(c) John

Heiansdo iwwerkënnt ee spontan eng fuerchtbar Angscht, an et weess een net firwat! D’Gedanken dréinen engem am Kapp rondrëm, et huet een Häerzklappen an et weess een nëmmi wat ee fir d’éischt soll man! Ass dat eng Panik-Attack?

Dat ass schwéier ze soen! Eng richteg Panik-Attack ass wierklech hefteg, a glécklecherweis immens selten! Do kriss de vun enger Minutt op déi aner onerkläerlech extrem Angscht, du verléiers all Kontroll an hues d’Gefill du giffs stierwen oder geckeg ginn!

Uh, dat klengt awer elo méi krass wéi dat Angschtgefill wat ech heinsdo hunn!

Eng Panik-Attack ass am Fong eng extrem hefteg Angscht-Attack. Eng Angscht-Attack ka méi oder manner schlëmm sinn a gëtt meeschtens duerch Stress, Middegkeet oder Iwwerfuerderung ausgeléist. Bei enger Panik-Attack weess ee meeschtens net wat se ausléist, mee d’Leit beschreiwen et als déi schlëmmsten Erfahrung aus hirem ganze Liewen!

Krass! Wat geschitt dann do genee?

Et fänkt mat onerkläerlecher Angscht un. Aus iergendengem Grond reagéiert däi Kierper, wéi wann en engem Grizzli giff vis-à-vis stoen! Adrenalin schéisst duerch de Kierper, fir en op e liewensgeféierleche Kampf virzebereeden: däin Häerz schléit méi séier, du hyperventiléiers an d’Blutt fléisst all an deng Muskelen.

Mee a Wierklechkeet ass jo guer kee Grizzli do…

Genee! Däi Kierper ass a Kampfpositioun, mee well‘s de net kämpfs, huet e kee Ventil fir rëm e Gläichgewiicht hirzestellen. Dofir tauchen dann all d’Symptomer vun enger Panik-Attack op:  et gëtt der liicht am Kapp, du hues Tunnelbléck, d’Gefill du häss en Häerzinfarkt oder du kris net genuch Loft, an esou weider! Du hues also wierklech d’Gefill, du giffs stierwen an du verléiers komplett d’Kontroll. Mee meeschtens hëlleft et de Leit, fir einfach nëmmen ze wëssen an ze verstoen, wat an hirem Kierper geschitt. Dat gëtt hinnen d’Kontroll zréck a si kenne besser mat esou Attacken ëmgoen.

A wéi genee ee besser mat esou Attacken ëmgeet, dat fënnt een an der Infobox eraus!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: © John

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

   
Wat alles zu enger Panik-Attack ka bäidroen !

Eng konkret Ursaach fir Panik-Attacken ass nach net bekannt! Mee d’Fuerscher an d’Dokteren hunn awer eng Rei Situatiounen entdeckt, déi op mannst deelweis zu enger Attack kenne bäidroen. Krankheete wéi post-traumatesche Stress, Ennerzocker oder eng Iwwerfunktioun vun der Schilddrüs kennen zum Beispill matspillen. Verschidde Medikamenter, Alkohol oder Drogen, respektiv en Entzuch, kennen och zu Panik-Attacke bäidroen, grad esou wéi emotionnelle Stress (Doudesfall, Trauer, eng grouss Liewensännerung an esou weider) oder Nicotin a Kaffein!

D’Ursaach an d’Symptomer kenne bei jidderengem anescht sinn. Dofir ass et net ëmmer einfach des Krankheet ze diagnostizéieren oder anzeschätzen, wéi schlëmm se ass. Glécklecherweis si Panik-Attacken awer immens selten. Wann iwwerhaapt, huet een der 1-2 a sengem ganze Liewen! Leider sinn et awer och Leit, déi chronesch Panik-Attacken hunn, an déi sinn a medezinescher Behandelung. Des chronesche Panik-Attacken sinn a ville Fäll ierflech oder hänke mat mentale Krankheeten zesummen.

Wéi kann een eng Panik-Attack behandelen?

An deene meeschte Fäll hyperventiléiert ee während enger Panik-Attack. Dat eleng verursaacht schonn e ganze Koup Komplikatiounen déi zu den typesche Symptomer vun enger Panik-Attack féieren. Wann een näämlech hyperventiléiert, dann otemt ee jo vill ze dack an ze séier. Doduerch ass net méi genuch Kuelendioxid am Blutt an de pH geet erof: de Kierper schléit Alarm!

Duerch bestëmmten Otemübunge kann een dat awer verhënneren (zum Beispill andeems een an eng Tut an-an ausotemt). Esou kann een d’Symptomer während enger Attack an de Grëff kréien, mee verhenneren kann een se net!

Eng aner gängeg Behandelung ass kognitiv Verhaalenstherapie (eng Art Psychotherapie). Dobäi gees de dovun aus, dass deng Gedanken en Afloss drop hunn, wéi’s de dech fills oder wéi däi Kierper reagéiert. Mat Hëllef vun dëser Therapie léieren d’Patiente mat hire chroneschen Attacken ëmzegoen an se a Schach ze halen, andeems ee genee erkläert kréie wat an hirem Kierper geschitt.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Een, deen u Panik-Attacke leit, huet et net einfach. D’Attack selwer ass eng Saach, mee a ville Fäll entwéckelen d’Leit als Konsequenz aner sozial oder emotional Stéierungen (se vermeide Leit oder Plazen, déi mat hiren Attacke verbannen, mache sech Gedanken dass se net „normal“ sinn an esou weider). Den Impakt op d’privat Liewen oder d’Aarbecht kann also grouss sinn! Dofir erfuersche Laboen op der ganzer Welt all erdenklech Pisten, fir déi Stéierunge besser ze verstoen an an de Grëff ze kréien!

Den „Massachuesetts General Hospital“  sicht dofir ëmmer no Fräiwëllege fir nei Studien ze man. Eng aktuell Studie konzentréiert sech zum Beispill drop fir den neurologeschen Hannergronn vu Gefiller besser ze verstoen. Andeems ee versteet, wéi Gefiller am Gehir entstinn a gespäichert ginn, stéisst ee vläit op de Grond wat bei Angscht- a Panikpatiente während deem Prozess falsch leeft a verursaacht, dass een onberechtegt Angscht net kontrolléiert kritt!

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Zu Lëtzebuerg setzt dem Charles Pull säi „Laboratory of Emotional Disorders“  sech mat Froe rondrëm emotional Stéierungen auserneen. A dozou gehéieren och Angschtstéierungen a Panik-Attacken.

Ee vu senge Projete baséiert sech komplett op virtuell Realitéit! Seng Equipe schléit domat zwou Mécke mat engem Schlag: si léise mat Hëllef vu virtueller Realitéit bei de Patienten Angscht-Attacken aus! Op des Manéier kenne se genee ënnert d’Lupp huele wat dee Moment geschitt, an d’Patiente léieren an engems besser mat hiren Angscht-Attacken ëmzegoen well se genee mat deene Situatioune konfrontéiert ginn, déi bei hinnen esou Attacken ausléisen.

Auch interessant

Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

FNR
Stroke and language How listening to a story can help us diagnose a language disorder

A Luxembourgish PhD student at KU Leuven summarises her research project in a 2-minute video.

Studienteilnehmer gesucht Spannende wissenschaftliche Studie zur Körperwahrnehmung und Stress

Hast Du Interesse mehr über den Effekt von Stress auf die Körperwahrnehmung herauszufinden? Willst Du helfen die Mechani...