FNR, RTL, Media4All

En Ausschnëtt aus dem "Pisa - de Wëssensmagazin" vum 25. Oktober 2020.

Kuckt iech emol de Stroossebelag méi genee un wann dir zu Fouss ënnerwee sidd. Dir wäert erstaunt sinn wéi verschidden dësen op verschiddene Plazen ass.

Am Stroossebau ass déi iewescht Schicht déi wichtegst, an doduerch gëtt och bei dëser am meeschten Opwand gedriwwe gëtt. Besteet dës Schicht just aus méi décke Steng vun enger eenzeger Gréisst, da gëtt de Belag relativ rau an och porös. Wann ee vill ënnerschiddlech Gréissten Steng vermëscht gëtt de Belag méi glat well déi kleng Steng d’Huelraim vun deenen méi décken Steng fëllen.

E glate Belag ass perfekt wann et dréchen ass a wann een eng Strooss huet wou Kanner oder Vëloen drop ënnerwee sinn. E raue Belag brauch een da wann een eng héisch Grëffegkeet muss hunn, z.B. a Sortien vun Autobunnen. E ganz poröse Belag evakuéiert d’Waasser gutt a mécht d’Strooss och méi roueg. Schonn eleng dës kuerz Opzielung weist datt et dee „perfekte“ Belag fir all Situatioun net gëtt.

Am Reportage gëtt ausserdeem gewisen wéi Aquaplaning entsteet, wéi d’Ofnotzung vun de Stroossen getest gëtt a firwat e Pneu op der Strooss iwwerhaapt Kaméidi mécht.

An dësem Video weist de Mr Science wéi eng Kraaft Waasser kann entwéckelen wann et fréiert. Wéi entstinn aus klenge Rëss grouss Lächer an der Strooss, a wat gëtt gemaach fir dëst ze verhënneren?

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: Media4all, RTL
Merci: Georges Blasen (Ponts&Chaussées)

Infobox

Pisa Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Auch interessant

Klimawandel Wat mécht den CO2 op eiser Äerd?

Klimakiller an CO2-Steier - iwwer den CO2 gëtt vill geschwat. De Mr Science erkläert firwat e Gas, deen nëmme knapp 0.04...

FNR , RTL
Pisa Studie 2018 Das schiefe Bild von Pisa zurechtgerückt

In der Vergangenheit hat das schlechte Abschneiden bei der internationalen Vergleichsstudie in Luxemburg meist zunächst ...

Best of 10 Joer Pisa Happy Birthday, Mr. Science!

En Zesummeschnëtt vun de stäerkste Momenter aus 10 Joer Mr Science am Pisa Wëssensmagazin, souwéi en Artikel dee fir de ...

FNR , RTL

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR