(C) Sophie Steinmetz

Mir hunn haut am Supermarché vill verschidden Tuten zur Auswiel

Am Uebst a Geméisrayon huet een oft nach de Choix tëscht Pabeier oder Plastikstut. E Nolauschterer wollt vun dir wësse wat méi ëmweltfrëndlech ass. Mee wat ass méi ëmweltfrëndlech? Ass déi méi fragil Pabeiertut wierklech besser wéi déi aus Plastik?

Nee, Pabeiertute sinn net méi ëmweltfrëndlech ewéi Plastikstuten. Hier Produktioun verbraucht däitlech méi Energie, well ee fir sie besonnesch laang Pabeierfasere brauche fir stabil ze sinn. Hier Hierstellung brauch vill Energie, mee och Waasser a Chemikalien. Ausserdeem hu Pabeiertuten immens deck Wänn. Dat heescht: Héije Materialverbrauch an erëm méi en héijen Asaz vu Chemikalien, Waasser an Energie.

Wisou ass dann trotzdeem jidderee géint Plastikstuten?

Weltwäit gesinn, ass Plastik e grousse Problem, well en sou schlecht an der Natur ofgebaut gëtt. Vun de risege Plastikinselen an den Ozeanen hues de dach bestëmmt och schonns héieren. Do stierwe permanent Déieren, well se sech am Plastik verfänken oder de Plastik iessen, soumat an de Mo kréien an net méi ausscheede kennen.

D’Pabeiertut zersetzt sech däitlech méi séier, mee hei ass et vun den Inhaltsstoffer ofhängeg op se bei der Zersetzung der Natur dobäi schued. Chemikalien déi bei der Produktioun genotzt goufe gi jo bei der Zersetzung fräigesat.

A wat soll ech elo maachen?

Am beschte verzichts de op béides. Huel einfach déi gutt al Akafsposch aus Stoff, déi hiren Déngscht jorelaang mëscht, oder en grousse Rucksak. Domat schouns de d’Ëmwelt wierklech. An déi zerräissen der och net wanns de se ze vill beluets.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer : Sophie Steinmetz
Photo : Sophie Steinmetz

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 22.11.2017 beäntwert. 

Auch interessant

Bloomin‘ Algae App So können Bürger helfen, Blaualgen in Luxemburgs Gewässern zu überwachen

Mit der Smartphone-App Bloomin‘ Algae kann jeder in Luxemburg Wissenschaftlern am LIST helfen, Cyanobakterien frühzeitig...

Fort mam Onkraut Wéi eng Alternative ginn et eigentlech fir Glyphosat?

Zanter iwwert engem Joer ass Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Mee wat sinn d’Alternativen, fir hautdesdaags Onkraut ze...

FNR
SnT Partnership Day Bewährte Schnittstelle zwischen Forschung und Anwendung

Das SnT der Uni Luxemburg gehört inzwischen zu den weltweit bedeutendsten Forschungszentren für Software-Entwicklung. Ei...

SnT

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR