Shotshop

Science.lu huet Froen zum Thema Wëssenschaft un all d’lëtzebuerger Parteie geschéckt, déi an deene 4 Bezierker fir d’Walen 2018 kandidéieren. An eiser Série „Walen 2018 – Positioune vun de Parteien zur Wëssenschaft“ publizéiere mer d’Äntwerten vun de jeweilege Parteien déi geäntwert haten. Hei de geneeë Wuertlaut vun der éischter Fro:

Selon [le] dernier sondage représentatif réalisé début 2017 [par le Fonds National de la Recherche], 77% de la population estiment que le Luxembourg doit investir dans la recherche scientifique. De plus, le Luxembourg, en raison de sa taille (et donc de son incapacité à couvrir tous les domaines de sorte à avoir une masse critique partout), a fixé des domaines stratégiques de recherche. Quelle est la position de votre parti par rapport à la recherche scientifique en général et aux domaines prioritaires en particulier ?

 

Zur Bedeitung vun der Fuerschung

Allgemeng sinn d’Parteien der Meenung, dass wëssenschaftlech Fuerschung eng wichteg Roll an eiser heiteger Zäit spillt, souwuel fir d’Wirtschaft wéi och fir d’Gesellschaft an eis Ëmwelt.

Oder am Wuertlaut vun de Parteien:

déi Lénk sinn der Meenung, dass Fuerschung eng Schlësselroll spille kann, fir den ökologeschen an de wirtschaftleche Wandel am Land vierunzedreiwen.

Fir d‘ADR ass wëssenschaftlech Fuerschung eng Chance fir eis Wirtschaft, vläit souguer déi eenzeg mat Bléck op déi kleng Gréisst vun eisem lëtzebuerger Territoire. An ass der Meenung dass Fuerschung eng wichteg Roll spillt an der aktueller Diskussioun em de Wuesstum. Fuerschung kann eng Source fir Wuesstum sinn, déi dobäi déi vill Desavantage vum Développement vum Service-Secteur oder der industrieller Produktioun evitéiert. A kënnt zur Konklusioun: An enger Welt déi sech nei erfanne wëll an mat Hibléck op déi vill Erausfuerderungen déi den Développement durable mat sech bréngt, wärten d’Zukunftsléisungen forcément vun der Recherche kommen.

Fir d’DP da sinn Investitiounen an d’Fuerschung an Innovatioun net nëmmen e Schlëssel zu enger besserer ekonomescher Kompetitivitéit, mä och wesentlech fir déi gesellschaftlech Kohäsioun am Land ze stäerken. D’DP ënnersträicht dobäi, dass ënnert dem delegéierte Minister fir Fuerschung Marc Hansen déi finanziell Mëttel substantiell gehéicht goufen an sech d’DP an de leschte Jore staark gemaach hätt fir de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ze fërderen an am Ausland ze promouvéieren.

D’LSAP ënnerstëtzt jiddfer Fuerschungsstrategie, déi zur Entwécklung vu Wëssen, zum gesellschaftleche Fortschrëtt, zum Développement vu wirtschaftlecher Plus-Value  a schliesslech zum Développement vu Spëtzentechnologieë féiert.

An d’CSV seet, dass et fir sie eng politesch Prioritéit bleift, fir konsequent an d’Fuerschung an d’Recherche z’investéieren mat dem Ziel fir Lëtzebuerg als Exzellenzsite ze consolidéieren.

 

Zu de lëtzebuerger Fuerschungsprioritéiten

Wat d’Fuerschungsprioritéiten ugeet, sinn sech d’Parteien all eens, dass et wichteg ass fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg, fir net an all Domaine aktiv ze sinn – mat Ausnahm vun déi Lénk, déi der Meenung sinn, dass een duerch méi Kollaboratioune mat auslännesche Fuerschungsinstitutiounen/Unien kéint a méi Beräicher aktiv sinn. De Konsens bei deenen anere Parteien: Et wier einfach net méiglech fir an all Domaine eng kritesch Masse opgebaut ze kréien, fir op internationalem Niveau kënne matzehalen. Déi grouss Fro ass dann, op wéi eng Domainer Lëtzebuerg sech soll konzentréieren.

Aktuell sinn d’lëtzebuerger Fuerschungsprioritéiten des hei:

  • Biomedezin
  • ICT (Informatiouns  a Kommunikatiounstechnologien)
  • Materialwëssenschaften
  • Nohaltegkeet
  • Gesellschaftlech Erausfuerderungen (Méisproochegkeet, Aarbechtsmarché an der Groussregioun, Mobilitéit, Identitéit, Educatioun…)

Des Fuerschungsprioritéite goufen 2006/2007 an engem grousse sougenannte „Foresight“-Exercice vu Fuerscher, Politiker a Leit aus der Gesellschaft zesummen definéiert. Ma déi eenzel Institutiounen hunn awer nach emol zum Deel eege Prioritéiten. Sou huet d’Uni Lëtzebuerg z.B. nach e staarke Fokus op Droit, Ekonomie, Finanzen oder Mathé. 

Wat denken da lo d’Parteien iwwert déi eenzel Prioritéiten?

Fir déi gréng sinn d’Domainer „Societal Challenges“ a „Sustainable Resource Management in Luxembourg“ besonnesch wichteg, vrun allem am Kontext vun den technologeschen a gesellschaftlechen Transitiounen am Beräich vun der Energie an dem Transport wéi och am Kontext vun der demographescher Croissance zu Lëtzebuerg. Wat de Beräich Finanzen ugeet wéilten déi gréng e méi grousse Fokus op gréng an nohalteg Finanze leeën.

D’DP ass der Meenung dass de Schwéierpunkt an den nächste Jore sollt an den innovative Secteure leien, wéi an der Kreativwirtschaft, dem ICT, der FinTec an der Biomedezin – wëll Lëtzebuerg sech grad an deene Secteure schonns e Viersprong par rapport zum Ausland konnt erschaffen.

Fir d’CSV sollten d’Informatiounstechnologien, d’Kommunikatioun am Espace, d’Cybersecurity, d’Biomedezin, d’Educatioun an d’Finanzen déi Haaptberäicher bleiwen.

D’LSAP ass der Meenung dass déi bestehend Prioritéite sollte reévaluéiert ginn. Net fir déi al komplett op d’Kopp ze geheien, ma fir d’Prioritéiten z’affinéieren an/oder d’Unzuel u Prioritéiten ze erhéijen.

Den ADR betount dass et net realistesch wier, zevill Fuerschungsberäicher ze fuerderen oder eng Recherche déi total vu prakteschen oder wirtschaftleche Contrainte befreit ass. Ma ass awer der Meenung, dass de Prozess wéi des Prioritéiten opgestallt ginn, muss adaptatif, innovativ, flexibel, „répondant“, transparent a wëssenschaftlech sinn, an net zevill politesch. Wann dat de Fall ass, wier desen „Dirigisme dicté par la réalité luxembourgeoise“ fir sie akzeptabel. Par contre betount d’ADR dass sie un d’Fräiheet vum Fuerscher gleewen. Ma gläichzäiteg feststellen, dass Fuerschung duerch wuessend finanzell Besoinen a politesch à priorien verkümmert, z.B. am Beräich vun der Klimawandel-Fuerschung an der Presentatioune vun entspriechende Resultater. Sie gesinn op laang Dauer eng Gefor: „Sur la durée, l’orientation en amont de la recherche négligeant des hypothèses politiquement impopulaires ou peu confortables peut s’avérer dangereuse.“

Fir déi Lénk sollt Fuerschung, amplaatz en Optimiséierungs-Instrument am Intérêt vu puer Entreprisen ze sinn, un der Definitioun vun den Zukunftspolitike participéieren am collectiven Intérêt vun de lëtzebuerger Résident’en an der Région Transfrontalière. Déi Lénk bedaueren et dass d’Human- a Geeschteswëssenschaften déi leschte Plaatz anhuelen ënnert de Prioritéitsaxen zu Lëtzebuerg. D’Argument dass d’Uni Lëtzebuerg wéint sénger Gréisst a Mangel u Masse Critique net kéint an all Domaine aktiv sinn, halen sie veraalt a proposéieren eng besser transfrontalière Zesummenaarbecht. D’Uni Lëtzebuerg, am Zentrum vun Europa, sollt aus sénger geopgraphescher Situatioun an aus séngem Multilinguismus en Avantage schloen fir international Partenariater mat renomméierten europäeschen Unien anzegoen an da progressiv séng Etude-Offer an Associatioun mat deene Partnerunien erweideren.

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)

Déi vollstänneg Äntwerte vun alle Parteien déi beim Questionnaire matgemaach hunn fannt der hei:

Quelle est la position de votre parti par rapport à la recherche scientifique en général et aux domaines prioritaires en particulier ?

LSAP

Pour le LSAP, la recherche scientifique en général, que ce soit dans le domaine des sciences naturelles ou dans le domaine des sciences dites «humaines», constitue – en duo avec l’innovation – un élément essentiel pour le développement aussi bien de notre société que de notre économie. C’est la raison pour laquelle le LSAP soutient toute stratégie de recherche fondamentale ou appliquée cohérente qui contribue au développement du savoir, au progrès sociétal, à la création d’une plus-value économique ainsi qu’au développement de technologies de pointe.

Conscient des limites des ressources humaines et financières d’un petit pays comme le Luxembourg, le LSAP estime qu’une priorisation des domaines de recherche selon leur intérêt socio-économique pour la société luxembourgeoise, priorisation telle qu’elle a été réalisée dans le cadre de l’étude Foresight entre 2006 et 2007, est indispensable afin de garantir une recherche de qualité, compétitive au niveau international. Compte tenu de l’évolution de la recherche au Luxembourg pour le moins spectaculaire depuis la réalisation de cette étude, le LSAP plaide pour une réévaluation de cette première priorisation non pour remettre complètement en question les domaines prioritaires actuels, ni pour réduire les moyens mis à leur disposition, mais plutôt pour affiner voire augmenter, le cas échéant, le nombre des domaines prioritaires (notamment dans le domaine de la recherche biomédicale et clinique). __________

CSV

Investir de manière conséquente dans la recherche et l'innovation dans l'objectif de consolider le Luxembourg en tant que site d'excellence reste une politique prioritaire pour le CSV. Les technologies de l'information, le secteur de la communication et de l'espace, Ia cybersecurité, la biomédecine, l'éducation, tout comme le secteur des finances resteront des domaines de prédilection pour la recherche au Luxembourg.

DP

Fir d'DP sinn d'Investissementer an d'Fuerschung an an d'Innovatioun net nëmmen de Schlëssel zu enger besserer ekonomescher Kompetitivitéit, mä och wesentlech fir déi gesellschaftlech Kohäsioun am Land ze stäerken.

D’DP huet sech iwwer d'Joren ëmmer erëm dofir staark gemaach, fir de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ze fërderen an am Ausland ze promouvéieren. Ënnert dem delegéierte Minister fir Héichschoul a Fuerschung Marc Hansen sinn déi finanziell Mëttel substantiell gehéicht ginn. D'Regierung huet sech d'lescht Joer engagéiert fir bis d'Joer 2021 ronn 1,5 Milliarden Euros – dat sinn nach eng Kéier 205 Millioune méi – an den Héichschoul- a Fuerschungsberäich z'investéieren. Dëst ënnersträicht de Stellewäert vun der Fuerschung fir déi d'DP-gefouert Regierung.

An enger Welt déi ännert, däerf een net stoe bleiwen. Dofir wëll d'DP och an Zukunft dat enormt Potenzial vun eise Studenten a Fuerscher geziilt fërderen, fir sech den Erausfuerderunge vu muer ze stellen. An den nächste Jore soll de Schwéierpunkt an den innovative Secteure leien, ewéi der Kreativwirtschaft, dem ICT, der FinTec an an der Biomedezin. Et si grad dës Beräicher, an deene Lëtzebuerg sech scho konnt ee Virsprong géintiwwer dem Ausland erschaffen. D'DP wëll esouwuel de strukturelle Kader, ewéi och déi finanziell Mëttel bereet stellen, fir dee Virsprong an Zukunft weider auszebauen.

déi gréng

Nous partageons l’appréciation que la recherche luxembourgeoise est une mission très importante, mais qu’elle ne peut pas couvrir tous les domaines. Il est en effet important de définir des secteurs de recherche prioritaires, tel que ceux dans lesquels il existe déjà une bonne base de départ afin d’atteindre à la fois une masse critique et une excellence scientifique. Les domaines définis par le programme CORE du FNR répondent à ce critère. déi gréng estiment cependant que les domaines SC et SR (« Societal Challenges » et « Sustainable Resource Management in Luxembourg ») sont particulièrement importants, notamment dans le contexte des transitions technologiques et sociétales dans les domaines de l’énergie et du transport ainsi que dans le contexte de la croissance démographique au Luxembourg. Par ailleurs, nous sommes d’avis qu’il est temps de réévaluer l’axe de recherche dans le domaine de la finance, un domaine dans lequel nous voudrions voir encore un plus grand accent sur la finance verte et durable.

déi Lénk

déi Lénk estime que la recherche scientifique peut jouer un rôle clé pour engager les transitions écologique et économique du pays. Etant donnée la corrélation de ces deux transitions, la recherche devrait être davantage au service d’une stratégie d’exit de la place financière et, partant d’une alternative à la politique des niches fiscales qui crée et entretient l’injustice sociale tout en enrichissant des multinationales polluantes. Au lieu d’être un simple outil d’optimisation économique dans l’intérêt de quelques entreprises, la recherche doit participer à la définition des politiques d’avenir dans l’intérêt collectif des résident.e.s du Luxembourg et de sa région transfrontalière. déi Lénk regrette par ailleurs que les sciences humaines et sociales figurent en dernière place parmi les axes prioritaires de la recherche nationale. Quant à l’incapacité de l’université du Luxembourg à couvrir tous les domaines de recherche, l’argument de sa taille réduite et d’un manque de masse critique, nous semble quelque peu caduc. En effet, elle dépend d’abord d’un choix politique, puis d’une collaboration transfrontalière accrue avec les universités européennes. Au coeur de l’Europe, l’université de Luxembourg devrait faire de sa situation géographique et de son multilinguisme un avantage pour développer des partenariats internationaux avec des universités européennes de renommée et élargir progressivement son offre d’études en association avec ces universités partenaires.

ADR

L’ADR a toujours été favorable à la recherche scientifique comme le prouve la place accordée à la recherche dans nos programmes respectifs. Nous y voyons une chance pour notre économie, la seule peut-être vu l’exigüité de notre territoire. La recherche scientifique est source de plus-values économiques. Elle prend tout son intérêt dans la discussion actuelle concernant la croissance effrénée de notre pays. Typiquement la recherche peut être une source de croissance, évitant les nombreux désavantages liés au développement des secteurs services ou de la production industrielle. Enfin, dans un monde qui essaye de se réinventer et face aux nombreux défis que comporte un développement durable, les solutions d’avenir viendront forcément de la recherche et de ses applications.

Concernant les domaines prioritaires de la recherche au Luxembourg, notre parti est assez réaliste pour ne pas exiger la multiplication d’axes de recherche ou une recherche entièrement libérée de contraintes pratiques et économiques. Tant que le processus d’établissement de domaines prioritaires est assez répondant, adaptatif, innovant, flexible, transparent et scientifique plutôt que politique, ce dirigisme dicté par la réalité luxembourgeoise et par le manque de « masse critique » nous paraît acceptable.

L’ADR continue cependant à croire en la liberté de la recherche et du chercheur. Nous constatons un appauvrissement certain de la recherche dû aux besoins financiers croissants et à des a priori et orientations politiques, par exemple dans la recherche des changements climatiques et la présentation des résultats y afférents. Tout dirigisme comporte des dangers. Sur la durée, l’orientation en amont de la recherche négligeant des hypothèses politiquement impopulaires ou peu confortables peut s’avérer dangereuse.

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – März 2024

Was sagt die Wissenschaft über "hypoallergene" Tiere? Wie groß war der größte jurassische Skorpion? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Januar / Februar 2024

Wie hat sich die Tradition des Buergbrennen entwickelt? Gibt es einen Zusammenhang zwischen Allergien und Gehirnkrebs? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg - Dezember 2023

Eine Methode zur Vorhersage von Flutkatastrophen; ein unbekannter Regenwurm; ein Protein, das unsere Gene schützt: Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

FNR Awards 2023 Preise für herausragende Forschung, Mentoring und Wissenschaftskommunikation in Luxemburg

Entdecke die Gewinner und die Shortlist der diesjährigen FNR Awards, die im Oktober verliehen wurden.