Brainplug

WIEN ASS DE KARIM?

  • Numm: Karim Pereira
  • Alter:
  • Lycée: Aline Mayrisch
  • Hobbyen: Muay Thai (Thai-Boxen), Piano, Physik
  • Stäerkten: Kreativitéit, Perfektionismus an Hannerfroen
  • Liblingsfach: Physik
  • Motto: D'Theorie ass näischt ouni Praxis.

 

Wärend dem Interview ass de Karim um Wee fir op de Bus. Mir ënnerhalen a gesinn eis iwwer eis Ecranen. Seng Kamera filmt hien an engem Labyrinth vu Gäng. Hie béit no riets of, dann no lénks, geet eng Trap erof, wiesselt d’Gebai: Wärend dem ganzen Interview beweegt hie sech, ouni och nëmmen eng Kéier méi lues ze goen oder de Fuedem ze verléieren. Eng passend Illustratioun vu senge Fäegkeeten.

De Karim war fir d’éischt am Modulaire an ass dunn an de Lycée technique gewiesselt. Elo ass hien am Lycée classique a wëll op C (Naturwëssenschaften) goen. Hie spillt Piano a mécht Muay Thai (Thai-Boxen). A well dat alles nach net genuch ass, huet hien och nach bei Take Off matgemaach an een Challenge no deem anere gewonnen, bis hien ee vun deene leschte Kandidate war.

 

Wat hues du geduecht, wou s du dech bei Take Off ugemellt hues?

„Ech war zimmlech hin- an hiergerappt. Op där enger Säit hunn ech net dru gegleeft, dass et klappe kéint an dass ech esou wäit kommen. Mee eng kleng Stëmm sot mer, dass ech et awer probéiere sollt, well et weess een ni, wat derbäi erauskënnt. Meng Fantasie ass mat mer duerchgaangen an ech hu mech gesinn, wéi ech am Casting erausgesicht ginn, weiderkommen an da gewannen ... A Wierklechkeet war ech selwer iwwerrascht, well ech esou wäit komm sinn.“

 

Bass du de gebuerene Basteler?

„Ech schaffe gär mat Feier. Ech bastelen an experimentéiere gär. Als Kand hunn ech eng Plasmakugel an d’Mikrowell gestach ...“

Eng Plasmakugel ass eng gliese Kugel, déi mat engem ioniséierte Gas gefëllt ass. Vereinfacht gesot: Duerch eng elektresch Entluedung ginn d’Gasatomer op eng héich Temperatur erhëtzt, déi dann e siichtbare Liichtspektrum aussenden. Wou de Karim mäi Kreesch héiert, well ech mech esou erféiert hunn, laacht hien an erkläert: „Et ass näischt geschitt, mee ech mengen, dass ech schonn deemools e Wëssenschaftler war.“

De Karim huet sech net wierklech op d’Challengë vun der Sendung virbereet. „Ech hat keng Anung, wat op mech duerkéim. All Challenge war eng total Iwwerraschung.“

Wéi enge vun denge Stäerkten ass et ze verdanken, dass du bei Take Off weiderkomm bass?

„Ech si relativ kreativ a mäi Liewen ass e puer Mol zimmlech ongewéinlech verlaf. Dës Ëmweeër hu mer warscheinlech gehollef, bei der Castingshow esou wäit ze kommen, well ech en éischter ongewéinleche Kandidat war, mee et ass net mäin ontypesche schoulesche Parcours, dee mir bei Take Off gehollef huet. Et war éischter meng Kreativitéit.“

De Karim huet kee wëssenschaftleche Background, mee d’Leit a senger Famill hunn eppes gemeinsam: „Se schaffe vill. Meng Tatta, meng Mamm ... Se schaffen immens vill a mengen dauernd, se missten alles nach besser maachen, an dat huet mech gepräägt. Mir sinn immens perfektionistesch.“

Op d’Fro no senger wäertvollster Fäegkeet äntwert de Karim ganz bescheiden: „Dass ech weess, mech ëmmer nees selwer a Fro ze stellen, huet immens gehollef. Ech hu meng Schwächte gesinn an doraus geléiert. Ech maache villes falsch a wou ech gemierkt hunn, dass ech mer selwer d’Liewe schwéier maachen, hunn ech mäi Verhale geännert.“

Kreativ, perfektionistesch a kritesch: De Karim ass d’Schwäizer Messer vun der Sendung.

Wat war däi Liblingschallenge a wat hues du draus geléiert?

„An enger Folleg konnt ech engem vun de Kandidaten hëllefen, ouni direkt eppes domat ze dinn ze hunn, an dat war super (NDLR: Mir halen d’Detailer vun dëser Äntwert fir eis, fir net ze vill ze verroden!). Well ee jo muss eng Léisung fannen, hunn ech ugefaangen ze bastelen, wéi ech et fir richteg fonnt hunn. Ech konnt meng theoreetesch Iddi an d’Praxis ëmsetzen an et ass dës Mëschung, déi mir bei Take Off am beschte gefält: vun der Theorie an d’Praxis. Ier ech matgemaach hunn, hunn ech mech just op den theoreeteschen Deel vun der Wëssenschaft konzentréiert. Dank der Sendung hunn ech geléiert, och d’praktesch Ëmsetzung ze appreciéieren, an dat ass mega.“

„D’Teamaarbecht war e weideren Challenge wärend der ganzer Sendung. Et fält mer heiansdo schwéier, an der Ekipp ze schaffen, virun allem an der Schoul. Mee grad dat huet mech bei Take Off gerett. Ech hu vill geléiert. An enger Ekipp ergänze sech d’Iddien heiansdo. Et kann een zesummen iwwerleeën an dat ass vu Virdeel. Op där anerer Säit kann dat och e ganz groussen Nodeel sinn – wann zwou Persoune probéieren, just hir Iddien duerchzesetzen, an d’Kommunikatioun net funktionéiert. De Fait, dass mir eis virdrun net kannt hunn, huet gehollef, well d’Kommunikatioun méi neutral a manner emotional war wéi bei Frënn, déi sech gutt kennen.“

 

Wéi gees du mat Stress ëm?

„Ech froe mech, ob Stress sech iwwerhaapt lount. Ech ginn a mech a waarden, bis d’Situatioun sech nees berouegt huet.“

Apropos Stress: Has du Angscht virun de Kameraen?

„Nee, guer net. Ech liben et. Wann et no mir géif goen, da géif ech permanent gefilmt ginn. D’Opmierksamkeet vum Publikum ass e richtegen Ansporn.“

Effektiv war de Karim virun der Kamera extreem entspaant!

 

Wat war dee beschte Moment fir dech?

„D’Waarde virun engem Challenge. D’Kandidate ware gläichzäiteg ugespaant an euphoresch. D’Stëmmung war gutt. Mir hu Witzer gemaach iwwer eis Rivalitéiten, eis Frëndschaften an den nächsten Challenge. Mir woussten, dass mir wäerte gefilmt ginn an dass et grousse Kino ass, mee kee vun eis wousst, wat eis wierklech erwaart. An dëse Situatiounen hu mir immens vill gelaacht.“

 

Wéi e Rot géifs du deene ginn, déi bei der nächster Staffel vun Take Off matmaache wëllen?

„Ech fannen net, dass ech an enger Positioun sinn, fir engem Rotschléi ze ginn: Wat fir mech gutt ass, ass vläicht fir en aneren net gutt. Mee et ass e Versuch wäert. Am schlëmmste Fall flitt ee raus. Am beschte Fall ass et eng immens Beräicherung. Well et léiert ee vill, an esou vill nei Leit kennen ze léieren ass zimmlech cool ... Et ass wierklech eng eemoleg Erfarung.“

A virun allem: „Et muss een u sech selwer gleewen!“

 

Wat sinn deng Hobbyen?

A senger Fräizäit mécht de Karim gär Online-Recherchen iwwer wëssenschaftlech Theemaen, déi hien interesséieren. Hie spillt vill Piano a mécht och Muay Thai (Thai-Boxen).

„Ech liben d’Boxen, mee ech passen awer op, well ech si mer de Risike bewosst. Ech probéieren, keng Schléi op de Kapp ze kréien – well, wann ech wëll Physik studéieren, da wäert ech mäi Gehier nach brauchen!“

Weess du schonn, wéi e Beruff s du emol maache wëlls?

„Ech wëll Kosmologie oder Quantephysik studéieren, vläicht um CERN (Schwäiz) oder an Holland, well ech si faszinéiert vum Weltall an de schwaarze Lächer.“

De Karim huet keng Angscht virun der Mathé, déi ee fir d’Physik brauch. An dësem Fach, dat hien intuitiv versteet, ass hie ganz a sengem Element.

Auteur : Diane Bertel

Editrice : Lucie Zeches (FNR)

Auch in dieser Rubrik

PORTRAIT OF CANDIDATES - SEASON 1 Interview with Take Off finalist Polina Kavunenko

Despite her young age, Polina showed steely determination throughout the show, never ceasing to impress the audience with her resourcefulness. Find out more about her in our exclusive interview!

FNR, ALF
Luxemburgisches Buch zur Wissenschaftskommunikation Wissenschaft kommunizieren: nur wie?

In Zeiten von Fake News, Corona, Social Media-Blasen: Wie, was und weshalb sollte Wissenschaft kommunizieren? Ein luxemburgisches Buch liefert Einblick in die Welt der Wissenschaftskommunikation.

KANDIDATEN-PORTRAIT STAFFEL 1 Take Off Kandidat Jamie Ley im Interview

Jamie glaubt an sich, an seinen Kampfgeist und an seine Motivation. Jedoch glaubt er vor allem daran, dass man als Team am meisten erreicht. Jamie Ley, Finalist bei Take Off, im Interview.

FNR, ALF