Science Summer Splash

© PINS asbl

Un mix d’activités scientifiques, sportives et ludiques sont organisés

De Science Summer Splash ass e neien Camp vu PInS asbl. Iwwer 4 Deeg, vum 12.08.-15.08.2018, erwaarden dech flott Aktivitéiten am Beräich vun de Sciencen, vill Sport um Stau an eng gutt Ambiance. Wanns du tëscht 11 a 14 Joer al bass, dann zéck net dech fir de Science Summer Splash 2018 unzemellen. D'Platzen si begrenzt!

De Science Summer Splash ass eng Vakanzekolonie am Norde vu Lëtzebuerg. D'Ziel ass et d'Wëssenschaftskultur op eng einfach, praktesch a witzeg Manéier ze förderen. Während 4 Deeg kënne 25 Jonker vun 11 bis 14 Joer un engem gudde Mix u wëssenschaftlechen, sportlechen a witzegen Atelieren deelhuelen. 

All Dag ginn op mannst 2 Atelieren vun 2 Stonnen zum Thema Wëssenschaften oder Sport organiséiert. Dat Ganzt gëtt kombinéiert mat Trëppeltier an anere Fraizaitaktivitéiten wéi z.B. Geocashing, Visiten oder engem Lagerfeier. 

Déi 25 Jonker ginn an enger pluridisziplinärer Equipe vun Animateuren a Profesionneller aus der Education an de Wëssenschaften encadréiert. Duerch eng Kollaboratioun mat der base nautique vu Lëltz vum SNJ ass de sportleche Volet och ofgedeckt.

Aschreiwungen

Schreif dech an iwwert den Internetsite vu PINS.

Ooflaaf vun der Umeldung :

Nodems du dech iwwer eist Formular ugemellt hues, kënns du ob eis Umeldungsléscht. Sobaal eis Léscht voll ass, kriss du eng Bestätegungsmail. Et zielt also schnell ze sin, well dei éischt si fier! Dorobs hi schécken mir dir dann e Bréif fier all administrativ Demarchen ze reegelen. GANZ WICHTEG: Du muss erréicht bezuehlen wanns du deng Bestätegung kritt hues! Wann Demarchen a Bezuehlung geregelt sin, da bass du offiziel ugemellt fier de Science Summer Splash!

Méi Informatiounen iwwer PINS asbl op hirem Internetsite
Kontact: info@pins.lu 

Auteur: PINS asbl
Fotoen: PINS asbl

Auch interessant

Projekt COVID-Kids Lebenszufriedenheit und Wohlbefinden von Kindern im Schatten der Pandemie

Mit den Veränderungen aufgrund der Corona-Pandemie haben Kinder und Jugendliche besonders zu kämpfen. Das Projekt COVID-...

Covid-19 Umfrage Wie junge Menschen in Luxemburg nach der 1. Welle mit den Pandemie-Einschränkungen klar kamen

Auch wenn junge Menschen von den Maßnahmen zur Eindämmung von Covid-19 im besonderen Maße betroffen sind, wurden die Reg...

Concours national Jonk Fuerscher Wie wirksam ist Hundespeichel als Antiseptikum?

Warum lecken Hunde ihre Verletzungen? Diese Beobachtung begründet das Projekt von Sydney Dam, Preisträgerin des Wettbewe...

Auch in dieser Rubrik

Concours fir Jonker Maach mat bei de Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiaden!

Du bass u Chimie, Biologie oder Physik interesséiert, bass Schüler am cycle supérieur, a wëlls dech an engem Concours mat gleichaltrege moossen? Da schreif dech hei an!

Goodyear fuerdert Iech eraus! Déi 3. Éditioun vum Goodyear STEM Student Challenge geet virtuell

Et gëllt eng clever Maschinn ze bauen déi et erlaabt e sënnvollen Message, virtuell an ob eng iwwerdriwwe komplizéiert Aart a Weis, ob eng grouss Kniwwelino LED Wand, ze schécken.

Chercheurs à l’école 2021 Fuerscher*inne ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Chercheurs à l’école", déi vum 15. bis den 19. Mäerz 2021 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher*innen vu Lëtzebuerg kennen. Schreif deng Klass nach bis den 21.12.2020 an!

FNR