WIEN ASS DEN ALEX?

  • Numm: Alex Tomé
  • Alter: 21
  • Lycée: Lycée classique d’Echternach
  • Hobbyen: Fussball (Mëttelfeld, drëtt Divisioun), Sozialliewen
  • Superkräften: Rou an den Iwwerbléck behalen
  • Motto: Keep calm and stay focused.

 

Den Alex ass en autodidaktesche Wëssenschaftler: A senger Famill ass de wëssenschaftleche Geescht net wierklech Theema. Hie spillt vill Fussball, säi Club ass an der drëtter Divisioun. Do derniewent bastelt a kniwwelt hie gär a probéiert nei Saachen aus, ouni sech allze vill stressen ze loossen.

 

Wéi koum et, dass du bei Take Off matgemaach hues?

„Ech hunn d’Annonce bei RTL gesinn, mee ech hätt mech ni getraut, mech eleng unzemellen. E Kolleeg huet mech motivéiert, et ze maachen. Ech war immens iwwerrascht, wou ech héieren hunn, dass ech geholl gouf. Virun allem, well ech net grad dee wëssenschaftlechste Mënsch op dësem Planéit sinn!“

 

Am Lycée waars du am General. Hues du geduecht, dass du dowéinst villäicht en Nodeel géintiwwer de Schüler aus dem Classique häss?

„Effektiv hunn ech net geduecht, dass ech esou wäit géif kommen. An der Schoul sinn ech keng Lumière an de Sciencen. Meng Stäerkte si Sproochen an Handwierk, manuellt Gekniwwels. Ech sinn en autodidaktesche Wëssenschaftler. Mee bei Take Off huet jiddereen eng Chance, egal vu wéi enger Schoul e kënnt. D’Challenges si gréisstendeels duerch Logik a Bastele léisbar an et muss een net onbedéngt vill Kenntnisser an der Chimie oder der Physik hunn. Well d’Ekippen aus véier Kandidate bestinn, gouf et ëmmer een, deen eng gutt Iddi hat. Jiddwereen huet eng speziell Kompetenz, en Avantage, dee vläicht nëtzlech ass – Wëssen, Sprooch, Geschécklechkeet, Schnellegkeet … Obwuel mer eis net kannt hunn, konnte mir heivu profitéieren.“

Den Alex war an der rouder Ekipp. Se hunn am längsten duergehalen, ouni e Kandidat ze verléieren a goufen dowéinst vun deenen aneren Ekippe gefaart.

Wéi bass du mam Stress an der Emissioun ëmgaangen?

„Ech si vun Natur aus immens roueg. Dat hëlleft, fir kloer ze denken. Ech wollt net iwwer d’Zäit nodenken, well et mécht extreemen Drock, wann ee sech dorop konzentréiert a sech dauernd seet, dass ee just eng Véierel- oder eng hallef Stonn Zäit huet. Wann een net driwwer nodenkt, da kann ee sech op seng Aarbecht konzentréieren. Op dat, wat virun engem läit. Ech hu mech wärend der Sendung just seele gestresst gefillt.“

Wéi léiert een dat? „Ech hunn dat beim Fussball geléiert: Ech spillen am Mëttelfeld. Ech sinn deen, dee kucke muss, wou d’Spiller sinn, ech muss d’Ëmfeld verstoen a wëssen, wou de Ball himuss, a mer eng Strategie iwwerleeën. Fir dës Roll muss ee roueg bleiwen. Momentan spille mer an der drëtter Divisioun, mee ech muss eng Paus maachen, well ech mer um Knéi wéigedoen hunn.“

 

A virun der Kamera?

„Den éischten Dag war et net ganz einfach. Virun der Kamera ze stoen ass näischt Natierleches fir mech, mee ech hunn et zimmlech witzeg fonnt (heiansdo gesäit ee mech grinsen, well et sou eng komesch Situatioun ass). Mee esoubal d’Challenges ugefaang hunn, hunn ech iwwerhaapt net méi dru geduecht an alles ronderëm vergiess a mech just op d’Aufgab konzentréiert. Ech war esou drop konzentréiert, dass ech mol net dem Lucie oder dem Joseph seng Rotschléi fir d’Kandidaten héieren hunn. Esoubal ech ufänken nozedenken, kann ech dat ronderëm gutt ausschalten.“

 

Wat géifs du engem soen, dee bei der nächster Staffel vun Take Off matmaache wëll (d'Inscriptioune sinn op)?

„Net zécken an et probéieren. Einfach, well et cool ass, et ze probéieren an eppes Neies ze gesinn. Wann een Angscht huet, kann ee sech jo mat engem Kolleeg zesummen umellen, fir sech géigesäiteg Courage ze maachen. Esou hunn ech et och gemaach. Net jiddwereen huet d’Chance, bei engem Casting matzemaachen. Scho guer net zu Lëtzebuerg! Ech hu vill geléiert – esouwuel mënschlech ewéi och wëssenschaftlech.

An der Sendung kanns de immens interessant Leit kenne léieren, richteg Kolleege fannen an och mat coole Leit ewéi dem Joseph (Mr. Science) schwätzen, deen normal an oppe bliwwen ass, obwuel en esou bekannt ass.“

Wann dir iech bei Take Off umelle wëllt, da klickt op dëse Link !

Wat waren deng Liblingschallenges a firwat?

„Alles mat den Hänn. Ech hunn net wierklech e Liblingschallenge. Ech hunn alles cool fonnt, wat ech mat den Hänn maache konnt. Heiansdo hat ech keng esou eng gutt Iddi, mee well mer zesummegeschafft hunn, als Ekipp, konnt ech weider iwwerleeën a munches optimal ëmsetzen – an dat huet mer immens vill Spaass gemaach. E gutt Beispill ass den Challenge mam Mikroskop (NDLR: Folleg 5, „Biologie“): Fir d’éischt hu mer ee gebastelt, deen net funktionéiert huet. Wou mir dat Ganzt dunn awer anescht ugepaakt hunn, konnte mer de Problem léisen. Dat ware mega Momenter: wann een op eemol eng Léisung fënnt, well mir eis Iddien zesummegeluecht hunn.“

 

A wéi eng Challenges waren am schwieregsten?

„Alles, wat mat Chimie ze dinn huet. Ech hu wierklech keng Anung ...“

Den Alex war net deen Eenzegen!

 

Wat hues du aus der Sendung geléiert?

„Et muss ee sech d’Iddie vun deenen aneren unhéieren a léieren, Gedold ze hunn. Ech wier ni esou wäit komm, wann ech dauernd just meng Iddien hätt wéilten duerchboxen. Et muss een akzeptéieren, dass deenen aneren hir heiansdo besser sinn an dass et am beschten ass, wann ee se all matenee kombinéiert.“

D’Iddi vum Kollektiv ass esouwuel an der Konscht ewéi och an der Wëssenschaft déi bescht Approche.

Wat waren deng Liblingsmomenter?

„Hannert de Kulisse war et super. D’Stëmmung an der Ekipp war mega. Natierlech wollte mer all gewannen, mee mir sinn awer all gutt eens ginn – och mat deenen aneren Ekippen. No all Challenge hu mir eis géigesäiteg op d’Schëllere geklappt an eis selwer fir eis gutt Iddie gelueft.“

 

Weess du schonn, wéi e Beruff s du emol maache wëlls?

„Ech denken, dass ech an d’Wirtschaft ginn oder Compta maachen. D’Sciencë si cool, mee ech wëll dat net berufflech maachen ...“

 

Autorin: Diane Bertel

Editrice: Lucie Zeches (FNR)
Traductrice: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Auch in dieser Rubrik

PORTRAIT OF CANDIDATES - SEASON 1 Interview with Take Off finalist Polina Kavunenko

Despite her young age, Polina showed steely determination throughout the show, never ceasing to impress the audience with her resourcefulness. Find out more about her in our exclusive interview!

FNR, ALF
Luxemburgisches Buch zur Wissenschaftskommunikation Wissenschaft kommunizieren: nur wie?

In Zeiten von Fake News, Corona, Social Media-Blasen: Wie, was und weshalb sollte Wissenschaft kommunizieren? Ein luxemburgisches Buch liefert Einblick in die Welt der Wissenschaftskommunikation.

KANDIDATEN-PORTRAIT STAFFEL 1 Take Off Kandidat Jamie Ley im Interview

Jamie glaubt an sich, an seinen Kampfgeist und an seine Motivation. Jedoch glaubt er vor allem daran, dass man als Team am meisten erreicht. Jamie Ley, Finalist bei Take Off, im Interview.

FNR, ALF