© FNR & RTL

En Experiment fir schwindeleg ze ginn

Vum héchsten Héichuewe vu Belval léist de Mr Science e Schlauch erofhänken, a verbënnt dësen ënne mat engem 50 Liter Glasballon, dee mat Waasser gefëllt ass. Zwee Liter Waasser am Schlauch sollen duer goe fir de Glasballon un d‘Platzen ze bréngen...

De Physiker Blaise Pascal soll verschiddenen Erzielunge no, mat sou engem ähnlechen Opbau, e Wäifaass un d’Platze bruecht hunn. Hie wollt beweisen, datt et onwichteg ass wéi vill Waasser een huet fir Drock opzebauen, mee datt et just op d’Héicht vun der Waasserseil ukënnt.

Wat dës wichteg Entdeckung fir eisen Alldag bedeit, gesidd dir am Video.

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Merci: Katerina Visnjic, Ph.D. (Princeton University; physics4life) for the support and the idea!

 

Infobox

PISA - de Wëssensmagazin op RTL

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.

Auch interessant

Bloomin‘ Algae App So können Bürger helfen, Blaualgen in Luxemburgs Gewässern zu überwachen

Mit der Smartphone-App Bloomin‘ Algae kann jeder in Luxemburg Wissenschaftlern am LIST helfen, Cyanobakterien frühzeitig...

Science meets Art Wissenschaftscomic: Die Abenteuer von Tuwwo, dem Wassermolekül

Das „LUX:plorations“-Projekt verbindet Kunst und Forschung: Lokale Künstler und Wissenschaftler haben zusammen 8 Kurzges...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR , RTL

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR