En halleft Jorhonnert geodynamesch Miessungen zu Lëtzebuerg

16.01.17

MNHN
ECGS
Diesen Artikel drucken

Wann et iergendwou op der Äerd rubbelt, da mierke mir dat hei zu Lëtzebuerg.

Mir hunn tatsächlech hei zu Lëtzebuerg en international unerkannte Laboratoire fir Geodynamik; also eng Plaz, wou mir d‘Beweegunge vum Äerdball moossen, also och d’Äerdbiewen. Et muss en awer e bësse relativéieren: Net all Biewen ginn do opgeholl; déi ganz kleng, déi ze wäit weg sinn, kënnen déi héichëmfindlech Instrumenter net moossen.

Wann et awer z.B. zu Koblenz mat enger Stäerkt 3 rubbelt (wat wierklech e ganz klengt Biewen ass, bei deem kaum eppes geschitt, mee wat awer no bäi ass) da gesi mir eis Instrumenter reagéieren. Soubal e Biewen méi wéi 6 op der Richterskala huet, kënne mir et moossen, och wann et ganz déi aner Säit vun der Äerdkugel z.B. a Japan oder Neiséiland stattfënnt.

Wou sinn déi héichemfindlech Instrumenter dann ze fannen ?

Fir déi Instrumenter vum Laboratoire fir Geodynamik kënnen ze gesinn, muss ee bal 1 km wäit an e Bierg era goen, an enger aler Gipsminn zu Helsem (Helmsange) bei Walfer. Ganz hannen an der Grouf, 80 m ënnert de Uewerfläch hu mir e puer Séismometer stoen.

Mee net nëmmen déi. Et steet och e Gravimeter do: en Instrument, dat op e Milliardste vum Wäert genee Verännerungen vun der Äerdunzéihungskraaft ophuele kann.
All déi héichpräzis Miessungen déngen dozou, z.B. d’Mechanisme vun Äerdbiewen uechter d’Welt besser ze verstoen respektiv Informatiounen iwwer de bannenzegsten Opbau vun der Äerd ze kréien.

Wéi kënnt et dann, dass esou en Laboratoire, dee jo eng wichteg Roll an internationale Fuerschungsprojeten spillt, grad hei zu Lëtzebuerg installéiert ass?

Majo, de Laboratoire fënnt säin Ursprong schonns an den 1960er Joeren an ass entstan (wéi sou oft hei bei eis) aus enger enker Frëndschaft tëscht dem lëtzebuerger Ingenieur a Geodät Johnny Flick an dem deemolege Professer Paul Melchoir vum Observatoire Royal de Belgique.

De Professer war deemools op der Sich no enger Plaz fir wëssenschaftlech Instrumenter opzeriichten, fir d’Äerdgezäiten ze moossen. Um Ufank stoungen d’Miessgeräter allerdéngs fir d’éischt an de Kasematten, ier se dunn no 5 Joer hir definitiv Plaz an  der aler Gipsminn fonnt haten.

Am Laf vun de weidere Jorzéngten huet sech dës Plaz als ideal erwisen, fir héichentwéckelt a präzis Instrumenter, déi d‘Beweegung vun der Äerdkuuscht moossen, ze testen, ze eechen oder weider z’entwéckelen an esou huet sech Lëtzebuerg an den internationale Geowëssenschaften e Numm gemaach. Walfer oder Helsem ass  bis haut e Begrëff an där Communautéit.

Zu Lëtzebuerg sinn awer och nei Instrumenter entwéckelt ginn?

Nach bis um Ufank  vun de 2000er Joeren, war de lëtzebuerger Laboratoire spezialiséiert an der Miessung vun den Äerdgezeiten. Dat ass d’Verformung vun der Äerkuuscht duerch den Afloss vun der Unzéiungskraaft vum Mound. D’Äerdkuuscht mécht do eng richteg Wölbung, déi ee kann duerch e Neigungswénkel moossen.

En Instrument, dat an der Minn entwéckelt ginn ass, konnt eng Verännerung vu Wénkele moossen, déi der Déckt vun engem Hoer, gemooss op enger Distanz vun 1000 km, entspriechen. Mir sinn also do wierklech bis un d’Limitë vun der wëssenschaftlecher Miessbarkeet gaangen.

Wow, dat kléngt souguer fir en Laien impressionant. A wéini ass et dann mat der Miessung vun Äerbiewen lass gaangen ?

Déi éischt Instrumenter sinn Enn vun de 1970er Joeren an der aler Gipsminn installéiert ginn. Et sinn Instrumenter, déi Deel vum däitschen an belsche seismologische Reseau sinn. Déi Opname fléissen da gemeinsam mat deene vun villen aneren Instrumenter an d’Analys vun de weltwäiten Äerdbiewen.

Zënter e puer Joer hu mir dann och ugefangen uechter d’ganz Land Seismometer opzeriichten, fir e richtege lëtzebuerger Reseau ze hunn. Och wann d‘Wahrscheinlechkeet vun engem Biewen zu Lëtzebuerg extrem kleng ass, sou kennen awer Biewen am noen Ausland schonn Afloss op eist Land hunn an dofir ass et wichteg, déi Donnéeën ze sammelen.

An an der Mine leeft et nach monter weider. Wéi gesäit et dann mat der Zukunft vum ënnerierdesche Laboratoire aus?

Am Prinzip lafen do nach ëmmer Miessungen vun der Verännerung vun der Äerdunzéiungskraaft an ebe vun den Äerdbiewen. Zënter e puer Joer hu mir awer Problemer mat der ganzer Stabilitéit vun den ënnerierdeschen Tunnellen, sou datt d’Zukunft vun der Mine e bëssen ongewëss ass. Et gëtt awer aktuell un enger Léisung vun dem Problem geschafft, fir datt de Labo vun Helsem resp. Walfer weider an der internationaler Communautéit vun den Äerdwëssenschaften unerkannt bléift.

Dir wëllt wëssen wéi et am ënnerirdesche Labo zu Helsem ausgesait? Hei sinn zwee al Filmer (1995) aus dem Archiv vum MNHN:

Das Unterirdische Laboratorium für Geodynamik in Walferdingen
Das Europäische Zentrum für Geodynamik und Seismologie in Walferdingen

Auteur: MNHN
Photo: MNHN (D'Bild weist en Gravimètre absolu, deen den absolute Wäert vu g, der Schwerebeschleunegung, moosst.

 

 

Auch in dieser Rubrik

Farbenprächtige Überschwemmungsgebiete: Wie Wärmebilder zu einem verbesserten Hochwassermanagement beitragen können

20.07.17 Luxemburger Forscher machen mit Wärmebildkameras Überflutungsvorgänge sichtbar - und helfen damit Flächen auszumachen, die besonders anfällig für Überflutun...> Ganzen Artikel lesen

Meet the Scientists: Matias Pasquali, Plant Pathologist

07.07.17 Pilzinfektionen in Getreidefeldern: wie breiten sie sich aus, welchen Schaden richten sie an und wie kann man sie vorbeugen? Das untersuchte Matias Pasquali...> Ganzen Artikel lesen

Meet the scientists: Stéphanie Zimmer, Engineer of agronomy

18.05.17 Hoher Proteinbedarf für Schweine, Hühner, Kühe: Wie kann man in Luxemburg nachhaltig Proteine anbauen, ohne Einsatz von Pestiziden oder künstlichem Dünger? > Ganzen Artikel lesen

Gefährliche Krötenwanderung: Warum vor allem schnell fahrende Autos den Tieren zum Verhängnis werden

12.04.17 Unzählige Kröten sind wieder auf ihren Weg zu ihren Laichgewässern. Was es damit genau auf sich hat, erklärt die Biologin Elisabeth Kirsch von natur&ëmw...> Ganzen Artikel lesen

Schneeverhalten besser verstehen und vorhersagen

02.03.17 Ingenieure der Uni Luxemburg arbeiten gemeinsam mit Lawinenforschern aus der Schweiz an einer besseren Analyse der mechanischen Eigenschaften von Schnee. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Natur[musée]geschichten

Dëst ass eng vun den Natur[musée]geschichten, déi den Naturmusée (Musée national d’histoire naturelle) all 2 Wochen op RTL Radio verzielt. Aner interessant Natur[musée]geschichten fannt dir um Blog vum Naturmusée https://www.mnhn.lu/lu/naturmuseegeschichten/

Walferdange Underground Laboratory for Geodynamics


Verwandte Themen