artic ozone 2019 2020

NASA Earth Observatory/Joshua Stevens

Biller vun der Ozon-Konzentratioun iwwert der Arktis am März 2019 (lénks) an 2020 (riets), déi mat Hëllef vun Daten vun NASA Ozone Watch generéiert goufen.

Et koumen zwou Saache beieneen: Éischtens enthält d'Atmosphär ëmmer nach ze vill Gaser wéi FCKWen, déi Ozon futti maachen. Si brauche Joerzéngten, fir ofgebaut ze ginn. Zweetens war et am Wanter 2019/2020 iwwert dem Nordpol aussergewéinlech kal. Bei ënner minus 78 Grad konnte sech dowéinst 10 bis 30 km iwwer dem Mieresspigel sougenannte Stratosphärwolleke bilden, déi eng wichteg Roll bei der Zerstéierung vum Ozon spillen.

Wéi dann?

Si maachen d'ozonschiedegend Gaser wéi FCKWen quasi „schaarf“. An de Stratosphärwolleke lafen nämlech chemesch Reaktiounen of, déi d'FCKWen esou veränneren, dass dës Substanzen Ozon zerstéieren. Si sammele sech wärend der méintlaanger Polarnuecht ëmmer méi an der Atmosphär un. Fir Ozon ze zerstéieren, ass awer och nach d'Energie vum Sonneliicht néideg. Eréischt wann d'Sonn um Enn vun der Polarnuecht nees opgeet, gëtt den Ozon massiv ofgebaut. D'Ozonschicht gëtt méi dënn – ënner Ëmstänn esou dënn, dass vun engem „Ozonlach“ rieds ass.

Iwwert der Antarktis ass et am Wanter op der Südhallefkugel esou kal, dass do all Joer en Ozonlach entsteet. Am Laf vum Summer geet et dann awer nees zou. Iwwert dem Nordpol gëtt et seelen esou kal, dass massiv Ozon ofgebaut gëtt. Awer 1997 an 2011 war dat awer de Fall an d'Ozonkonzentratioun ass an dësen zwee Joer immens zréckgaang. 2020 war et iwwert dem Nordpol dunn esou kal, dass souguer en Ozonlach entstanen ass – änlech ewéi dat iwwert der Antarktis. Et war zwar ëmmer nach méi kleng ewéi dat op der Südhallefkugel, mä awer ëmmerhin dräimol esou grouss ewéi d’Fläch vu Grönland.

Kann d'Ozonlach iwwert dem Nordpol geféierlech fir eis sinn?

Et kéint am Extremfall och bis iwwer Mëtteleuropa ofdriften. Well eis den Ozon an der ieweschter Atmosphär viru geféierlechen UV-Strale schützt, sollt ee sech dann net méi esou vill dobaussen ophalen a sech gutt virun de Sonnestrale schützen. 2020 ass d'arktescht Ozonlach awer zum gréissten Deel iwwert der Polarregioun bliwwen an ass am Fréijoer 2020 och nees zougaang.

Wäert et an Zukunft ëmmer méi dacks en Ozonlach iwwert der Nordhallefkugel ginn?

Jee no der wanterlecher Grousswiederlag iwwert dem Nordpol kann dat ëmmer nees passéieren. Awer d'Produktioun vun FCKWen an anere Gaser, déi d'Ozonschicht schiedegen, gouf weltwäit staark zréckgefuer. Dowéinst dierft et ab der Mëtt vun eisem Joerhonnert normalerweis keng Ozonlächer méi ginn. Virausgesat, et gi keng nei Zorte Gaser, déi Ozon futti maachen, fräigesat.

Besteet dës Gefor?

Wëssenschaftler*inne maachen sech neierdéngs Suerge wéinst Distéckstoffmonoxid, och Laachgas genannt. Et entsteet am grousse Stil duerch Dünger an der Landwirtschaft a koum an de Fokus, well et d'Ozonschicht schiedegt. Dowéinst bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

 

Infobox

D'Entdeckung vum Ozonlach

De Kampf géint d'Ozonlach ass eng Success Story. An den 1970er-Joren hu Wëssenschaftler*innen erausfonnt, dass Gaser wéi FCKWen d'Ozonschicht futti maachen. FCKW ass d'Ofkierzung fir Fluorchlorkuelewaasserstoffer. Dat si Gaser, déi ganz oft a Spraydousen, Frigoen, Klimaanlagen an an der Industrie agesat ginn. Séier war kloer, dass et immens wichteg ass, d'Ozonschicht virun hinnen ze schützen, well den Ozon an der ieweschter Atmosphär hält e groussen Deel vun der UV-Stralung vun der Sonn of. Dat mécht d'Liewen op der Äerd eréischt méiglech. 1987 hu sech am Montreal-Protokoll ronn 200 Staaten drop gëeenegt, d'Produktioun vu Gaser anzeschränken, déi no dem deemolege Wëssensstand d'Ozonschicht schiedege kënnen. 2009 hunn dunn all d'Memberstaate vun de Vereenten Natiounen de Protokoll ratifizéiert – eng Première fir en internationalen Accord!

Niewent den FCKWe schiedegen och eng Rei aner Gaser d'Ozonschicht, an zwar virun allem déi, deenen hir Molekülle Chlor- oder Bromatomer enthalen. Ab den 1990er-Joren ass hir Konzentratioun an der Atmosphär erofgaang. Trotzdeem hat dëst am Ufank kee positiven Effekt op d'Ozonschicht. D'Atmosphär ass ewéi e risege Supertanker: Och wann d'Rudder ëmgeluecht ass, dauert et eng Zäitchen, bis den neie Cap ugesteiert gëtt. Wat d'Ozonschicht ugeet, huet d'Atmosphärefuerschung viru knapp 10 Joer éischt Unzeeche vun enger Erhuelung festgestallt. Si rechent domat, dass d'Ozonschicht ab der Mëtt vun eisem Joerhonnert nees hiren ursprénglechen Zoustand erreecht.

Wat ass eigentlech en Ozonlach?

D'Konzentratioun vum Ozon an der Atmosphär gëtt an Dobson gemooss. Mat dëser Unitéit gëtt d'Unzuel vun den Ozonmoleküllen iwwert enger bestëmmter Plaz an enger Loftsail vum Äerdbuedem bis un de baussechte Bord vun der Atmosphär gemooss. Wann all d'Ozonmoleküllen an enger Loftsail mat enger Surface vun engem Quadratzentimeter op dem Buedem leie géifen, dann entsprécht 1 Dobson 26,9 Billiarden Ozonmoleküllen. Bei sougenannte Standardkonditiounen, also engem Drock vun engem Bar a bei Null Grad Celsius, géife si eng 0,01 Millimeter déck Schicht aus rengem Ozon bilden. Eng intakt Ozonschicht wier als rengen Ozon ënner Standardkonditiounen 3 Millimeter déck – dat sinn 300 Dobson. Bei enger Konzentratioun vun ënner 220 Dobson schwätzt ee vun engem Ozonlach. Dat war déi déifsten Ozonkonzentratioun, déi virun 1979 gemooss ginn ass a gouf dowéinst als natierleche Minimalwäert definéiert. An engem Ozonlach ass also ëmmer nach e bëssen Ozon Rescht.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Éditeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (Why Vanilla?)
Foto: 
NASA Earth Observatory by Joshua Stevens, using data courtesy of NASA Ozone Watch

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/
 

Quellen

Auch interessant

Interaktive Konferenz Wie kann man als Bürger seine Umweltbelastung reduzieren?

Am 17. November 2020 findet die nächste interaktive Konferenz „So you think you’re green” statt (online). Diese konzentr...

FNR
Forschungsstudie CORONASTEP SARS-CoV-2 Monitoring mithilfe von Abwasserproben

Diese indirekte Technik zur Überwachung des Virus ermöglicht seine Verbreitung in der Bevölkerung früh zu erkennen.

Hydrologie Weichtiere für die Beobachtung der Wasserläufe

In Luxemburg verwenden Forscher Weichtiermuscheln, um das Alter des Wassers und seinen Verlauf festzustellen. Inwiefern ...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fliegenklatsche
Lästeg Insekten Hu Mécken Angscht, wann een no hinne facht?

Mécke si lästeg. Do kann engem scho mol d'Hand ausrutschen. Mä wann een net trëfft, mécht een der Méck da wéinstens Angscht?

FNR
D’Wëssenschaft vum Eelefmeter Mat statisteschen Etuden déi bescht Taktik ermëttelen

De Fussballspiller leeft un, waart kuerz a schéisst...déif an den Eck! Wier et besser héich ze schéissen? Net ze waarden? Domadder hu sech Wëssenschaftler beschäftegt.

FNR
Sport und Eis
Leck dech schlank? Kann ee vum Glaceiessen ofhuelen?

Wann ech Glace iessen, muss mäi Kierper d'Schneekerei fir d'éischt mol ophëtzen. Dofir brauch en Energie. Kann ech also vum Glaceiessen ofhuelen?

FNR