FNR

Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche

Dëst ass eng liicht adaptéiert Versioun vun der Carte Blanche vum Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, déi den 10. Mäerz 2022 op RTL diffuséiert gouf.

De virleschte Weekend, 3 Deeg nom Ufank vun der russescher Attack op d'Ukrain, krut ech e Message vum Olga Polotska, der Direktesch vum Nationale Fuerschungsfong vun der Ukrain – also dem Equivalent vum Lëtzebuerger FNR.

D'Fuerschungslandschaft an der Ukrain hat sech an deene vergaangene Jore groussaarteg entwéckelt an net méi spéit ewéi am Oktober ass d'Land un de Kaderprogramm "Horizon Europe" vun der Europäescher Unioun associéiert ginn, de weltwäit gréisste Programm fir wëssenschaftlech an technologesch Kooperatioun.

An elo, keng 5 Méint méi spéit, si Fuerschung an Universitéisaktivitéiten an der Ukrain abrupt gestoppt. Och Universitéiten a wëssenschaftlech Instituter si schonns an den alleréischten Deeg bombardéiert ginn, also net just militäresch Ziler, ewéi deemools nach vum Putin behaapt gouf. E puer Deeg duerno huet d'Olga nach eng Kéier geschriwwen, aus engem Loftschutzraum zu Kiew, fir ze soen, dass d'Situatioun sech leider dramatesch verschlëmmert huet. Hatt huet en drénglechen Opruf fir staark Sanktioune géint Russland gemaach – wat mëttlerweil jo och geschitt.

Gläichzäiteg sinn ech och vun enger Partie Lëtzebuerger Wëssenschaftler kontaktéiert ginn, déi proposéiert hunn no Méiglechkeeten ze sichen, fir déi Studenten a Fuerscher z'ënnerstëtzen, déi aus hirem Land musse flüchten.

An da gëtt et och en oppene Bréif an deem russesch Wëssenschaftler, Akademiker, a Wëssenschaftsjournalisten sech mat ganz klore Wierder géint de Krich an der Ukrain ausdrécken, ech zitéieren:

"Mir gesi mat Batterkeet, datt eist Land, dat en entscheedende Bäitrag zur Victoire iwwer den Nazismus gemaach huet, elo den Initiator vun engem neie Krich um europäesche Kontinent ginn ass. Mir fuerderen den direkte Stopp vun all militäreschen Aktioune géint d'Ukrain. Mir fuerderen de Respekt vun der Souveränitéit an der territorialer Integritéit vum ukrainesche Staat. Mir fuerdere Fridde fir eis Länner. Loosst eis Wëssenschaft maachen, net Krich!"

Mëttlerweil hu 7000 russesch Wëssenschaftler dësen oppene Bréif ënnerschriwwen, wëssend, dass si dowéinst kënne bestrooft ginn an an de Prisong kommen.

An dat gëtt da villäicht e bësschen Hoffnung. En anert Land militäresch ze iwwerfalen, mëtten an Europa, ass eppes, dat och fir vill Russen net akzeptabel ass. An duerfir sinn ech sécher dass den Dag wäert kommen an hoffentlech dauert et net ze laang – wou d'Ukrain erëm wäert fräi sinn. An dee Moment wäerte mer op béide Säiten oprecht Leit brauchen, fir Vertrauen a gudde Wëllen erëm lues a lues opzebauen. Fuerscher a Wëssenschaftler, déi eng laang Traditioun vun internationaler Zesummenaarbecht iwwert d'Grenzen ewech gefleegt hunn, wäerten dann dobäi kënnen eng wichteg Hëllef sinn.

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – März 2024

Was sagt die Wissenschaft über "hypoallergene" Tiere? Wie groß war der größte jurassische Skorpion? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Januar / Februar 2024

Wie hat sich die Tradition des Buergbrennen entwickelt? Gibt es einen Zusammenhang zwischen Allergien und Gehirnkrebs? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg - Dezember 2023

Eine Methode zur Vorhersage von Flutkatastrophen; ein unbekannter Regenwurm; ein Protein, das unsere Gene schützt: Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

FNR Awards 2023 Preise für herausragende Forschung, Mentoring und Wissenschaftskommunikation in Luxemburg

Entdecke die Gewinner und die Shortlist der diesjährigen FNR Awards, die im Oktober verliehen wurden.