Boden

Adobe Stock

Schätzungsweis gi Planzen 20 - 40% vum Kuelestoff, deen se duerch Photosynthees aus der Loft bannen, erëm iwwer hir Wuerzelen un de Buedem of.

Fir datt déi vill kleng nëtzlech Organismen, déi am Gaardebuedem liewen, genuch ze friessen hunn. E gesonde Buedem wimmelt nëmmen esou vu Liewen: Wierm, Buedeminsekten an Nematoden, dat si millimeterkleng Fuedemwierm, gruewen sech doduerch op der Sich no Narung. An dat sinn nëmmen e puer vun de Liewewiesen, déi een nach mam bloussen A erkenne kann. Eng Handvoll Buedem enthält ausserdeem nach ronn 100 Milliarde Bakterien; an d'Pilzfiedem, déi duerch e wuessen, erginn uneneegeluecht ëm déi 50 Kilometer!  All dës Liewewiesen droen zu engem gesonde Buedem bäi, well se en oplackeren a vill Närstoffer am Buedem fir d'Planzen disponibel maachen.

Fir datt Buedemorganismen awer liewe kënnen, brauche si och eppes ze friessen. Wéi och an der Déierewelt iwwert dem Buedem lauert do een op deen aner. An um Ufank vun der Narungsketten stinn och am Buedem d'Planzefriesser. An dës ernäre sech vu Planzereschter, Wuerzelen, mee och vu Närstoffer, déi d'Wuerzelen un de Buedem ofginn. Wann awer elo all erofgefallent Blat ewechgeschäert an all Onkraut tëschent den Notzplanze gerappt gëtt, hunn d'Buedemorganisme manner ze friessen. Am Schlëmmsten ass et fir si, wann de Buedem ganz onbedeckt ass. Dann ass fir si Faaschtenzäit ugesot an d'Buedemliewe stierft lues a lues of.

A wéi suergen ech am beschte fir e bedeckte Buedem?

Du kanns e beispillsweis mat passendem Mulch bedecken, also mat de geschredderte Reschter vum Heckeschneiden zum Beispill. Mee Planze si mindestens genee esou gutt. Dat kënne geziilt geséit Aarte sinn, déi den Notzplanzen net ze vill Plaz an Narung ewechhuelen, oder Onkraut. Et kann een zum Beispill nëmmen dat problematescht Onkraut wéi Wann oder Quecke rappen, mee déi aner stoe loossen. Fuerscher hunn nämlech entdeckt, dass Planze mat hire Wuerzelen net nëmmen Närstoffer aus dem Buedem saugen, mee Närstoffer och zeréck un de Buedem ofginn! An zwar a Form vun Zocker, Aminosaieren a vill aner organesch Verbindungen, déi Kuelestoff enthalen. Schätzungsweis gi Planzen 20 - 40% vum Kuelestoff, deen se duerch Photosynthees aus der Loft bannen, erëm iwwer hir Wuerzelen un de Buedem of!

Dat kléngt no enger enormer Energieverschwendung, wéisou maache si dat?

Domat verteidege se sech zum Beispill géint schiedlech Bakterien oder Pilzen. Mat dësen Närstoffer ënnerstëtze si och geziilt d'Buedemliewen. D'Fuerschung zu dësem Theema steet awer nach ganz am Ufank a bleift dofir wéi ëmmer spannend!

Infobox

Firwat d'Wuerzelen esou wichteg fir de Buedem sinn

D'Buedemfuerschung entdeckt no an no, wéi eng Roll Wuerzelen am Buedem spillen. Nieft hirer Aufgab, hir Planz mat Waasser an Närstoffer ze versuergen, verbanne si sech mat Pilzen a Bakterien. Dacks dréngen dës Mikroorganismen esouguer an d'Wuerzelen an a bilden eng enk Symbios mat der Planz: Si versuergt d'Mikroorganisme mat Närstoffer an déi revanchéiere sech, andeems se ënner anerem wichteg Närstoffer wéi Stéckstoff oder Phosphat zur Verfügung stellen. Bal all d'Planzenaarte schaffen esou mat Pilzen a Bakterien zesummen. Mee Wuerzele sinn och nach aus engem anere Grond wichteg fir e gesonde Buedem: Wa se bis ofgestuerwe sinn a vun de Buedemorganismen ofgebaut goufen, hannerloossen se sougenannt Wuesskanäl. Duerch si kënnen nei Wuerzele méi einfach an de Buedem wuessen. Dofir sollt ee Planzewuerzele méiglechst am Buedem loossen an net erausrappen. Ausser wann déi iessbar Deeler vun der Planz am Buedem wuessen, wéi zum Beispill bei Muerten, oder wann et sech ëm zéit Onkraut handelt, dat nees ausschéisse géif.

Pilzautobunne fir Buedembakterien

Fuerscher hunn entdeckt, dass Buedempilze laang Fiedem am Buedem bilden, déi d'Planzewuerzele "verlängere" kënnen, andeems iwwer d'Pilzfiedem Waasser an Närstoffer an d'Planz transportéiert ginn. Ausserdeem kënne se "Bakterienautobunne" bilden. Bakterie kënne sech net gutt an dréchenem Buedem ausbreeden, well se ëmmer e Fiichtegkeetsfilm iwwert de Buedempartikele brauchen, fir quasi an hinnen ze schwammen. Lieweg Pilzfiedem hunn awer esouguer an dréchenem Buedem ëmmer nach eng fiicht genuch Surface. Esou konnten d'Fuerscher ënner dem Mikroskop erkennen, wéi sech Bakterien un dëse Pilzfiedem fortbeweegen. Dat ass ee vu ville Grënn, firwat een d'Liewe vun de Buedempilzen ënnerstëtze sollt. Dat bedeit ënner anerem, op Pilzgëfter wéi cheemesch Fongiziden oder Koffersulfat-Britt ze verzichten.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Kim Dieschburg

Infobox

Quellen
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Forschung im Weinbau Wie der Weinbau in Luxemburg sich dem Klimawandel anpasst

Mittlerweile hat der Klimawandel nicht mehr nur positive Auswirkungen auf den Weinbau. Wissenschaftler am LIST und dem I...

LIST , IVV
Mit Pestiziden gebeiztes Saatgut Die versteckten Pestizide in der Landwirtschaft

Ein Großteil des Saatguts wird mit Pestiziden behandelt. Wir wissen jedoch nicht viel über die Wirkstoffe, da sie oft ni...

Meet the Scientists Matias Pasquali, Plant Pathologist

Pilzinfektionen in Getreidefeldern: wie breiten sie sich aus, welchen Schaden richten sie an und wie kann man sie vorbe...