Metall Gegenstände

Adobe Stock

Nee, datt et net d'Metallatomer si kënnen, déi mer richen, weess d'Wëssenschaft scho laang. Ënner normale Konditioune geroden nämlech guer keng Metallatomer an d'Loft. Déi eenzeg Ausnam ass Quecksëlwer, dat scho bei Zëmmertemperatur flësseg ass. Awer an eiser Nues aktivéiere Quecksëlwer-Atomer keng Gerochsrezeptoren, mir kënnen dëst Metall also och net richen. D'Rätsel vum Metallgeroch huet een anere Grond a gouf réischt 2006 definitiv geléist: Wat mir richen, wa mer Mënzen oder Géigestänn aus Eisen, Koffer oder Messeng ugepaakt hunn, sinn Ofbauprodukter vun de Fetter an eiser Haut. Beim Kontakt mat de Metaller entstinn aus hinne Substanzen, déi staark richen. A well dëse spezielle Geroch nëmme bei Kontakt mat Metall entsteet, empfanne mir dëse Geroch als Metallgeroch.

Wa Metall net virdrun ugepaakt gouf, sollt et also och net richen?

Genee sou ass et. Dat kanns Du ausprobéieren, andeems de e Géigestand aus Metall ganz grëndlech wäschs an duerno dru richs. Dobäi däerf en awer op kee Fall och nëmme kuerz mat Haut a Kontakt kommen. Well eis Nues ass immens empfindlech fir déi Moleküllen, déi no Metall richen. D'Wëssenschaftler huelen un, datt dat doru läit, datt och Blutt dëse metallesche Geroch huet. Well am Blutt sinn am Hämoglobin vun de roude Bluttkierpercher Eisenatomer dran, a wann déi mat Haut- oder anerer Kierperfetter a Kontakt kommen, entsteet dee charakteristesche Geroch. D'Theorie seet, datt fir eis als Urmënschen de Geroch vu Blutt noutwenneg fir d'Iwwerliewe war. Vläicht hu mer en deemools nach besser geroch wéi haut a konnten sou verletzten Déiere nogoen. Oder et war e Warnsignal fir eege Verletzungen. Do muss een awer zouginn, datt dat Spekulatioun ass an net den eigentleche Grond, firwat Wëssenschaftler déi Saach mam Metallgeroch ënnersicht hunn. 

A wat ass den eigentleche Grond? 

An der Liewensmëttelindustrie gëtt scho säit den 1960er Joren erfuerscht, firwat a Mëllechprodukter oder anere Liewensmëttel mat vill Fett e metallesche Geroch entstoe kann, deen se ongenéissbar mécht. D'Metallgerochsmoleküller, wann een se sou nenne wëll, goufen deemools schonn entdeckt. Awer eréischt haut wësse mer, wéi se entstinn: Nämlech wa Spure vun de Metall-Atomer wéi Eisen oder Koffer mat de Fetter an de Liewensmëttel reagéieren. Et huet also e puer Joerzéngte gedauert, bis d'Rätsel vum Metallgeroch an enger detektivescher Detailaarbecht geléist konnt ginn. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Infobox

Wéi staark riche verschidde Metaller? 

Virun allem Eisen oder Géigestänn aus rengem Koffer oder Messeng produzéieren dee charakteristesche Metallgeroch, wa se mat Haut a Kontakt kommen. Dogéint richt Inox nëmme ganz schwaach. Well an deem sinn d'Eisenatomer nëmme wéineg reaktiv, wat och de Grond ass, firwat Inox net rascht. Zénk richt nëmmen an dann och nëmme schwaach, wann en intensiv un der Haut geriwwe gëtt. An Aluminium-Atomer sinn sou mann reaktiv, datt Aluminium bei Kontakt mat der Haut net no Metall richt.

Wéi entsteet de Metallgeroch genee? 

Wann Metall aus Eise mat Haut a Kontakt kënnt, oxidéiert de säierzeche Schweess vun der Haut Eisenatomer zu zweewäertegen Eisenionen (Fe2+). Des reagéieren dann erëm mat Lipidperoxiden op der Haut, déi Ofbauprodukter vu Fetter vun der Haut sinn. Dobäi entsti flüchteg Substanze wéi Aldehyden oder Ketonen, déi no Metall richen. Amplaz mat Eise lafen des Reaktiounen och mat Kofferatomer oder -ione genee sou gutt of.

Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen

The Two Odors of Iron when Touched or Pickled: (Skin) Carbonyl Compounds and Organophosphines
Glindemann D. et al., Angewandte Chemie International Edition, 2006
https://onlinelibrary.wiley.com/doi/abs/10.1002/anie.200602100

Identification of Metallic-Smelling 1-Octen-3-one and 1-Nonen-3-one from Solutions of Ferrous Sulfate
Lubran M.B. et al., Journal of Agricultural and Food Chemistry, 2005
https://doi.org/10.1021/jf0511594

A compound responsible for metallic flavour in dairy products: I. Isolation and identification
Stark W. et al., Journal of Dairy Research, 1962
https://www.cambridge.org/core/journals/journal-of-dairy-research/article/abs/compound-responsible-for-metallic-flavour-in-dairy-products-i-isolation-and-identification/3EFA138AE2C7A01380A072AB99A0EC55

A compound responsible for metallic flavour in dairy products: II. Theoretical consideration of the mechanism of formation of oct-1-en-3-one
Wilkinson R.A. et al., Journal of Dairy Research, 1967
https://www.cambridge.org/core/journals/journal-of-dairy-research/article/abs/compound-responsible-for-metallic-flavour-in-dairy-products-ii-theoretical-consideration-of-the-mechanism-of-formation-of-oct1en3one/7BE2FDE72566A3FB45C0362AA4191E6C

The Scent of Blood: A Driver of Human Behavior?
Moran J.K. et al., PloS One, 2015
https://journals.plos.org/plosone/article?id=10.1371/journal.pone.0137777

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/
 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Wie von Zauberhand Bewege einen Strohhalm, ohne ihn zu berühren!

Versuche bei diesem Experiment einen Strohhalm auf einer Plastikflasche zum Drehen zu bringen, ohne ihn dabei zu berühre...

FNR