(C) science.lu

Dat ass iech jo bestëmmt scho méi dacks am Alldag opgefall. Den Toun vun der Siren oder vun der Tut ass méi héich wann den Auto op eis zoukënnt, a méi déif wann en vun eis ewech fiert. Ma wourunner läit dat?

D'Tut vum Auto sent Schallwellen aus, also ganz schnell regelméisseg Verännerunge vum Loftdrock, déi sech mat ronn 330 m/s am Raum ausbreeden.

Wéi schnell d'Loftdrockverännerunge geschéie gëtt duerch d'Frequenz ausgedréckt: Wa mer z.B. d‘Nout „La“ um Piano spillen, dann verännert sech de Loftdrock, vun e bëssi méi grouss op méi kleng an erëm zréck op bëssi méi grouss, 440 mol an enger Sekonn, dat sinn 440 ganzer Schwengungen pro Sekonn.

De Physiker seet d'Frequenz vum Toun ass 440 Hertz. Ass d'Frequenz méi grouss, sou héiere mir dat als méi en héijen Toun. Méi déif Téin hu méi eng kleng Frequenz. Jonk Leit, deenen hir Oueren nach an der Rei sinn, héieren Téin vun 16 Hertz bis 20000 Hertz.

Wann den Auto steet

Dem Auto seng Tut produzéiert also Loftdrockverännerunge vun enger gewësser Frequenz, déi sech bis bei eist Ouer ausbreeden. Wann den Auto steet, verännert sech de Loftdrock an eisem Ouer genausou schnell wéi bei der Tut vum Auto. D'Schallwell, déi bei eis ukënnt, huet dann déi selwecht Frequenz wéi déi, déi den Auto aussend. 

Wann den Auto op eis duerfiert

Wann en Auto op eis duerfiert, da geschéien d'Loftdrockverännerunge vun der Tut op verschiddene Plazen: All Kéier wann de Loftdrock erëm e bëssi méi grouss ass, ass den Auto e Steck méi no bei eis komm, sou datt et ausgesäit, wéi wann d’Schallwellen zesummegedréckt wieren. Well d'Wellen ower mat därselwechter Vitesse (330 m/s) viruginn, kommen an eisem Ouer pro Sekonn elo méi Loftdrockschwengungen un, wéi virdrun, wéi den Auto stoung: Den Toun ass méi héich.

Wann den Auto vun eis fortfiert

Wann den Auto vun eis fortfiert, ass den Auto bei all Maximum vum Loftdrock e bëssi méi wäit vun eis ewech. Et ass dann wéi wann d’Schallwellen ausernee gezu géifen. Pro Sekonn kommen elo bei eis manner Schwengungen un: Den Toun, dee mir héieren also méi déif.

Auteuren: André Mousset (MNHN), Jean-Paul Bertemes (FNR)

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

SCIENCE CHECK Ziel mir keng: Fake News widerlegen

Weshalb fallen wir auf Fake News und Falschinformationen rein? Lohnt es sich sie zu widerlegen? Und falls ja, wie macht man das am besten?

FNR
Science-Check Ziel mir keng! - Unfruchtbarkeit: Ursachen und Statistiken

Nimmt Unfruchtbarkeit zu? Wie viele Menschen trifft es? Eher Frauen oder eher Männer – Stichwort „Spermakrise“? Und was sind jeweils mögliche Gründe? Das sind Themen in diesem "Ziel mir keng!"-Video.

FNR, CHL
aurora borealis
Aurora borealis Wie entstehen Polarlichter?

Am Wochenende waren in Luxemburg farbige Polarlichter am Nachthimmel zu sehen. Wir erklären in diesem Artikel, wie es dazu kam, und wie die Farben entstehen.

FNR