Elektro Auto

shotshop.com

Jo, anescht wéi bei Autoe mat Verbrennungsmotor schalt ee bei deene meeschte modernen E-Auto-Modeller weder manuell nach automatesch Gäng. Si hu guer keng Boîte méi!

Firwat brauche si da keng?

Fir dat ze verstoen, stellt een sech d'Fro am beschten deen anere Wee: Firwat brauchen normal Autoen eng Boîte respektiv eng Gangschaltung? Dat ass well Verbrennungsmotoren nëmmen an engem bestëmmten Dréizuelberäich eng optimal Leeschtung bréngen.

Et kann een dat mam Vëlo vergläichen: Wann een de Bierg eropfiert, wiesselt een op eng niddreg Iwwersetzung. Et kënnt een dann zwar nëmme relativ lues virun, awer et huet ee genuch Kraaft, fir de Vëlo d'Pente erop ze drécken. An esou engem niddrege Gang kéim een awer op riichter Streck ni op "Tour de France"-Vitesse erun. Sou séier kéint ee guer net pedalléieren. Dofir wiesselt ee fir méi héich Vitessen an e Gang mat enger méi héijer Iwwersetzung. D'Gangschaltung beim Vëlo suergt dofir, datt een ëmmer ongeféier selwecht séier pedalléiert.

Genau sou ass dat och beim Verbrennungsmotor. D'Gangschaltung suergt dofir, datt de Moteur idealerweis ëmmer ongeféier mat därselwechter Unzuel vun Ëmdréiunge pro Minutt leeft.

An en E-Motor brauch dat net?

Jo, anescht wéi Verbrennungsmotore fillt den E-Motor sech souwuel bei niddrege wéi bei héijen Dréizuele wuel. Hee liwwert scho bei wéinegen Ëmdréiunge pro Minutt eng gutt Leeschtung. E kann awer bei ville Modeller och ouni Problem bis zu 20.000 Ëmdréiunge pro Minutt eropdréien. Do géif e Verbrennungsmotor scho laang ausernee fléien! Jee nodeems wéi séier ee fuere wëll, léisst een dann den E-Motor einfach méi séier oder méi lues dréien. Mee d’Constructeure vu Boîten hunn nach net opginn an entwéckelen och Gangschaltunge fir E-Autoen.

Wat bréngen déi?

Obwuel E-Motoren iwwert e vill méi héijen Dréizuelberäich funktionéiere wéi e Verbrennungsmotor, mussen d'Autosconstructeure Kompromësser agoen: entweder si optiméieren d'E-Motore fir e séieren Départ oder fir Rennen op der Autobunn. Mat enger 2-Gang-Boîte schalt den E-Motor zum Beispill bei ronn 70 Kilometer an der Stonn automatesch an eng méi héich Iwwersetzung. Sou këddelt en nach e bësse méi Leeschtung eraus.

Wäert sech sou eppes duerchsetzen?

Dat hänkt ganz vun de Clienten of. Well eng Gangschaltung mécht d'E-Autoen och e bësse méi deier. Awer Wee weess, ob wéi eng Iddien d'Autosingenieuren nach kommen. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

E-Autoe ware fir d'éischt do

An der Ufankszäit vun den Automobiller haten d'E-Autoen d'Nues vir. 1899 huet den E-Rennauto "La Jamais Contente", deen d‘Form vun enger Zigar hat, als éischten Auto d'100km/h-Limite iwwerschratt! Mee an deenen nächsten zwee Joerzéngten hu sech d'Verbrennungsmotoren duerchgesat: mat Bensin oder Diesel konnt een einfach däitlech méi wäit fueren. Réischt an den 1990er Jore koum lues a lues eng Renaissance vun Autoe mat Elektromotoren op. An de leschte Joren huet sech mat der Entwécklung vu méi leeschtungsstaarken Akkuen do vill gedoen.

Den Auto nei erfanne

Et kann een zwar mat e puer Upassungen de Verbrennungsmotor an Autoen duerch en E-Motor ersetzen, awer richteg sënnvoll ass en Elektromotor réischt, wann déi ganz Autosconstructioun komplett nei duerchduecht gëtt. Sou baue verschidde Constructeuren an hiren E-Autoen zum Beispill een E-Motor pro Rad an. All Rad ka sou jee no Situatioun ganz séier vun der Autoselektronik op déi ideal Vitesse bruecht ginn. Oder si bauen op der hënneschter Achs E-Motoren an, déi virun allem bei Ufueren an Acceleréieren aktivéiert ginn, an op der viischter Achs E-Motoren, déi fir héich Vitessen op der Autobunn gëeegent sinn a bei séierem Fueren den Haaptundeel vum Driff iwwerhuelen. Eng komplett nei Versioun vun enger 2-Gangschaltung also..

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Éditeur/Iwwersetzer: Michele Weber/FNR

Infobox

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

The Beauty of Slow Motion Wie kann eine kleine Scherbe eine Scheibe zum Platzen bringen?

Wenn man mit der Faust auf die Seitenscheibe eines Autos schlägt, kann man ihr nichts anhaben, aber eine kleine Scherbe...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR