shotshop.com

Wéi staark een erschreckt hänkt vu ville Facteuren of. D’Erfarungen, déi een am Laf vum Liewe mat Schrecksituatioune gemaach huet spillen dobäi eng änlech grouss Roll, wéi engem seng aktuell Verfassung: Wann ech midd oder gestresst sinn, erschrecken ech méi liicht. Ausserdeem deite verschidden Experimenter drop hin, datt et och zu engem gewëssene Grad an de Gene läit.

Wéi eng Roll spillen dann d’Gene beim Erschrecken?

D’Erschreckreaktioun soll eise Kierper a kierzter Zäit op eng méiglech Gefor virbereeden. Signalsubstanzen am Gehier setzen eng Kettereaktioun a Gang. D’Nierwenniere schëdden Hormoner aus. Mir gesinn, héieren a riche besser. D’Häerz pompelt méi Blutt duerch eise Kierper an eis Muskele spanen sech automatesch un. Mir si bereet fir d’Flucht oder de Kampf.

D’Zesummespill vun de Genen- vun deene ronn 100 un der Erschreckreaktioun bedeelegt si solle – entscheet doriwwer, wéi séier d’Alarmsignal am Gehier aktivéiert gëtt a wéi laang et aktiv bleift.

Wann ee liicht erschreckt, ass dat awer näischt Schlëmmes.

Nee. Normalerweis ass dat och hautdesdaags nach eng sënnvoll Reaktioun fir de Fall datt mer enger Gefor ausgesat ass. Ganz traumatiséierend Ereegnesser wéi Krich, Accidenter oder Gewaltdote kënnen awer zu enger staark erhéichter Schreckhaftegkeet féieren. Da ginn och souguer harmlos Reizer schonn duer fir hefteg Reaktiounen auszeléisen. Sou Traumaen, dat mengen d’Fuerscher, kënnen och weider verierft ginn. Verantwortlech heivir wieren epigenetesch Mechanismen. Déi wierke wéi e Schalter an eisem Genom a kënnen iwwer e puer Generatioune verierft ginn. Wann ee selwer schreckhaft ass kann dat also nach vun enger traumetescher Erfahrung vun engem Virfahren kommen.

Infobox

Wann de Schreck net noléisst

Eropgesate Wachsamkeet - op latengesch Hypervigilanz - nenne Psychologen e krankhaften Angschtzoustand. Déi Betraffen witteren iwwerall Geforen. Schonn een onerwaarte Geräisch geet duer, fir dat bei hinnen d'Schreckreaktioun lass geet.

D'Ursaach läit dacks an engem Trauma. Dat kann duerch eng extreem Situatioun ervirgeruff ginn: Krichserliefnesser, Verbriechen oder Accidenter gehéieren an des Kategorie. Et kann sech awer och schläichend an der Kandheet entwéckelen. Komplex- oder Entwécklungstraumaen nenne Psychologen dat. Ursache gesi si am chronesche Stress deen en ze autoritären Erzéiungsstil awer och Verfall an de fréien Kandheetsjoren ervirruffen.

Eng staark erhéichte Schreckhaftegkeet ass dobäi awer net den eenzege Problem vun de Betraffenen. Well den Zoustand ka sech och op kierperlechem Niveau weisen. D'Häerz schléit dacks méi séier. Schweessausbréch, Zidderen an Hyperventiléiere kommen dobäi. Schlofe fält engem schwéier. Et ass ee midd an et zitt een sech eleng zréck. An esou Fäll sollt een onbedéngt psychologesch Hëllef sichen.

Schlëssel fir den Akteschaf vum Liewen

An eise Genen steet geschriwwen, wie mir sinn. Si bleiwen ee Liewe laang gréisstendeels stabil; just zoufälleg Mutatioune kënnen heiansdo hir Spueren hannerloossen. Erfarunge gi mir also net mat eisem Ierfmaterial un déi nächst Generatioune weider - dat huet een zumindest bis virun e puer Joer geduecht. 

D'Epigenetik konnt des Usiicht revidéieren: wann een d'Genen an der DNA mat engem Akteschaf vergläicht, dee mat Uleedunge fir eise Kierper an eist Dosinn gefëllt ass, da sinn déi epigenetesch Facteuren de Schlëssel fir déi eenzel Akten. Si leeë fest, ob e Gen méi dacks gelies gëtt oder éischter "roueg" geluecht gëtt.

An dat ännert sech am Laf vum Liewen. Net nëmmen Aflëss wärend der Entwécklung am Bauch vun der Mamm an der Kandheet prägen eisen individuellen Epigenom. Och Chemikalien an der Ëmwelt, Medikamenter oder Drogen, d'Ernierung oder Stress bis hin zum Trauma hannerloosse Spueren. An laut Studie kënnen des Erfarungen als Schlëssel fir eist Dosinn un déi nächst Generatioun verierft ginn.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditioun an Iwwersetzung: Joseph Rodesch a Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.
 

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR