Glyphosat

Adobe Stock

Säitdeem d’Mënschheet Akerbau bedreift, gesäit se d’Planzen, déi um Feld wëll wuessen, als Konkurrenz fir d’ugebaute Kären.

Soubal et dobausse méi waarm gëtt, stinn net just d’Planzen, déi scho fréi am Joer bléien, an de Startlächer. Och d’Onkraut wot sech nees un d’Liicht. Dat dierfe mir hei zu Lëtzebuerg jo zanter engem gudde Joer net méi mat Glyphosat bekämpfen. Mee wéi eng Alternative ginn et eigentlech, fir d’Planzen am Gaart an op de Felder viru konkurréierendem Onkraut ze schützen, Mister Science? 

Et gëtt tatsächlech esou munches, fir d’Weeër oder d’Beeter fräi vun onerwënschte Planzen ze halen. Zum Beispill duerch Mëschkulturen oder andeems ee Flächen, op deenen näischt geséint oder geplanzt ginn ass, mat enger Schicht Mulch aus organeschem Material, dat sech mat der Zäit zersetzt, bedeckt. Schéisst awer Onkraut, dann ass d’mechanesch Buedembeaarbechtung déi einfachst Method – dat gutt aalt Krauden. Fir gréisser Fläche kann een en Heel benotzen.  

„Hausmëttelen“ ewéi Esseg, Backpulver oder Salz sinn och relativ effikass – awer och immens problematesch. Well si schiedegen net just d’Onkraut, mee och de Buedem an d’Déieren am Buedem. Dowéinst sollt een am Gaart d’Fangeren dovu loossen.  

Um Trottoir hëlleft Feier aus dem Gasbrenner oder waarmt Waasser. Fir landwirtschaftlech Betriber ass dat alles natierlech keng Léisung. Bis op den Asaz vu Maschinnen, déi hei natierlech eng Nummer méi grouss ausfalen – an zwar mat Trakter, Plou an Éig, Striegelzacken a Scharen. 

A wat schwätzt eigentlech géint Glyphosat? 

Nach ëmmer gëtt leidenschaftlech driwwer diskutéiert, ob dat Mëttel fir eis Mënsche geféierlech ass an ob een dovu Kriibs kréie kann. Mee mol dovun ofgesinn, wéi de wëssenschaftlechen Debat um Enn ausgeet, et huet als Totalherbizid ganz vill Nodeeler: Et mécht keen Ënnerscheed tëschent de Planzen a léisst se all ofstierwen – eeben och déi, déi um Bord vum Feld wuessen an eng wichteg Narungsquell fir vill Insekte sinn. Ginn et manner Insekten, fannen och d’Vigel manner Fudder. D’Biodiversitéit an eiser Kulturlandschaft gëtt permanent méi kleng.  

En anere Punkt, deen oft net thematiséiert gëtt, ass, dass Glyphosat ganz schlecht fir de Buedem ass: D’Liewewiesen am Buedem, déi Humus produzéieren a fir d’Struktur vum Buedem zoustänneg sinn, gi beanträchtegt an d’Opnam vu Mikronärstoffer behënnert. De Buedem ass mëttelfristeg manner fruchtbar – e weidere Kollateralschued vu Glyphosat. 

Da sollte mir am Numm vun der Ëmwelt also awer op de Plou an d’Éig zeréckgräifen? Oder gëtt et do och en Hoken? 

Dee gëtt et effektiv. Well d’mechanesch Buedembeaarbechtung ass immens vill Aarbecht. Dat heescht, d’Käschte fir de landwirtschaftleche Betrib ginn an d’Luucht an deemno op laang Siicht och d’Liewensmëttelpräisser. Méi Ronne mam Trakter bedeit och: méi en héijen Dieselverbrauch. Also gëtt och méi CO2 ausgestouss. An och d’Buedemqualitéit ka leiden, well d’Maschinn méi oft iwwer d’Feld fuere muss, wéi wann d’Gëftsprëtz an den Asaz kënnt. Op där anerer Säit mécht Glyphosat d’Planze méi ufälleg fir Pilz, firwat dann nach méi Ronne mat Pestiziden u Bord gedréint musse ginn. Dowéinst sicht d’Fuerschung och no engem manner bedenklechen Ersatz fir Glyphosat. Op der Uni an der däitscher Stad Tübingen gouf zum Beispill en Zockermoleküll entdeckt, dat eng änlech Wierkung kéint hunn. Mee dat mussen esou Stoffer fir d’éischt emol ënner Beweis stellen an dowéinst bleift d’Fuerschung spannend! 

Infobox

Wat ass eigentlech Glyphosat?

Wou Glyphosat 1950 fir d’éischte Kéier hiergestallt ginn ass, konnt kee wierklech eppes domat ufänken. Eréischt 20 Joer méi spéit huet den Agrarchemie-Megakonzern Monsanto d’Potenzial vum Stoff erkannt a e patentéiere gelooss. Glyphosat ass en Totalherbizid. Et mécht Planze futti. An zwar all, déi mat em a Kontakt kommen. Dofir muss et iwwert d’Gréngs opgeholl ginn. Dat reusséiert, andeems de Stoff mat engem Netzmëttel gemëscht gëtt. Ass et mol bis an de Planzen dran, bréngt et d’Aminosaier-Synthees duercherneen. Well et änelt engem Enzym, dee just a Planze virkënnt, a blockéiert esou kuerzerhand déi Plazen an den Zellen, wou den Enzym undockt. Zesumme mat deem Netzmëttel ass Glyphosat méi gëfteg fir d’Buedemfauna ewéi de Stoff eleng. 

Fir dass net och d’Kären ofstierwen, ka Glyphosat virum Séine gesprëtzt ginn. Oder et benotzt ee geentechnesch verännerte Som. Op dës Manéier kruten zum Beispill Sojabounen, Kotteng oder Maiszorten am Labo eng kënschtlech Resistenz géint Glyphosat ageplanzt. Déi wuessen elo och dann, wann all d’Gréngs ronderëm am Herbizidreen futti geet. 

Onkraut: Esou al ewéi den Akerbau 

Säitdeem d’Mënschheet Akerbau bedreift, gesäit se d’Planzen, déi um Feld wëll wuessen, als Konkurrenz fir d’ugebaute Kären. Wärend Joerdausende gouf Onkraut oder Bäikraut – wéi et och nach genannt gëtt – mat der Hand, mam Heel, dem Plou oder och duerch Kéi, Schof oder aner Déieren agedämmt. Wéi grëndlech dat ass, hänkt staark vum landwirtschaftleche Betrib of a wéi konsequent e schafft. An dat beaflosst dann och den Ertrag bei der Recolte. Well de Konkurrenzkampf op de Felder ass grouss. Wärend op engem Meterkaree vun engem Feld am Fréijoer ëmmerhin honnertdausend Somkäre vun enger jett ënnerschiddleche wëlle Planzen ëm Närstoffer, Waasser, Sonneliicht a Plaz konkurréieren, séint de Bauer just ronn 400 Somkären op där selwechter Fläch. 

Herbiziden, also syntheetesch Onkrautvernichtungsmëttelen, sollen an der konventioneller Landwirtschaft d’natierlech Ressourcë fir d’Kulturplanzen erkämpfen. Niewent der Aféierung vu mineraleschen Düngere konnten esou d’Recolten an de leschte Joerzéngte gesteigert ginn. Allerdéngs huet esou e massiven Agrëff an den Ekosystem säi Präis. D’Flora an der Kulturlandschaft veraarmt. Dat wierkt sech op d’Insekten aus, déi nees d’Narungsgrondlag vu Vigel sinn. D’Buedemfruchtbarkeet geet verluer. Deem probéiert d’ekologesch Landwirtschaft entgéintzewierken. Si verzicht op déi syntheetesch Mëttelen a besënnt sech op al Traditiounen. Mee och dat gëtt et net fir näischt. Ekologesch ugebaute Liewensmëttele brauche méi eng grouss Ubaufläch a si momentan och méi deier ewéi Liewensmëttelen, déi konventionell produzéiert ginn. Wann eng konventionell Landwirtschaft allerdéngs dozou bäidréit, dass d’Biodiversitéit ëmmer méi verluer geet, da kéint dat op d’Dauer nach méi deier ginn. Do notzen dann och déi beschten Düngemëttelen näischt méi. Ob d’Welt sech enges Daags trotzdeem komplett vun ekologesch produzéierte Liewensmëttelen erniere kann, doriwwer gëtt haut nach hefteg diskutéiert

Fuerschung a Berodung zum Theema zu Lëtzebuerg 

Den IBLA (Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrikultur Luxembourg a.s.b.l.) fuerscht, beréit, bilt aus a kommunizéiert iwwer Theemaen aus de Beräicher biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur. 

www.ibla.lu 

Zanter 2009 setzt sech d’Campagne „Ouni Pestiziden“ fir de Verzicht vu Pestiziden am staatlechen a kommunale Raum grad ewéi a private Stéit an an der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg an – zesumme mat Organisatiounen, ASBLen a staatlechen a private Partneren. 

www.ounipestiziden.lu  

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld 
Redaktioun: Michèle Weber (FNR), Marianne Kollmesch (Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l.)  
Iwwersetzung: Danièle di Cato (why vanilla?) 

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

SnT Partnership Day Bewährte Schnittstelle zwischen Forschung und Anwendung

Das SnT der Uni Luxemburg gehört inzwischen zu den weltweit bedeutendsten Forschungszentren für Software-Entwicklung. Ei...

SnT
Eng Welt ouni Offall Wat bréngt “Zero Waste“?

Duerch bewosste Konsum, schounenden Ëmgang mat Rohstoffer a virun allem Offallvermeidung wëll Zero Waste hëllefen, eis Ë...

FNR
Urbaner Metabolismus Die verborgenen Folgen des Ressourcen-Verbrauchs in Städten sichtbar machen

Die Auswirkungen auf Umwelt und Gesundheit, die das Leben in Städten mit sich bringt, machen sich meist ganz woanders be...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Upload Kéint een e Gehier op engem Computer späicheren?

Kéint ee reng theoretesch e Bewosstsinn transferéieren, andeems een d’Gehier scannt an op e Computer oder eng Cloud eropluet?

FNR
Lernen
Aen- oder Oueremënsch Ginn et ënnerschiddlech Léiertyppen?

Favoriséiert d’Gehier beim Léieren e bestëmmt Sënnesorgan a kann een dowéinst vun ënnerschiddleche Léiertyppe schwätzen?

FNR
Zecken
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entwéckelt Géigemëttelen.

FNR