© Pixabay

Grille mat Holzkuel bedeit ronn drai mol souvill CO2 wéi Grille mat Gas

Mr Science, haut den Owend gëtt gegrillt. Natierlech mat Kuel, well dat schmaacht mir einfach am beschten. Mee do ginn et der jo och déi, déi op Gas schwieren an des läscht hunn ech en Argument héiere wéi wann de Gasgrill méi klimafrëndlech wier... Stëmmt dat?

De Goût, dee vun engem Holzkuelgrill ausgeet, ass fir vill Leit net ze toppen. Mee dat wats de héieren hues ass richteg. Wann s du deng Kotlett bis perfekt gegrillt hues, ass mat Kuel ronn dräi mol sou vill klimaschiedlechen Kuelendioxid (CO2) an d'Atmosphär komm wei mat Gas. 

Wisou dat dann?

Ma dat fänkt schonn an der Produktioun un. Holzkuel gëtt meeschtens am industrielle Moossstaf produzéiert, an dobäi gëtt d'Holz, fir dass et verkuelt, mat anere Brennstoffer erhëtzt. Dobäi gëtt schonn vill CO2 an d´Atmosphär fräigesat – niewent anere Schuedstoffer. Oft gëtt fir d’Produktioun och Holz aus Länner benotzt, déi keng nohalteg Forstwirtschaft bedreiwen. Do gi riseg Flächen ofgeholzt an näischt amplaz geplanzt.

Jo mee Flësseggas ass jo och net einfach sou do.

Richteg, et ass e Nieweproduit bei der Raffinatioun vun Ueleg oder e kënnt aus der Aerdgasförderung. Wëssenschaftler hunn all d'Schrëtter vum Prozess ënnert d'Lupp geholl – vun der Matière Premiere, iwwert den Transport bis bei d'Erhëtze vum Grill. D'Resultat war: Gas ass méi klimafrëndlech.

Oh neeeee! Wat kann ech da maachen, wann ech trotzdem net op den Holzaroma verzichte well?

Den Ökobilan ass net grad sou fatal, wann s de Holzkuel aus nohalteg ugebautem Holz hëls. Dat erkenns de um FSC-Stempel. Wann s de dann och nach drop oppass, dass de net onnéideg vill Holzkuel verbrenns, ass et nach bësse besser. Mee op den Ökobilan vum Gas kenns de och dann net erun.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science eng Fro op Eldoradio.

Dës Emissioun gouf den 14. September 2016 diffuséiert. 

Auch interessant

Nachhaltige Herstellung Wasserstoff mit Hilfe der Sonne erzeugen

Wasserstoff gilt als Energieträger der Zukunft, benötigt aber selbst viel Energie bei der Herstellung. Eine neue, welt...

Technologie – Wasser Wie wird in einer Kläranlage Wasser von Öl und Fett getrennt?

Mittels eines einfachen Experiments erfahren die SchülerInnen, wie Flüssigkeiten unterschiedlicher Polarität und verschi...

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Wie Plastik grüner und nachhaltiger wird

In puncto Nachhaltigkeit genießen herkömmlicher Kunststoff oder sogenannte Polymere einen schlechten Ruf. LIST-Forscher ...

Auch in dieser Rubrik

Stechmücke
Aggressiv Insekten Firwat gi verschidde Leit éischter vu Mécke gepickt ewéi anerer?

Mat der waarmer Joreszäit kommen d'Mustiken. Mä net jidderee gëtt d'selwecht dacks vun hinnen attackéiert. Wouru läit dat?

FNR
Examen Stress
En eidele Kapp Wat maache bei engem mentale Blackout?

D'Virbereedung op eng Prüfung kann nach esou gutt sinn. Wann et drop ukënnt, dann ass de Kapp heiansdo komplett eidel. Wat kann ee géint esou e Blackout maachen?

FNR
Rhubarbe
Vun Natur aus sauer Firwat huet een e pelzegt Gefill am Mond, nodeems ee Rubbarb giess huet?

De Rubbarbskompott ass nees richteg lecker. Mä nom Iesse fille sech d'Zänn rau a pelzeg un. Wou kënnt dat hier, Mister Science?

FNR