RTL

Video vum PISA Summerchallenge 2019

Wéi hunn d'Mënsche virun 8000 Joer am haitege Lëtzebuerg gelieft? Wéi eng Spueren hu si eis iwwerliwwert? D'Pisa Team war op eng Rees an eis Vergaangenheet.

Den Olivier Catani an de Joseph Rodesch (Mr Science) hu fir de Pisa Summerchallenge 2019 dräi Deeg am Bësch gelieft a kruten en Abléck wéi d'Liewen an der Steenzäit kéint gewiescht sinn.

Zesumme mam Steenzäitberooder Hartmut Albrecht hu si entdeckt, wat een deemools alles huet misse kënne fir ze iwwerliewen, a mat wéi enge Materialien d'Steenzäitmënschen hu missen eens ginn.

D'Plaz déi si fir dëst Experiment gewielt hunn ass de Kalekapp bei Berdrëf, eng Fielsformatioun déi zu enger vun de Plaze gehéiert wou archeologesch Decouverten aus der Steenzäit gemaach goufen. Um Loschbour e puer Kilometer méi südlech sinn zwee extraordinär Skeletter fonnt ginn, ee Mann an eng Fra, déi virun 8000 respektiv 9000 Joer am haitege Mëllerdall begruewen si ginn. Beim Mann konnten nach quasi intakt DNA Spure fonnt ginn, déi den Archeologe vill iwwer d'Ausgesinn an d'Originne vun dëser Persoun verroden hunn.

Des Leit waren d'Inspiratioun fir de Pisa Summerchallenge 2019.

Am Naturmusée an am Geschichtsmusée an der Stad Lëtzebuerg kann ee méi iwwer dësen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht gewuer ginn.

Auteuren: Olivier Catani a Joseph Rodesch
Productioun: RTL
Merci'en: Fränk Adam, Hartmut Albrecht, Sandra Bofferding, Julieta Fernandez, Christophe Jacoby, Ingo Knopf, Tom Lahr (Lëtzebuerger Guiden a Scouten), Foni Lebrun(CNRA), Patrick Michaely (MNHN), Altti Nieminen, Daniel Stieber (LNS), Christophe Olinger (LNS), René Pfeiffer

Auch interessant

Klimawandel Wat mécht den CO2 op eiser Äerd?

Klimakiller an CO2-Steier - iwwer den CO2 gëtt vill geschwat. De Mr Science erkläert firwat e Gas, deen nëmme knapp 0.04...

FNR , RTL
Stroossebau Gëtt et de perfekte Stroossebelag ?

Grëffeg, resistent a roueg … Dëst sinn nëmme e puer vun den Eegenschaften déi e Stroossenbelag muss hunn. De Mr Science ...

FNR , RTL
Pisa Studie 2018 Das schiefe Bild von Pisa zurechtgerückt

In der Vergangenheit hat das schlechte Abschneiden bei der internationalen Vergleichsstudie in Luxemburg meist zunächst ...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR