Wind in Stadt

Adobe Stock

En ass iwwerall an trotzdeem denke mer kaum un en - de Wand.

Dat läit un zwee Effekter. Deen éischten huet mat Beton, Makadamm a Stol ze dinn. Déi huelen d'Hëtzt vun der Sonn op a wiermen de Groussstad-Dschungel. Well waarm Loft no uewe klëmmt, muss dofir neier nokommen. Déi kënnt vum Land, wou gréng Wisen a Bëscher d'Buedemtemperatur an der Gitt an d'Loft méi kill halen. Des Loft beweegt sech a Richtung Stad an dee Loftstroum spiere mir als Wand.

A firwat päift de Wand an héije Stroosseschluchte besonnesch staark?

Hei kënnt en zweeten Effekt an d'Spill, bei deem déi laang Stroosseschluchte selwer eng wichteg Roll spillen. Well déi stinn - graff gesinn - dem Wand am Wee. D'Loftmasse mussen sech tëschent hinnen duerchquëtschen a ginn dobäi acceleréiert. Änlech wéi bei enger Düs. Dofir nenne Geowëssenschaftler dëse Phänomen och Düseneffekt, deen een iwwregens och nuets an enken Däll huet.

Natierlech si Stroosseschluchten net esou gläichméisseg geformt wéi eng Düs aus Edelstol. Op enger Plaz kuckt e Gebai ervir, op enger anerer kräizen sech zwou Stroossen oder et ass e Virdaach um Gebai. Duerch des Onregelméissegkeete fänkt d'Loft u mat danzen, si dréit Pirouetten a verwirbelt sech. Mir spieren dat op esou Plazen als besonnesch hefteg Wandstéiss.

A wat kann een dogéint ënnerhuelen?

Moderne Stroosseplanung huet och de Wand am Bléck. Computersimulatioune weisen, wou et besonnesch zitt an da ginn d'Bebauungspläng deementspriechend ugepasst. An a Stroossen, déi schonn existéieren, kann d'Situatioun duerch geschéckt placéiert Beem oder Maueren entschäerft an de Wand esou gezësst ginn. Sou ka Fuerschung also och dozou baidroen, eisen Alldag méi agreabel ze maachen. Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend!

Wat ass Wand iwwerhaapt, wéi entsteet en a wéi kënne mer Wandenergie notzen? Méi doriwwer an den Infoboxen hei ënnendrënner oder och an dësem Artikel:

Infobox

Wat ass Wand?

En ass iwwerall an trotzdeem denke mer kaum un en - de Wand. Mee wa mer en eis mol méi genee ukucken, gesi mer séier datt e méi ka wéi just Hoer zerzauselen a Beem erausrappen.

Am Prinzip ass Wand näischt aneschtes wéi Loftmassen a Beweegung. Bei dëser éischter banaler Erklärung gesäit een awer schonn, datt am Wand immens vill Energie stécht. Well och wann de Physiksunterrecht schonn eng Zäitchen hier ass - de Begrëff kinetesch Energie huet ee villäicht scho mol héieren. Bei dëser Beweegungsenergie spille Mass a Vitesse vun der beweegter Matière eng wichteg Roll (Vitess souguer um Carré). Wand ass also puer Energie.

Wéi entsteet Wand?

Wann ee lo mol lokal Particularitéiten ewech léisst, halen zwee grouss "Moteuren" d'Loftmassen a Beweegung. Dat eent ass d'Sonn. Hier Stralen wiermen d'Äerd - awer eben net iwwerall gläichméisseg. Dës Temperaturënnerscheeder féieren zu Ënnerscheeder am Loftdrock an déi versetze Gaser an eiser Atmosphär a Beweegung. Well d'Natur well ëmmer am Gläichgewiicht sinn – och beim Loftdrock. Sou stréime permanent d'Gaser vu Gebidder mat héijem Loftdrock, dem "Héich", zu Gebidder mat niddregem Loftdrock, dem "Déif". De Wand ass dobäi ëmsou staark, wat den Drockënnerscheed méi grouss ass. Dat geet vun absolut kengem Wand wou kee Blat um Bam wibbelt bis hin zum Orkan, dee schwéier Schied verursaache kann. Awer och d'Äerd selwer bedeelegt sech um Wand. D'Rotatioun vun der Äerd suergt dobäi fir d'Coriolis-Kraaft, an déi ass responsabel fir riseg Loftwirbelen an der Atmosphär.

Wéi kënne mer Wandenergie notzen? 

Well d'Sonn wuel nach eng ganz Zäitche schéngt an d'Äerd sech och weider dréint, ass Wandenergie am mënschleche Moossstaf wuel endlos. Wéi een se notze kéint, wousste schonn eis Vireltere viru villen dausend Joren. Si hunn de Wand an hir Stoffseegele blose gelooss an sech esou iwwert d'Mierer droe gelooss. An si hu Wandmille verschidden Aarbechten erleedege gelooss. Mat Käremillen hu si Miel produzéiert, mat Uelegmille Ueleger, mat Seemillen Dunnen a Brieder; a Pompelmillen hu Lännereien dréche geluecht oder Salzwaasser aus der Déift a Saline gefërdert.

De Prinzip dohanner ass immens einfach. Grouss Flilleken oder Rotoren si mat enger Dréiachs verbonnen a kënnen iwwert ee Mechanismus an de Wand gehale ginn. D'Loft déi ustréimt setzt d'Flilleken a Beweegung. D'Dréibeweegung gëtt dann erëm vun der Achs ofgegraff a benotzt fir déi jeeweileg Maschinnen un d'Goen ze kréien.

Modern Wandkraaftwierker funktionéieren no demselwechte Prinzip. Hir Rotorforme goufe just no den neisten Erkenntnisser vun de Aerodynamik optiméiert. An um Wupp vun der Mechanik sëtzt natierlech kee Millesteen, mee ee Generator. Dee wandelt d'kinetesch Energie vun der Dréibeweegung an elektresch Energie em.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Vogelzug Boten des Frühlings: Kraniche ziehen über Luxemburg

Hast du ihn gesehen: den Vogelzug am Wochenende? Wo kommen die Vögel her und wo fliegen sie hin? Vogelexperte Patric Lor...

Wind turbine construction Workshop at LtEtt with students from the University of Luxembourg

With a group of students from the University of Luxembourg, we built a small wind turbine – Do-It-Yourself style as a h...

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR