(C) FNR/Sophie Steinmetz

Rentéiert sech Fuerschung iwwerhaapt? Bei däer Fro denkt ee vrun allem drun, ob sech Fuerschung wirtschaftlech rentéiert – also ob Fuerschung d’Ekonomie beliewt, ob duerch Fuerschung Geld an d’Land fléisst. Ma vill Fuerscher sinn sech eens: den Impakt vun der Fuerschung ass net nëmmen en ekonomeschen. Nach méi wichteg wier de gesellschaftlechen Impakt vun der Fuerschung.

An dorëms dréit dann och d'Emissioun café scientifique, déi um Radio 100,7 diffuséiert gouf. Hei de Link zur Emissioun fir nozelauschteren: http://www.100komma7.lu/files/1/4/249019_cafe-scientifique.mp3. Eng méi kuerz Versioun dann hei drënner am Artikel op science.lu.

D’Gesellschaft stellt der Fuerschung d’Moyenen an déi néideg akademesch Fräiheet zur Verfügung. Ass d’Fuerschung der Gesellschaft dofir eppes schëlleg? Wat kann sie iwwerhaapt zréckginn?

De Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, kuerz FNR, mengt dass d‘Fuerschung hieren Déngscht leescht beim Opbau vun eiser Wëssensgesellschaft, an et wier dowéint och wichteg dass mer zu Lëtzebuerg eege Fuerschung bedreiwen.

E besonnesch wichtege Fuerschungsakteur am Kader vun der Wëssensgesellschaft wier d’Uni, mengt de Ludwig Neyses, Vizerekteur fir Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg, wëll hei d’Studenten ausgebild ginn. Ma et kéint een sech lo froen, firwat mer net wéi fréier op d’Unien am Ausland zréckgräife, fir eis Studenten auszebilden? Dem Ludwig Neyses no ginn et 3 Grënn firwat et sech ausbezuelt, eng eegen Uni ze hunn: Éischtens dréiht eng Uni derzou bäi, déi beschte Käpp an d'Land ze bréngen, déi ëmmer méi wichteg ginn fir eis Gesellschaft no fir ze bréngen. Zweetens fuerscht nëmmen eng eegen Uni u Problemer, déi fir d'lëtzebuerger Gesellschaft relevant sinn. Eng auslännesch Uni ass kaum un de spezifesche Problemer vu Lëtzebuerg interesséiert. An drëttens géif sech dat och finanziell lounen. Doduerch dass d’Studenten hei wieren an net am Ausland, géifen se och hei Geld ausginn. Dobäi kommen d’Aarbechtsplaatzen déi geschaf ginn an d’Steieren déi di Ugestellte bezuelen.

Gutt Käpp, déi u Léisungsusätz fir spezifesch lëtzebuerger Problemer schaffen

Fir manner Geld wéi dachs ugeholl bréngt eng Uni dem Land also e besonnesche Gewënn: gutt Käpp, déi u Léisungsusätz fir spezifesch national Problemer schaffen. Mat deenen Elementer déi de Ludwig Neyses ugeschwat huet, hätte mer dann och schonns de Kader gesat: de gesellschaftlechen Impakt vun der Fuerschung weist sech doduerch, dass déi bescht Käpp mat spezifesche Kompetenzen u Problemer fuerschen, déi fir d’Gesellschaft relevant sinn. Vieraussetzung dofir: dass d’Fuerscher an déi gesellschaftlech Akteuren am géigesäitegen Austausch stinn, duerch Kommunikatioun a Kollaboratioun.

Wat bréngen eiser Gesellschaft gutt Käpp?

Sie sinn u sech de Käer vun enger Wëssensgesellschaft. En interessante Fuerschungssystem dréiht dozou bäi, gutt Käpp op Lëtzebuerg ze kréien. A gutt Käpp sinn och nees néideg fir gutt Fuerschung, déi dann nees hieren Deel zur Wëssensgesellschaft bäidroe kann, seet de Marc Schiltz. Den FNR huet dowéint och Programmer fir souwuel jonk villverspriechend Fuerscher wéi och international renomméiert Fuerscher op Lëtzebuerg ze bréngen.

En international renomméierte Fuerscher ass z.B. de Professor Rudi Balling, Direkter vum LCSB, dem Luxembourg Center for Systems Biomedecine vun der Uni Lëtzebuerg. Séng Fuerschung ass no un de Leit an hie freet sech iwwert de Retour aus der Gesellschaft, wann hien z.B. mat der Associatioun vun de Parkinson-Patienten zesumme schafft. Ma doderniewt huet sou e Fuerschungszentrum och nach e ganz anere gesellschaftlechen Notzen. Nämlech deen, dass hei Leit mat spezielle Kompetenzen ausgebild ginn, wëll eng Wëssensgeselschaft op gutt a qualifizéiert Leit opbaut. Sou e Fuerschungszenter bild also Leit mat villsäiteg asetzbare spezifesche Kompetenzen aus, déi och op wirtschaftlechem Plang vun engem Land gebraucht ginn.

En anert Beispill wou an engem Fuerschungsinstitut Leit mat spezielle Kompetenzen ausgebild ginn: Am SnT, dem Zenter fir Security, Reliability and Trust, cooperéiere vill Fuerscher enk mat Firmen, am Kader vun hierer Fuerschung. Vill vun deene Fuerscher ginn no e puer Joer an d’Privatindustrie a wenden do hier innovativ Kompetenzen un. Ma och wann sie net riwwer wiesselen, hëllefe Fuerscher aus ëffentlechen Institutiounen, Firmen hei zu Lëtzebuerg derbäi méi kompetitiv duerch Innovatioun ze sinn – a soumatt indirekt Aarbechtsplaatzen ze secheren oder ze schafen.

Bleiwen an däer Kompetitioun d'Lëtzebuerger op der Streck?

Ma eng Fro déi sech opdrängt: Wa sou vill Top Fuerscher op Lëtzebuerg kommen, huet dat dann net den negativen Effekt, dass d’Lëtzebuerger op der Streck bleiwen? De Björn Ottersten, Direkter vum SnT, gesäit dat anescht. Hien huet an der lescht super lëtzebuerger Fuerscher verluer, déi sech beim Staat gemellt hunn. Hie géif et begréissen wann dee Flux géif an déi aner Richtung goen. Hie gesäit vrun allem déi vill Méiglechkeeten, déi et mëttlerweil gëtt, och fir lëtzebuerger Fuerscher. Fréier huet e gudde lëtzebuerger Fuerscher quasi missen an d'Ausland goen, wëll et hei kaum eppes gouf. Lo huet en hei a verschiddene Beräicher gutt Méiglechkeeten fir hei ze bleiwen.

An der Lescht geléngt et ëmmer méi dachs, dass Top lëtzebuerger Fuerscher nees zréck op Lëtzebuerg kommen – gutt Leit, déi d’Land zwar ausgebild, ma duerno verluer hätt. Wéi z.B. d’Pascale Engel de Abreu. Sie wor laang Joren erfollegräich am Ausland aktiv. An huet sech dunn entscheed nees zréck op Lëtzebuerg ze kommen. D’Pascale Engel schafft an engem Domaine, dee fir d’lëtzebuerger Gesellschaft vu grousser Bedeitung ass: doriwwer wéi Kanner léieren an engem méisproochege Kontext.

Fuerschung ugepasst un d'Besoine vun der lëtzebuerger Gesellschaft?

De gesellschaftlechen Notze vum Pascale Engel hierer Fuerschung erkläert sech vum selwen. Et ginn och nach aner Beispiller, wou dat evident schéngt, wann z.B. Fuerscher Phänomener wéi den Aarbechtsmarché an der Groussregioun ënnert d’Lupp huelen, Politiker bei der Schoulreform begleeden oder Waasserfuerscher mam Waasserwirtschaftsamt collaboréieren.

Et ass och sou dass d’Uni an déi verschidde Fuerschungszentren Fuerschungsschwéierpunkten hunn, déi un de Besoine vun der lëtzebuerger Gesellschaft ugepasst sinn, fir de gesellschaftlechen Impakt vun der Fuerschung ze maximiséieren. Sou fuerscht d’Uni z.B. am Domaine vun de Finanzen, wat interessant fir Lëtzebuerg ass, mat all de Banken hei am Land an also villen Aarbechtsplaatzen, déi dorunner hänken. Oder d’Fuerschung am europäeschen Droit – interessant z.B. wéint der Proximitéit vum Europäesche Geriichtshaf um Kierchbierg oder ville Firmen, déi hei hier europäesch Haaptsëtzer hunn an op europäesch Rechtskompetenz ugewise sinn.

Och den FNR verdeelt Extra-Gelder vrun allem an Domainer, déi d’lëtzebuerger Gesellschaft vieru besonnesch Erausfuerderunge stellt, wéi z.B. den Domaine vun der Nohaltegkeet, oder Fuerschung iwwert d’lëtzebuerger Identitéit an d‘Multikulturalitéit hei am Land mat all sénge soziologesche Besonnegheeten an Implikatiounen z.B. op den Aarbechtsmarché oder d’Edukatioun.

Oder Fuerschungsdomainer, déi wichteg sinn, fir de Firmen hei am Land zur Säit ze stoen, wéi z.B. den Domaine vun de Materialwëssenschafte, wou et schonns zanter Jorzéngten Industrie hei zu Lëtzebuerg gëtt, wéi z.B. Arcelor Mittal oder Goodyear. Oder de Fuerschungsberäich ICT, dee Firmen derbäi hëlleft, op déi neisten Trends ze raeagéieren, wouvunner net nëmme Firme wéi Paypal, Amazon oder Skype profitéieren, ma och Banken, lëtzebuerger Energieliferanten oder Satelittebedreiwer.  Oder schliesslech de Beräich vun der Biomedezin, wou u Krankheete wéi Kriibs, Alzheimer oder Parkinson gefuerscht – a mat de Spidoler cooperéiert gëtt.

Just nach Fuerschung mat Notzen: soll da keng Grondlaagefuerschung méi gemaach ginn?

Et kéint ee lo also de Fazit zéien: Komm mir maache just nach applizéiert Fuerschung, wou et e klore gesellschaftlechen oder wirtschaftlechen Notze gëtt, a maache keng Grondlaagefuerschung méi. Ma sou een Debât geet un der Wieklechkeet laanscht. D’Trennlinn tëscht Grondlaagefuerschung an applizéierter Fuerschung ass net kloer. Reng Grondlaagefuerschung, wou net mol am entferntesten eng Aplikatioun a Siicht ass, gëtt kaum hei zu Lëtzebuerg gemaach.

Par conter ass et dachs wichteg d’Grondlaage besser ze verstoen, fir déi néideg Erkenntnisser duerno an engem méi konkrete Projet emzesetzen. An och do ass et nach laang net sou, dass all applizéierte Projet och zu enger Applikatioun féiert. Hei ass nämlech dachs d‘Zesummenaarbecht mat Entreprisen oder gesellschaftlechen Akteuren noutwenneg, fir dass et zu enger reller Applikatioun ka kommen. Dofir sollt ee viersichteg si mat der Verdäiwelung vu Grondlaagefuerschung - ma par conter méi drop pochen, dass d’Fuerschung verstäerkt mat Entreprisen a gesellschaftlechen Akteuren zesumme schafft, fir de gesellschaftlechen a wirtschaftlechen Impakt vu Fuerschung ze maximiséieren.

Och de Fuerschungsminister Claude Meisch ass der Meenung, dass ee Grondlagefuerschung net ganz sollt vernoléissegen. An dass grad de Staat do eng besonnesch Roll sollt spillen, wëll Firmen ëmmer manner géifen doranner investéieren. Ma datt de Fokus awer sollt dorops leien, dass mer verstärkt Fuerschungsresultater zu Lëtzebuerg applizéieren.

Wéiwäit dierf d'Gesellschaft der Fuerschung vierschreiwe u wat se ze fuerschen huet?

De Ludwig Neyses ass der Meenung, dass et gutt méiglech ass, akademesch Fräiheet mat Notze fir d’Gesellschaft ze kombinéieren. Op der Uni wier dat gutt gelongen. Do wier nämlech de Kader sou gesat, dass d'Schwéierpunkter op Domainer geluecht ginn, déi fir Lëtzebuerg relevant sinn, wéi z.B. ICT, Biomedezin, Finanzen, Droit. Ma wat lo genee e Fuerscher innerhalb vun deem Domaine fuerscht, ass him iwwerlooss.

Ma fir dass d’Gesellschaft fäheg ass mat ze bestëmmen a wéi eng Richtung d’Fuerschung soll goen, fir de gesellschaftlechen Impakt kënnen ze garantéieren, ass et eng Vieraussetzung, dass sie och doriwwer informéiert ass, wat an der Fuerschung leeft. Dorauser entsteet dann och eng Obligatioun fir de Fuerscher, mengt de Jens Kreisel vum CRP Gabriel Lippmann: nämlech déi, no baussen ze kommunizéieren.

Kommunizéieren ass wichteg, ma dat läit net ëmmer jidderengem, seet de Rudi Balling. Dofir wier et net onbedéngt d’Pflicht vun all Fuerscher, ma d’Pflicht vun all Fuerschungsinstitut ze kommunizéieren. Als Fuerschungsinstitutioun kann een sech déi bescht Kommunikateuren raussichen, an déi raus bei d'Leit schécken. Op déi Mannéier klappt den Dialog besser, wéi wa lo jiddereen, och déi deenen dat net sou läit, stänneg musse kommunizéieren.

Dem Pascale Engel séng Meenung ass, dass vrun allem déi Fuerscher, déi un Theme schaffen, déi no un de Leit sinn, solle verstäerkt kommunizéieren.

Wéi eng Roll soll d'Fuerschung am gesellschaftlechen Débât spillen?

Ma d’Kommunikatioun vun de Fuerscher sollt doriwwer rausgoen, just Resultater ze kommunizéieren. Sie sollt och eng Roll an der Politik an am gesellschaftlechen Débât spille, mengt de Jens Kreisel. Nämlech déi, dass d'Fuerschung mat hieren Etude soll Grondlaage schafen, ob déi sech d'Politiker an d'Gesellschaft kënne beruffe fir hier Entscheedungen ze treffen. Sie solle quasi den Débât versachlechen. Sie kënnen och berodend de Politiker zur Säit stoen. Sie sollen an dierfen awer nie sou wäit goen, a politesch Decisiounen treffen. Dat wier d'Roll vun de Politiker.

De Claude Meisch, als Politiker, gesäit dat ähnlech. A séngem konkrete Fall, als Edukatiounsminister, ass dat och schonns eng geliewte Wieklechkeet: d'Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hëllefe beroodend an duerch Etuden derbäi, d'Schoulreform ze begleeden.

Ma wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus mat der Wëssenschaftskultur hei am Land, wéi gesäit et aus mam Stellewäert vun der Fuerschung an eiser Gesellschaft aus? Do bleiwt laut Claude Meisch nach vill ze dinn.

Zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz rëtsch Akteuren déi sech derfir asetzen, de Leit Wëssenschaft a Fuerschung méi no ze bréngen. Ma dat ass e Sujet fir den nächste café scientifique.

Fazit vun deser Emissioun

De gesellschaftlechen Impakt vun der Fuerschung weist sech, wann d’Fuerschung hiere Bäitrag leescht zur Weiderentwécklung vun eiser Wëssensgesellschaft. Wann duerch Fuerschung gutt Käpp ugezunn oder hei ausgebild ginn, mat ganz spezifesche Kompetenzen, op déi eis Wëssensgesellschaft ugewisen ass – an déi matière grise dann asetzt, fir an Domainer ze fuerschen, déi fir eis Gesellschaft wichteg sinn. Fir dass dest funktionnéiert, muss d’Fuerschung no bausse kommunizéieren, fir dass d’Gesellschaft informéiert ass a fundéiert ka matbestëmmen.

D’Fuerschung kann ausserdeem dozou bäidroen gesellschaftlech Debâten ze versachlechen. Vieraussetzung dofir ass méi een enke Lien mat de gesellschaftlechen a politeschen Aketeuren, déi vun sech aus och sollten d’Tendenz hunn d’Fuerscher ze konsultéieren, op hieren Know How zréckzegräifen a si mat anzebannen. Op des Mannéier kéint Fuerschung nach verstäerkt applizéiert - a sou säi gesellschaftlechen Impakt maximéiert ginn.  

Da wier Wëssenschaft a Fuerschung en integrale Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. Vläit och vun eiser Kultur? Hu mir eng sougenannt Wëssenschaftskultur hei am Land?  A wie sinn déi Akteuren an déi aktivitéite fir de Leit Wëssenschaft a Fuerschung méi no ze bréngen? Dat ass de Sujet vum nächste café scientifique.

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Foto © FNR/Sophie Steinmetz

Researchers at School 2024 Fuerscher ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Researchers at School", déi vum 11. bis den 15. Mäerz 2024 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher a ...

FNR
Gesundheit Welche Auswirkung hat die Trennung der Eltern auf das Körpergewicht ihrer Kinder?

Forscher aus Luxemburg und London haben festgestellt: Nach einer Trennung der Eltern steigt der Body-Mass-Index (BMI) de...

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – März 2024

Was sagt die Wissenschaft über "hypoallergene" Tiere? Wie groß war der größte jurassische Skorpion? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Januar / Februar 2024

Wie hat sich die Tradition des Buergbrennen entwickelt? Gibt es einen Zusammenhang zwischen Allergien und Gehirnkrebs? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg - Dezember 2023

Eine Methode zur Vorhersage von Flutkatastrophen; ein unbekannter Regenwurm; ein Protein, das unsere Gene schützt: Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

FNR Awards 2023 Preise für herausragende Forschung, Mentoring und Wissenschaftskommunikation in Luxemburg

Entdecke die Gewinner und die Shortlist der diesjährigen FNR Awards, die im Oktober verliehen wurden.