© shotshop.com

Mat eisem Leitungswaasser a mat schuedstofffräiem Wasserkocher onbedenklech

Mr. Science, ech hun héieren, dass ee Waasser net zweemol opkachen duerf, well da méi Schuedstoffer dra sinn?

Vill Internetsäite warnen do virdrun. Et mëscht awer keen Ënnerscheed, ob ech d’Waasser eemol oder e puer mol opkachen. Entscheedend dobäi ass nëmmen d’gesamt Kachdauer. Well ëmsou méi laang ech Waasser kachen, desto méi verdämpt. Wann ech also e Liter Waasser sou laang kachen, bis nëmmen nach sou vill iwwreg ass, wéi ech fir eng Taass Téi brauch, dann hun ech d’Schuedstoffer konzentréiert. Amplaz an engem Liter sinn se elo an 0,2 Liter dran. Hier Konzentratioun ass em de Facteur 5 an d’Luucht gaangen.

Dat mëscht engem Angscht!

Jo, mee déi kanns de mat enger einfacher Fro erëm verléieren: Häss de Angscht, d’Ufanks Quantitéit Waasser ze drénken, also de ganze Liter?

Nee, natierlech net…

Genee, well eis Drénkwaasser, ass an der Reegel immens secher a Schuedstoffer sinn nëmmen a gerénge Konzentratiounen dran. Suerge muss een sech nëmme maachen, wann d’Drénkwaasser staark verknascht ass. Mee da soll een et souwisou léiwer net drénken.

Dat zweet Argument vun der Angschtmaacherei am Internet ass: Duerch déi méi laang Kachzäit géife Schuedstoffer aus dem Dëppen oder Waasserkocher an d’Waasser iwwergoen.

An?

Wëssenschaftler hun dat ënnersicht a festgestallt, dass Edelstol beim Kache keng Schuedstoffer an d’Waasser ofgëtt. Waasserkocher mat bëllege Plastikselementer kënnen awer Schuedstoffer an d’Waasser ofginn. Dofir soll een doran Waasser am beschten iwwerhaapt net opkachen.

D’Angscht virun enger zweete Kéier opkachen ass awer am Prinzip onbegrënnt?

Mat eisem Leitungswaasser a mat schuedstofffräien Dëppen oder Waasserkocher: Jo, op alle Fall!

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: shotshop.com

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 25.10.2017 beäntwert. 

Auch interessant

Abwasser als Vorwarnsystem Erhöhte Konzentration von Covid-19-RNA in fast allen Gewässern

Wasseruntersuchungen zeigen: SARS-Cov-2 kommt in fast allen Abwässern vor und besonders stark vor allem im Süden des Lan...

Concours national Jonk Fuerscher Welche Auswirkungen hat die Wasserqualität auf aquatische Mikroorganismen?

Können sich organische Dünger auf die Luxemburger Wasserläufe auswirken? Mara Rachel Manieri, Preisträgerin des Wettbewe...

Wasser-Experiment Baue eine einfache Wasserrakete!

Hier findest Du eine kleine Anleitung um ganz leicht eine Wasserrakete zu bauen.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Gerochsënn Kann ee Reen richen?

Dacks erkennt een un engem spezielle „Reegeroch“, datt et gläich reent. Wouhier kënnt dee Geroch?

FNR
sitzenbleiben
Schoulsystem Wat bréngt Sëtzebleiwen an der Schoul?

Fir verschidde Schüler ass den Ofschloss vum Schouljoer batterséiss: si musse redoubléieren. Mee Mr Science, bréngt Sëtzebleiwen iwwerhaapt eppes?

FNR
Faszinatioun Feier Aus wat besteet eng Flam?

Flamen faszinéieren d‘Mënschen zanter Joerdausenden. Mee wat ass dat wat hei liicht a flackert?

FNR, RTL