Adobe Stock

Nee, gewalttäteg Videospiller féieren net dozou, dass deen, dee spillt, och aggressiv gëtt. Dat weise rezent wëssenschaftlech Ënnersichunge ganz eendeiteg. Zum Beispill hunn zwou Fuerscherinnen zéng Joer laang Jugendlecher ënnersicht, déi gewalttäteg Videospiller gespillt hunn. Si konnte keen Zesummenhang feststellen tëschent dem Spille vun esou Spiller a méi Aggressivitéit. Zu dëser Conclusioun kommen och nei Metastudien, also Ënnersichungen, déi d'Resultater vu villen anere Studien auswäerten an zesummefaassen.

Wouhier kënnt dat dann, dass d'Leit mengen, dass Ego-Shooter méi aggressiv maachen?

An der Wëssenschaft war dat schonn ëmmer ëmstridden. Haut weess een: Al Studien hunn oft net all d'Ursaache berücksichtegt, déi zu Aggressivitéit féieren: zum Beispill Gewalterfarungen an der Kandheet oder vill Konflikter an der Famill. Dat berücksichtegen nei Studien. A kommen zu der Conclusioun: Ballerspiller sinn net d'Ursaach vun Aggressivitéit.

Mä esoubal en Amokleefer optaucht, heescht et dach ëmmer: Hien huet Ego-Shooter gespillt!

Jo, dat ass oft eng einfach Erklärung vun der Politik an de Medien an esou engem dramateschen an traurege Fall. Mä mat Wëssenschaft huet dat näischt ze dinn.

Also si gewalttäteg Videospiller total harmlos?

Nee, dat kann een elo och net soen. Et ginn Hiweiser, dass si ënner bestëmmte Konditiounen zu Depressioune féiere kënnen. An et hänkt och ëmmer dovun of, wéi vill Zäit d'Leit mat Videospiller verbréngen.

Infobox

Déi gutt Säite vu Videospiller

Wie reegelméisseg Videospiller spillt, mécht eppes Guddes fir säi Gehier. Et kënnt awer op déi richtegt Mooss un. Wëssenschaftler hu bei Testspiller erausfonnt, dass sech bei hinnen am Laf vun der Zäit bestëmmte Gehierregioune vergréisseren. Dat si Beräicher, déi fir d'raimlech Orientéierung, d'strategescht Denken, d'Gediechtnes an d'Feinmotorik zoustänneg sinn. Dësen Effekt ass ëmsou méi däitlech, wat d'Probande méi Spaass beim Spillen hunn. Den Training huet also e vill méi geréngen Effet, wann ee sech dozou zwénge muss, Videospiller ze spillen. Allerdéngs däerf een et net iwwerdreiwen: Bei Kanner loosse sech positiv Effeten duerch Videospiller just feststellen, wa si manner ewéi eng Stonn den Dag spillen. Sëtze si méi ewéi dräi Stonnen den Dag virum Computer, dann hunn dës positiv Auswierkungen éischter eppes Negatives: Dës Kanner si manner zefridden a si verhale sech manner sozial.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR
Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR