shotshop.com

Keng Chance, momentan kéinte mer eis net verdeedegen. Dee Brocken hat en Duerchmiesser vu ronn 650 Meter a war mat enger Vitesse vun iwwer 100 000 Stonnekilometer ënnerwee. Gottseidank war d’Distanz nach sou grouss, wéi déi vum Mond zu der Äerd. Richteg Suergen haten sech d’Fuerscher e puer Joer méi fréi gemaach, am Joer 2004. Deemools hunn si en Asteroid entdeckt, an hu berechent, datt deen d’Äerd mat enger Wahrscheinlechkeet vun 1 zu 50 treffe kéint!

Dat ass jo mol guer net sou onwahrscheinlech!

Effektiv! Dee war zwar nëmmen Hallef sou grouss wéi den Asteroid vun 2015, mee den Opprall hätt ëmmerhin nach d’Kraaft vu 50 000 Hiroshimabomme gehat. Wou d’Astronomen du bis seng Trajectoire genee berechent hate konnten se eng Entwarnung ginn.

Sinn sou Katatstrophenwarnungen dann net just eng Panikmaacherei?

Ech denke bei deem Sujet och éischter un Katastrophefilmer wéi un eng reell Gefor. Geschicht weist eis awer, datt mer ëmmer nees vu kosmesche Gestengs getraff ginn, an och vu ganz groussen. Een dovunner huet jo wahrscheinlech d’Dinosaurier ausstierwe gelooss. Et gëtt kee Grond firwat dat an Zukunft net erëm passéiere kéint. Dohier huet d’NASA de Startschoss fir eng Missioun ginn, déi d’Asteroide vun hirer Trajectoire ofbrénge soll.

Si schécken awer keng Atombomm an de Weltall wéi am Film Armageddon?

Nee, dat ass zwar momentan nach déi eenzeg Optioun déi mer hätten, mee et wier awer enorm geféierlech fir en Asteroid an lauter kleng Stécker ze sprengen. Déi staark radioaktiv Stécker kéinte jo dann op d’Äerd erofreenen. Dat hei ass just eng éischt Testmissioun, déi an zirka 2 Joer starte soll. Heibäi soll eng Weltraumkapsel op en Asteroid opschloen, fir en esou ëmzeleeden.

Kéint dat dann net am Contraire bewierken, datt en op eng Trajectoire Richtung Äerd kënnt?

Bei dëser Missioun besteet dës Gefor net, well d’Kapsel am Verglach zu dem Asteroid immens liicht ass, an en nëmme ganz liicht wäert ofbremsen, ongeféier en hallwe Millimeter pro Sekonn.

Dat ass net immens vill...

Jo mee dat kann a munche Fäll duergoen fir d’Trajectoire  sou ze änneren, datt en d’Äerd net méi trëfft. An dëser Missioun geet et awer mol drëm fir den Asteroid iwwerhaapt ze treffen. En huet en just Duerchmiesser vun 150 meter, an et huet nach ni eng Weltraumsond esou e klengen Objet uviséiert.

Sou eng Zilgenauegkeet brauch een och bestëmmt fir dem Space mining.

Oh jo, an a béide Fäll hunn d’Ingenieuren an d’Wëssenschaftler nach genuch ze dinn, bis dat klappt. A genee dowéinst bleift d’Fuerschung jo sou spannend!

Wéi vill potentiell geféierlech Asteroide ginn et?

Säit deem d’Astronome potentiell geféierlech Asteroide beobachten, ginn et der ëmmer méi. Am Joer 2000 ware manner wéi 1000 äerdno Asteroide bekannt, mee Ufank 2019 sinn et der scho bal 20 000. Déi sinn awer net all op enger Kollisiounstrajectoire. Nëmmen all 10ten kéint potentiell mat eiser Äerd zesummestoussen. D’NASA mécht zanter 2002 eng automatesch aktualiséiert Lëscht vun Asteroiden, déi an den nächsten 100 Joer mat der Äerd zesummestousse kéinten. Momentan ginn do knapp 20 gréisser Brocken opgelëscht, déi eis mat enger Wahrscheinlechkeet vun 1 zu enger Millioun treffe kéinten.

Wéi eng Iddie ginn et nach fir Asteroiden ofzewieren?

Reegelméisseg gi méi oder manner realistesch Iddie virgestallt, fir der Asteroidegefor entgéint ze trieden. Zu deene realistesche gehéiert eng Defense mat der Atombomm. Dës sollten den Asteroid entweder sprengen oder duerch eng Explosioun an der Ëmgéigend vun der Trajectoire ofbréngen. No der aktueller Legislatioun ass et awer verbuede fir Atomwaffen an de Weltall ze bréngen. Ausserdeem kéinten extrem radioaktiv Stécker op d’Äerd erof falen. Eng aner Propositioun ass et, fir eng Zort Harpun an den Asteroid ze stiechen an en dann ofzeschleefen. No enger Iddi, déi momentan nach Science Fiction ass, soll en Asteroid mat staarke Laser oder Ionenkanoune pulveriséiert ginn. An nach eng weider ganz iwwerraschend Method proposéiert, fir eng Säit vum Asteroid wäiss unzesprëtzen. Wann d’Sonnestralen da vun der wäisser Faarf reflektéiert ginn kéinten dës e Réckstouss  um Asteroid provozéieren. Dësen ass zwar nëmme ganz schwaach, mee d’Sonn kéint den Asteroid sou am Laf vu e puer Joer aus senger Trajectoire drécken.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur & Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Auch in dieser Rubrik