
D'Editioun 2023 fënnt tëscht dem 13. an dem 17. Mäerz statt. Mell deng Klass elo un!
Chercheurs à l'école ass eng Initiative vum Fonds National de la Recherche (FNR) a bitt Schüler a Fuerscher d'Méiglechkeet, mateneen a Kontakt ze trieden. Engersäits fir datt sech d'Schüler e Bild dovu kënne maachen, wat Recherche bedeit an u wat Fuerscher hei am Land alles fuerschen. Anerersäits fir de Fuerscher eng Plattform ze ginn, wou se kënne mat jonke Leit interagéieren. D'Fuerscher verziele vun hirem Alldag an den Erausfuerderungen déi hire Beruff mat sech bréngt.
Dës Aktioun fënnt all Joer am Fréijoer statt. Eng Sessioun kann 50-90 Minutten daueren a kann an den normale Schoulstonnen oder no der Schoul ofgehale ginn. Dës interaktiv Sessiounen riichte sich virun allem u Schüler tëscht 16 an 19 Joer (3e-1ère).
Wéi kann een sech aschreiwen?
D'Editioun 2023 ass vum 13. bis den 17. Mäerz.
D'Schoulklasse kënnen sech nach bis den 23. Dezember 2022 ënnert dësem Link aschreiwen.
Méi Informatiounen dozou fënns du am Aschreiwungsformulaire.
Nach Froen? Da schreif eis via E-mail op chercheursecole@fnr.lu
Video: Jean-Paul Bertemes (FNR), MOAST