En Ausschnëtt aus dem RTL Pisa Wëssensmagazin vum 29. November 2020.

De Kuelendioxid (CO2) ass e Gas dee bei der Zersetzung  oder der Verbrennung vun organeschem Material entsteet. Also z.B. der Verbrennung vun Holz oder der Zersetzung vu Liewensmëttel an eisem Daarm (deen CO2 otmen mir aus). Den CO2 ass en Deel vum sougenannte Kuelestoffkreeslaf: Vun de Planze gëtt en am Dag ageotemt an an der Planz zu Stäerkt respektiv Zocker ëmgewandelt. D’Blieder an d’Äscht vun enger Planz ginn also aus CO2 hiergestallt. Wa mir e Bam verbrennen oder wa mir Planzen iesse gëtt d’Stäerkt erëm an CO2 zeréck verwandelt. An da geet dat ganz erëm vu vir un.

Dëse Kreeslaf gëtt et schonn sou laang et Liewewiesen op der Äerd gëtt. Am Laf vu Millioune Jore gouf et awer och Algen a Planzen déi sech no hirer Liefzäit net zersat hunn oder gefriess gi sinn. Ënner Waasser z.B. zersetzen sech d‘Planzen nëmme ganz lues, a späicheren sou den CO2 iwwer méi laang Zäitraim. Iwwer Jormillioune konnten aus dëse Planze Kuel oder Äerdueleg entstoen, déi dunn an déiwe Buedemschichten agelagert gi sinn. Dëst ass de sougenannte fossille Kuelestoff (et ass net de CO2 dee gelagert gëtt mee just den C).

Source: https://wiki.bildungsserver.de/klimawandel/index.php/Datei:CO2_60Mio.jpg

Duerch dës ënnerierdesch Späicherung ass den CO2 an der Loft bannent de leschte 50 Millioune Joren och no an no erofgaangen. An de leschten 800‘000 Joer (als Unhaltspunkt: d’Mënsche ginn et zanter +/- 300‘000 Joer) ass den CO2 gehalt an der Loft relativ konstant bliwwen, bis virun eppes méi wéi 150 Joer...

Zanter dem Ufank vum Industriezäitalter exploitéieren d’Mënschen dës fossil Kuelestoffquellen, well dës beim Verbrennen eis déi Energie liwweren, déi mir brauche fir eis Maschinnen (z.B: Autoen ) unzedreiwen.  Dobäi gëtt de ganze Kuelestoff deen an der Äerd gespäichert ass rëm fräi, an dat an engem massiven Ausmooss.

Och wann et, relativ gesinn, zimmlech wéineg CO2 an eiser Loft gëtt (0,042 %), sou huet dësen awer en zimmlech groussen Afloss op eist Klima. Am Reportage gëtt gewise wéi den CO2 d’Hëtzt vun der Äerd zeréck behält a wat den CO2 an de Mierer alles bewierke kann.

An deene leschte Joren hunn sech scho vill Ännerungen un eisem Klima ugedeit, an domadder hunn scho vill Déieren a Planzen ze kämpfen. Dëst sinn Indikatiounen datt mir Mënschen et op der Äerd méi schwéier wäerte kréien...

An Zukunft ass et dofir enorm wichteg datt d’Mënsche léiere fir hir Energie aus aner sougenannten nohaltege Quellen ze huelen (Sonn, Wand, Waasser...), déi eist Klima net veränneren, fir datt mer nach laang op eiser Äerd aushalen.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Auch interessant

Stroossebau Gëtt et de perfekte Stroossebelag ?

Grëffeg, resistent a roueg … Dëst sinn nëmme e puer vun den Eegenschaften déi e Stroossenbelag muss hunn. De Mr Science ...

FNR , RTL
Pisa Studie 2018 Das schiefe Bild von Pisa zurechtgerückt

In der Vergangenheit hat das schlechte Abschneiden bei der internationalen Vergleichsstudie in Luxemburg meist zunächst ...

Best of 10 Joer Pisa Happy Birthday, Mr. Science!

En Zesummeschnëtt vun de stäerkste Momenter aus 10 Joer Mr Science am Pisa Wëssensmagazin, souwéi en Artikel dee fir de ...

FNR , RTL