Adobe Stock

Entreprisen offréieren Direct-to-Customer-Tester a siche no spezielle Mutatiounen an eiser DNA – déi se iwwregens aus enger Spautprouf an net aus dem Blutt isoléieren.

Datt sech Familljebezéiunge mat Hëllef vun DNA bestëmme loossen, kennt ee jo aus de Vaterschaftstester. Eist Ierfmaterial verréit eis awer och eppes iwwer méi wäitleefeg Virelteren oder Famill, sou dass ee seng Ofstamung zu engem gewësse Grad novollzéie kann.

Op Basis vu spezielle Muster an eisem Ierfmaterial kënne Wëssenschaftler eis a verschidde Gruppen andeelen. Si nennen des Haplotypen, an déi si bestëmmten Ursprongsregiounen zougeuerdent. Op des Aart a Weis kanns du gewuer ginn, wouhier deng Famill kënnt – zum Beispill aus der Regioun Lëtzebuerg oder z.B. zum Deel vu Lëtzebuerg an zum Deel aus südeuropäesche Länner.

Wéi funktionéiert dat genee?

Wann ee lo reng d’DNA kuckt, da si mir Mënschen eis all ganz änlech. Mäin Ierfmaterial – däint och - stëmmt zu 99,5% mat deem vun all aner Mënsch op der Welt iwwereneen. An deenen 0,5% déi anescht sinn, siche Wëssenschaftler no ganz bestëmmte Mutatiounen, déi vun enger Generatioun un déi nächst weider gi ginn, ouni datt se sech dobäi mam Ierfmaterial vum aneren Elterendeel vermëschen.

Dat funktionéiert engersäits um Niveau vum Y-Chromosom, dee just Männer hunn a sech net mam Ierfmaterial vun der Mamm mësche kann. Eng Mutatioun um Y-Chromosome vum Grousspapp huet also de Papp geierft an déi kann en och just un e Bouf weider ginn.  Änlech funktionéiert et och bei Fraen. Si ginn awer keen exklusive Chromosom un hir Kanner weider, mee Mitochondrien – dat si kleng Kraaftwierker an eisen Zellen - an DNA déi do dran ass. Och hei loosse sech bestëmmte Mutatiounen am Familljestammbam zréckverfolgen.

Populatiounsgenetiker, déi sech mat der genetescher Ofstamung vu Bevëlkerungsgruppe beschäftegen, hunn unhand vu charakteristesche Mutatioune verschidden Haplogruppen definéiert. An domadder léist sech d’Warscheinlechkeet benennen, mat där eis Virfaren aus enger bestëmmter Regioun stamen.

An dat geet och mat engem Ancestry-DNA-Test, deen iwwert den Internet ugebuede gëtt?

Tatsächlech analyséiere sou Direct-to-Customer-Tester eis DNA – déi se iwwregens aus enger Spautprouf an net aus dem Blutt isoléieren – a sichen no sou Mutatiounen. Mir kréien dann als Resultat eng Informatioun, z.B. zu wéi vill Prozent mir europäesch Wuerzelen hunn a wéivill asiateschen Ursprong an eis stécht. Eng Rei Wëssenschaftler sinn awer ganz skeptesch, wat d’Prezisioun vu sou Tester betrëfft. Verschiddener vergläichen se souguer mat der Aussokraaft vun Horoskoper oder denken se sinn onwëssenschaftlech a komplette Quatsch. Des Gentester soen eis net wierklech, wou eis Genen hierkommen, mee ginn u wou AKTUELL Mënsche liewen, mat deene mir genetesch Iwwerschneidungen hunn. Sou eppes wéi "lëtzebuergesch" oder "portugisesch" Genen ginn et bei desen Tester net - des Entreprisen hu just Spautprouwe vu Leit aus Däitschland oder eben aus Portugal.

Allerdéngs sammelen des Entreprisen ëmmer méi Daten vu Clienten an hir Analysen a Rechnunge ginn sou ëmmer méi präzis. Nieft der Andeelung an Haplogruppe vergläiche si d’DNA-Prouwe mat deene vun hiren anere Clienten. Hei kann een da souguer op onbekannte Verwandtschaft stoussen. An deem breeden Interessi fir d’Methoden an den Daten gesinn aner Wëssenschaftler dofir eng grouss Chance, d’Geschicht vun der Mënschheet ze entschlësselen. An dofir bleift d’Fuerschung spannend.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

E bësse Spaut an e bësse Geld – méi brauch een net ze investéieren, fir méi déif no de Wuerzele vu sengem eegene Stammbam gruewen ze kënnen. Och wäitleefeg Famill, vun där ee bis elo näischt wousst, kann een op des Aart a Weis op d’Spuer kommen. Dat verspriechen zumindest ëmmer méi Prestataire vun Ancestry-DNA-Tester, déi säit e puer Joer direkt u Privatpersoune verkaf ginn.

De Schatz, deen si dobäi sammelen, ass enorm. Et handelt sech ëm den individuelle Code vun all eenzele Client. An deen ass fir sou munchereen interessant. Zum Beispill wär et fir Enquêteure bei der Police attraktiv, DNA-Spuere vun engem Tatort mat Millioune User-Profiller ze vergläichen. An den USA huet dëst souguer dozou gefouert, datt en zwieleffache Mäerder duerch d’Donnéeë vun engem enke Verwandte konnt iwwerfouert ginn.

Och d’Pharmaindustrie ass un den Donnéeën interesséiert. Well mat esou engem Dateschatz loosse sech Usätz fir nei Medikamenter gewannen. Ee vun de groussen Ancestry-DNA-Prestatairen huet dofir scho virun e puer Joer seng Schatzkummer fir ee Pharmaris opgemaach an anonymiséiert DNA-Profiller zur Verfügung gestalt.

Wärend de Kampf géint Verbriechen an d’Medezin am Déngscht vun der Gesellschaft stinn, kann een iwwert d’Intentioune vun Hacker awer just spekuléieren. Zum Beispill iwwert déi, déi 2018 bei engem anere groussen Ancestry-DNA-Prestataire d’Adressen a Passwierder vun bal 100 Milliounen User erausfonnt hunn.

Am Joer 1980 gouf an der Lichtensteinhiel am Harz d’Iwwerreschter vu Mënschen entdeckt, déi do virun ongeféiert dräi Joerdausende begruewe goufen. Genetesch Analyse vun deem ganz gutt erhalenen Ierfmaterial konnt engersäits d’Familljeverhältnisser vun engem Deel vun de Persounen déi do fonnt goufe rekonstruéieren. An d’Fuerscher hu festgestallt: Si waren op d’Iwwerreschter vun e puer Generatioune vun enger Groussfamill gestouss!

Domadder huet sech déi spannend Fro gestalt: Liewen dann haut och nach Nokomme vun dëser Sippschaft am Gebitt ronderëm de Bierg, an deem déi Hiel ass? Bei der Sich no dëser Äntwert sollte Spautprouwe vun den haitegen Awunner hëllefen. An d’Wëssenschaftler hunn an deenen tatsächlech eppes fonnt. Ënner 270 agereechte Spautprouwen hu si bei 11 Stéck charakteristesch Muster an de Gene fonnt, déi mat de Skeletter iwwerenee gestëmmt hunn. Bei zwee vun hinne war d’Ierflinn därmoosse seelen, datt si als direkt Nokomme vun engem vun de Männer identifizéiert konnte ginn, déi virun 3.000 Joer begruewe goufen.

Och dem eelste bekannte Lëtzebuerger – dem Loschbour-Mann – seng DNA huet Informatiounen iwwert des Persoun geliwwert, déi virun 8.000 Joer gestuerwe war. D’DNA gouf aus den Iwwerreschter vum Loschbour-Mann senge Bakenzänn isoléiert.


Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Repräsentative FNR-Umfrage Vertrauen der Bevölkerung in die Wissenschaft weiter gestiegen

Wie bewerten die Luxemburger die Rolle der Wissenschaft in der Covid-Pandemie? Wie hoch ist das Interesse an der Wissens...

FNR
Interaktive Konferenz Wie kann man als Bürger seine Umweltbelastung reduzieren?

Am 17. November 2020 findet die nächste interaktive Konferenz „So you think you’re green” statt (online). Diese konzentr...

FNR
Erklärungen zur Reproduktionszahl Rt Exit-Strategie: Wie können wir messen, ob das Virus in Luxemburg unter Kontrolle ist?

Die Gesundheitsministerin Paulette Lenert spricht davon, die deutsche Bundeskanzlerin auch… Was ist überhaupt diese Repr...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR