Pixabay

All Joer landen e puer Milliounen Tonnen Plastik am Mier.

Mr. Science, et héiert ee jo ëmmer erëm, dass an onse Mierer enorm Quantitéite Plastik ronderëm schwammen an dass verschidde Mieresdéieren deen och friessen. Wann ech Fësch oder Mieresfriichten iessen, iessen ech de Plastik dann och mat?

Dat kann een zumindest net ausschléissen. Eréischt viru kuerzem hunn Fuerscher Plastikspartikelen a Fësch wei Cabillaud a Makréil aus der Nord- an Ostsee nogewisen, also a Fësch dee mir iessen.

Wouhier kennt dann dee ganze Plastik?

Ma gréisstendeels vum Land. Bei Wand flitt de Plastik séier ronderëm a gëtt da vun de Flëss an d’Mier transportéiert. All Joer gëtt weltwäit ongeféier 300 Milliounen Tonne Plastik produzéiert. E puer Milliounen Tonnen dovu landen am Mier.

OK, dat ass villäicht net schéin, mee dovun ofgesinn: Ass daat wierklech e Problem?

De Plastik zersetzt sech quasi net. D´Material vu PET-Fläschen zum Beispill, kann een nach no 450 Joer am Mier erëm fannen. Am Laf vun der Zäit gëtt de Plastik an ëmmer méi kleng, mikroskopesch Partikelen zerriwwen. D´Fësch an aner Mieresdéiere verwiesselen dee da mat Plankton, an huelen en iwwer hiert Iessen op. D‘Partikele sammelen sech am Mo, Daarm a villäicht och an der Muskelmass un.

A da gëtt ee krank wann een dee Fësch ësst...?

Dat wëssen d´Experten nach net. Vill Partikelen a Schuedstoffer sammelen sech an de Verdauungsorganer vun den Déieren. An déi gi jo oft net matgiess. Mee ob d‘Mikropartikelen an d‘Schuedstoffer dorausser och an d´Muskelmass kommen, also d‘Fleesch dat mir iessen, dat muss nach erfuerscht ginn – an dann eben och, ob des fir de Mënsch bedenklech sinn. 

Auteur: ScienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science eng Fro op Eldo Radio. Des Emissioun ass vum 15.02.2017.

Auch interessant

Interaktive Konferenz Wie kann man als Bürger seine Umweltbelastung reduzieren?

Am 17. November 2020 findet die nächste interaktive Konferenz „So you think you’re green” statt (online). Diese konzentr...

FNR
Forschungsstudie CORONASTEP SARS-CoV-2 Monitoring mithilfe von Abwasserproben

Diese indirekte Technik zur Überwachung des Virus ermöglicht seine Verbreitung in der Bevölkerung früh zu erkennen.

Hydrologie Weichtiere für die Beobachtung der Wasserläufe

In Luxemburg verwenden Forscher Weichtiermuscheln, um das Alter des Wassers und seinen Verlauf festzustellen. Inwiefern ...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Boden
Gaardenaarbecht Firwat soll een de Buedem ni "plakeg" loossen?

Laang war den ideale Gaart e "proppere" Buedem, op deem nëmmen Notzplanze wuessen duerften. Haut recommandéieren Agronome wa méiglech kee Stéck Buedem onbedeckt ze loossen. Firwat ass dat wichteg?

FNR
Frühling
Et bléit esou gréng Firwat sinn d'Gras a vill Blieder am Fréijoer hellgréng?

Grad fierft d'Fréijoer d'Landschaft erëm zaart gréng. Firwat si Blieder a Grashällem dann awer dacks vill méi hell wéi am Summer?

FNR
Duerchzoch Wéi vill frësch Loft ass richteg?

Fuerscher erfuersche ganz am Eescht den Duerchzoch a Gebaier. Firwat ass dat sënnvoll an am Ament souguer e besonnesch wichtegt Thema? Mr. Science, wat maachen “Duerchzochsfuerscher“?

FNR