, wou des Zuelen hierkommen a firwat Lëtzebuerg sou vill Energie verbraucht: kuckt eisen Artikel op science.lu, do fannt der lauter Hannergrondinformatiounen. 

Ma wéi vill stellt Lëtzebuerg vu sengem Endenergiebedarf selwer iwwer erneierbar Energien hier?

2019 waren dat 7%. Quasi de ganze Rescht un Energie muss Lëtzebuerg importéieren.

Sorry, do kënne mir leider och net dofir 

Tëschefazit 1: Lëtzebuerg verbraucht vill Energie – ma produzéiert nëmmen e klengen Deel dovunner selwer iwwer erneierbar Energien.

Ma wier et theoretesch iwwerhaapt méiglech, eisen aktuelle Bedarf vollstänneg mat erneierbaren Energien ze decken?

Mir maachen e vereinfacht Rechebeispill.

Szenario 1: mir produzéieren de gesamten Energiebedarf mat Hëllef vu Wandenergie. An deem Fall misste mer – nun halt iech un – 95,5% vun der Surface vun eisem Land mat Wandturbinnen vollstellen, mat enger Distanz vu 600 Meter zoueneen. Lëtzebuerg wier da quasi en eenzege Wandpark… en total onrealisteschen Szenario… 

Szenario 2: huele mer just Solarpanelen bräichte mer just nach 10% vun der Fläch vu Lëtzebuerg.

Mee och dat ass onrealistesch wann ee bedenkt datt all d‘Diecher vun den Haiser zu Lëtzebuerg just 2% vun der Fläch ausmaachen.

Szenario 3: wa mer Wandenergie a Solarenergie kombinéieren, kéime mer op bal 9% vun der Fläch vu Lëtzebuerg . Nach ëmmer zevill…

Besser géif et ausgesinn, wa mer manner Energie géife verbrauchen. Da bräichte mer och manner Fläch.

An natierlech ginn et nach aner regenerativ Energiequellen, wéi z.B. Biogas, Waasserkraaft oder Geothermie. Sie hunn zwar manner Potential wéi d’Wand- a Solarenergie, ma si wichteg fir e gudde Mix an droen nach emol hieren Deel bäi.

Atomenergie ziele mir hei net zu de regenerativen Energiequellen. 

Umierkung: Firwat klamere mir nuklear Energie hei aus? Dat hate puer Lieser eis gefrot. Dat wor keen ideologesche Choix, ma ganz einfach wëll nuklear Energie keng alternativ Energie ass a mer just 5 min hunn fir de Video. Mir hunn och ë.a. Geothermie a Biogas ausgeklamert, einfach wëll mer a sou kuerzer Zäit net alles behandelt kréien. Ausserdeeem geet et jo an eisem "Ziel mir keng" em „erneierbar Energien“, an Atomenergie ass keng erneierbar Energie. Atomenergie gëtt aus der endlecher Ressource Uran gewonn (anescht wier et wa mer d‘Käerfusioun géife beherrschen, dat wier dann eng erneierbar Energie). An Uran ass eng begrenzt an net erneierbar Ressource ass. Op EU-Level gouf Atomkraaft jo och net als erneierbar Energie klassifizéiert, ma als „ënnert verschiddenen Emstänn nohalteg“. Ma et stëmmt dass et sech lount iwwer Atomkraft ze schwätzen. Brauche mer dat souwisou, als Iwwergangstechnologie, oder iwwerhaapt net? Dat hätt hei de Kader gesprengt. Ma ass sécherlech en interessanten Débât.

Tëschefazit 2: Wa mir den aktuellen Energieverbrauch bäibehalen, gëtt et schwiereg all d’Energie iwwer erneierbar Ressourcen hierzestellen. Mir mussen och Energie aspueren.

Wat lo nach derbäi kënnt: Heiansdo gëtt z.B. méi Solar- a Wandenergie produzéiert, wéi gebraucht gëtt, heiansdo manner. Fir zu all Moment genuch Energie ze hunn, misste mer also entweder permanent iwwerproduzéieren, an/oder an Energiespäicher investéieren, an/oder – ganz wichteg - mat eisen Nopeschlänner  zesumme schaffen.

Zesumme loosse sech Schwankungen an der Produktioun a Consommatioun besser ausgläichen.

Ma komme mer lo nach emol op dat wichtegst Thema zréck: d’Energiespueren!  

Wat sinn do eigentlech eis Ambitiounen?

Laut „nationalem Energie- und Klimaplang“ wëll Lëtzebuerg bis 2040 säin Endenergieverbrauch em 38% senken. Da kéime mer op e pro-Kapp-Verbrauch vun em déi 126 kWh pro Dag.

Kléngt fir déi eng net ambitiéis genuch, fir déi aner no engem groussen Effort. 

Dobäi muss ee wëssen , dass z.B. de Switch dee lo amgaang ass - vu Verbrennungsmotoren op Elektroautoen a vu Gas- a Masutheizungen op Wärmepompelen - vill Energie aspuert: wëll hei manner Energie bei der Ëmwandlung verluer geet - an doduerch insgesamt manner Energie gebraucht gëtt. 

Ma souguer wa mir d’Zieler vum nationalen Energie- a Klimaplang  erreechen, géif Lëtzebuerg am Joer 2040 awer „just“ 24% vu sengem Energieverbrauch selwer duerch erneierbar Energie produzéieren, a weider 18% duerch Kooperatioune mam Ausland. Ma lo ganz rezent gouf annoncéiert, dass Lëtzebuerg schonns 2030 wéilt bis op 45% erneierbar Energie kommen: spannend wäert sinn, wéi vill dovunner iwwer eege Produktioun a wéi vill iwwer Kooperatioune mam Ausland? Dat war zum Zäitpunkt vun eisem Tournage nach net publique.

Wéi kann et sinn, dass den Energiekonsum roofgeet, wa mer dach op där aner Säit wirtschaftleche Wuesstum hunn, deen tendenziell zu méi Konsum féiert?

Zanter 2006 (d‘Joer mat dem héchsten Primärenergie- an Endenergieverbrauch an der EU laut Eurostat) si souwuel de Primärenergie- wéi den Endenergiebedarf vun der EU méi oder wéineger konstant roofgaang, bei gläichzäitegem Demographieswuesstem an Ekonomeschem Wuesstum. Technologien ginn ëmmer méi effizient a wäerten och an Zukunft weiderhi méi effizient ginn (souwuel Energieverbrauch wéi och Energieproduktioun). Dat ass eng wichteg Erkenntnis, dass béid Facteuren net automatesch mat méi héijem Energieverbrauch anhierginn, wëll et eebe géigeleefeg Tendenze gëtt.

Nach produzéieren alternativ Energien relativ wéineg vum gesamten Energieverbrauch. Wéi kann een do optimistesch sinn?

Et stëmmt, mir si wäit dovunner weg, all eis Energie iwwer erneierbar Energien ze produzéieren. Ma an Zukunft wäert ëmmer méi iwwer Stroum lafen, an do wor 2020 de gréissten Deel an der EU (39%) schonns iwwer erneierbar Energien gedeckt ginn (vierun fossilen Energieträger mat 36%). Wat natielech e riesegen Challenge ass, sinn déi Momenter, wou weder Sonn nach Wand do ass. Do kommen da Späicherinfrastukturen an/oder Iwwerproduktioun an d‘Spill. Bis 2050 ass jo nach Zäit fir Technologien ze verbesseren an ze entwéckelen an fir Infrastruktur opzebauen. Ma ob eis dat lo wäert geléngen, kann natielech haut kee mat Sécherheet soen. 

Schlussfazit: Wéi mer gesinn ass et guer net sou evident fir Lëtzebuerg – ouni ideal Bedingunge fir Wand-, Waasser- oder Solarenergie – de gesamten Energiebedarf selwer iwwer erneierbar Energien ze produzéieren. Ma laut EU ass dat awer d‘Richtung. An et ass och net onméiglech.

Mir misste bis dohi just grouss Efforte maachen: 

  • méi erneierbar Energie selwer produzéieren, 
  • eis u Photovoltaik- a Wandanlage gewinnen, 
  • am europäesche Verbond zesummeschaffen, 
  • a vrun allem: Energie aspueren!

 

Umierkung: Ob mer dat Ziel och wieklech wäerten erreeschen, hänkt vu ville Facteuren of. Och wann et technesch méiglech schéngt, erneierbar Energien staark genuch auszebauen (wann een dervun ausgeet dass d'Effizienz an d'Wirtschaftlechkeet vun desen Energien weiderhin ëmmer méi interessant ginn), heescht dat net, dass dat och automatesch wäert antrieden. Wichteg Facteuren sinn och d'Akzeptanz vun der Bevölkerung, ob alles sech wirtschaftlech rechent, an ob genuch politesche Wëllen do ass. Ausserdeem: et handelt sech hei em e globale Problem, deen och global muss geléist ginn. Souguer wa Lëtzebuerg oder Europa säin Ziel géif erreeschen, wier et wichteg, dass dat och um globalen Niveau geschitt. Wéi ee gesäit: hei spille vill Facteuren eng Roll. Wéi et wäert 2050 wieklech ausgesinn, gesi mer natielech réit dann... 

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Editeuren: Joseph Rodesch, Reinhart Brüning, Michèle Weber, Ingo Knopf, Lucie Zeches

Peer-Review: Prof. Philip Dale (Université du Luxembourg)
science-Check: Reinhart Brünig
Video: FNR & SKIN

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR