Rob Buhlmann (Wikimedia)

Stroumlinnen, déi iwwert e Modellauto fléissen

Mol dovun ofgesinn dass d‘Landung wahrscheinlech zimlech wéideet, kritt ee bei voller Fahrt iwwerhaapt d’Dier op?

Dat hänkt natierlech dovun of, wéi séier dass de fiers, wéi grouss deng Dier ass, an och wéi staark dass du bass! Bei 100 km/h kriss de se nach op, mee du muss dech awer scho kräfteg ustrengen.

Wéi fest misst ech dann do widdert d’Dir drécken?

Eng normal Autosdier huet eng Fläch vun ongeféier 1 Quadratmeter. Fir dem Loftwidderstand bei 100 km/h entgéint ze wierken, misst de esou fest widdert d’Dir drécken, wéi wann se 60 kg géif weien. Fir en Actionheld ass dat also nach ze maachen. Mee ab 100 km/h gëtt et séier méi schwéier! Wann deng Geschwindegkeet sech verduebelt, dann muss de d’Kraaft näämlech vervéierfachen! Op der Autobunn bei 130 km/h wier et dofir wéi wann’s de 101 kg misst drécken!

A bei 50 km/h wier et just .... wéi 15 kg?

Genee!

Dat misst ech jo awer och hikréien?

Jo! Wann’s de just mat 50 fiers, da géifs de d’Dir ouni Problem opkréien! Pass awer op, well d’Dir knuppt jo zou, soubal s de se lass léiss! Dee Moment wou s de spréngs, muss de also oppassen dass de net an der Dir agequestscht gëss!

An d’Landung ass bestëmmt och net ganz agréabel!

Wahrscheinlech net! Well wann den Auto mat 50 km/h fiert, da beweegs du dech jo och mat 50 km/h par rapport zum Buedem! Du géifs also bal 80 m wäit rulle bis de zum Stillstand géifs kommen!

Dann iwwerloosse mer dat léiwer den Hollywood-Staren a Stuntsmen! Probéiert et léiwer net aus, et si scho vill Leit esou ëmkomm!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: Rob Buhlmann via Wikimedia Commons

Infobox

Drang fir aus dem Auto ze sprangen

 

Verschidde Leit verspieren heiansdo den Drang, fir bei voller Fahrt aus dem Auto, vun enger Bréck oder engem héije Gebai ze sprangen. Obwuel se sech eigentlech net wëllen ëmbréngen oder sech wéidoen, froen se sech awer : wat wier wann!

Während laangem ass dësen Drang als e Symptom fir Depressiounen ugesi ginn. E Beweis, dass et engem net gutt geet, och wann ee sech dees net bewosst ass.

Eng nei Studie vun 2011 weist awer dass dat esou guer net stëmmt! Bal jiddereen huet heiansdo esou Gedanken: Wat wier wann ech elo géif virun den Zuch sprangen? Wéi e Gefill wier et fir elo hei vun der Bréck ze sprangen? Mee laut dëser Studie sinn dës Gedanke KEEN Beweis fir Selbstmordgedanke an Depressiounen, ganz am Géigendeel! Doduerch dass ee sech bewosst mat enger Gefor ausernee setzt, géif ee sech dem Liewe méi bewosst ginn. Eise Kierper mengt eng Gefor ze erkennen, obwuel mer a Sécherheet sinn, a reagéiert dorop. Mee esou laang mer den Ënnerscheed maachen tëscht enger wierklecher Gefor an engem Drang fir eng Gefor anzegoen, brauch een näischt ze fäerten.

Dat hei ass just ee Beispill vun engem Verhalen, dat mer eis schwéier kennen erklären. Mee d’Psychologen interesséiere sech ëmmer méi fir dës Themen, fir enges Daags kenne Symptomer fir Dépressiounen a Selbstmord besser ze erkennen an ze behandelen.

 

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

 

Wann den Auto also mat 130 km/h op der Autobunn fiert, da wier dat wéi wann e permanent géif 100 Kilo viru sech weiderdrécken. Fir déi Energie opzebréngen, verbrauch den Auto bis zu 70 % vum Benzin.

Dofir entwéckelt de Livermore Laboratory zum Beispill innovativ Methoden, fir grouss Autoen, Camionen, Bussen an Zich méi aerodynamesch ze maachen, fir Benzin ze spueren. Mat Hëllef vu Wandtunnellen analyséiere si wéi d’Loft am beschte rondrëm den Auto fléisst, sou dass den Auto net gebremst gëtt. An als Bonus probéieren se och nach erauszefannen, wéi een de Loftstroum kann ëmleede, fir dass en  den Auto esouguer vun hannen  „dréckt“.

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

 

Fir de Loftstroum besser  ze verstoen, probéiert d’Fuerschungsunitéit fir Mathematik vun der Uni Lëtzebuerg fir geometresch Methoden ze entwéckelen, fir de Loftstroum besser ze verstoen an ze modeliséieren. Nëmmen esou kann en och herno an der Industrie richteg agesat ginn.

 

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR, RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Pisa Summerchallenge Wéi geet et der Uelzecht?

Wou entspréngt se, firwat ass se sou sténkeg, a wat gëtt gemaach fir den Zoustand ze verbesseren?

FNR
Téin géint de Stress! Léisst sech e Stau mat Musek besser erdroen?

Ob um Wee op d'Aarbecht oder an d'Vakanz: D'Waarden an engem Stau ziert un den Nerven. Hëlleft Musek géint de Stress? A wa jo, wéi eng?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR