FNR

Infobox

Material
  • Loftballon
  • Krunn mat Waasser
Dauer

5 Minutten

Geforen

Dëst Experiment ass net geféierlech.

Duerchféierung

Blos ee Loftballon op, maach e Knuet dran a reif en dann e puer Sekonnen un engem wollene Pullover oder Schal, oder wann s de keen esou hues, einfach un dengen Hoer.  

Dréi dann de Krunn op a looss een dënnen, awer kontinuéierleche Waasserstral lafen.

Hal de Loftballon e puer Zentimeter nieft de Waasserstral, ouni en ze beréieren. De Waasserstral beweegt sech liicht a Richtung vum Loftballon. Wann s de de Loftballon erëm méi wäit wech vum Waasserstral häls geet de Waasserstral erëm zréck.

Prinzip

Andeems mer de Loftballon um Wollpullover oder un den Hoer reiwen, gëtt en elektrostatesch gelueden, an dowéinst kann d’Waasser beweegt ginn.

Elektresch Luedung gëtt vu winzeg klengen Deelercher gedroen, déi een net gesäit: positiven Deelercher, dat sinn d’Protonen; an negativen Deelercher, dat sinn d’Elektronen.

Gläich Luedungen (also positiv a positiv oder negativ an negativ) stoussen sech of; entgéintgesate Luedungen (positiv an negativ) zéien sech un.

Normalerweis fënnt ee positiv an negativ Luedungen iwwerall, an och op eisem Loftballon si se gläichméisseg verdeelt. Wann de Loftballon elo un den Hoer oder um Wollpullover geriwwe gëtt, hëlt de Loftballon zousätzlech Elektrone vun den Hoer op. De Loftballon gëtt dann doduerch negativ gelueden, an dréckt déi negativ gelueden Deelercher, déi am Waasser sinn, vu sech wech. Déi positiv Deelercher bleiwen awer op hirer Plaz am Waasser a sou kann den negativ geluedene Ballon d’Waasser unzéien.

Alldag

Elektrostatik ass och de Phänomen, deen dofir verantwortlech ass datt mir heiansdo am Alldag eng gewéitscht kréien, z.B. wa mir engem d’Hand ginn oder eng Autosdier upaken. Wann däi Kierper laanscht e Géigestand oder e syntheetescht Material reift, kritt e vun dësen och Elektronen. Déi iwwerschësseg Elektrone wëll däi Kierper awer erëm lass ginn. Dat geschitt, andeems de mat engem neutrale Géigestand a Kontakt kënns, z.B. wann s de aus dem Auto klëmms an duerno deng Autosdier upécks, fir ze zouzemaachen.

Tipps

Wann et net direkt klappt, probéier de Loftballon op ënnerschiddlech Héichten vum Waasserstral ze halen. Net ze wäit uewe beim Krunn.

Weider Experimenter zum Thema Elektrostatik fënns du hei:

 

Text: Michèle Weber (FNR)
Video: FNR