shotshop.com

De Moien um Auto an elo grad un der Dir krut ech eng zolitt gewéitscht. Fir passéiert dat mir an aneren net?

Ob een eng gewéitscht kritt hänkt vu verschiddene Konditiounen of, wéi z.B. wéi eng Kleeder een unhuet oder wéi vill Fiichtegkeet an der Loft ass. Kuck, du hues just synthetesch Kleeder un wärenddeem ech elo nëmme Kotténg unhunn.

D.h. ech kréie vu menge Kleeder eng gewéitscht?

Nee, mee et huet mat de Reiwungen ze dinn, déi duerch synthetesch oder wolle Kleedung entstinn. Wann dai Kierper laangscht e Géigenstand oder e synthetesch Material reift, kritt e vun desen Elektronen. Dat sinn negativ Chargen, déi gäeren un sou Materialer hänken.

Dat heescht d’Elektrone si responsabel?

Jein. Dai Kierper huet souwisou ëmmer vill Elektronen. Et ass nëmmen well en der op eemol ZEVILL huet, datt en negativ geluede gëtt. An iergentwann wëll däi Kierper déi iwwerschësseg Elektrone rëm lass ginn. An dat geschitt, wanns de a Kontakt mat engem neutrale Géigenstand kënns. Zum Beispill wanns de aus dem Auto klëmms an deng Autosdier upécks.

Am Auto bass du mat denge Kleeder laangscht den Autosëtz geriwwen, an du goufs negativ gelueden. Wanns de dann erausklëmms, an deng neutral gelueden Autosdier upécks, sprangen déi iwwerschësseg Elektronen vun denger Hand op d’Autosdir. Deen Ament kriss du eng gewéitscht. Dat ass e liichte Stroumschlag, deen awer net geféierlech ass.  

Mee firwat geschitt mer dat bal nëmmen am Wanter?

Elektrostatik, d.h. den Transfert vu Chargen, funktionéiert besser wann d’Loft dréchen ass. Am Wanter ass d’Loftfiichtegkeet immens niddereg, dofir kritt een do méi einfach eng gewéitscht. Bei héiger Loftfiichtgekeet gëtt et bal keng Elektrostatik. Probéier mol an der Sauna e Loftballon laangscht deng Hoer ze reiwen – du wäerts gesinn, déng Hoer stinn net wéi soss an d’Luut!

Infobox

Wéi kann ee vermeiden, datt een eng gewéitscht kritt?

Wanns de d’Fakteure kenns, déi Elektrostatik favoriséieren, kanns de se och probéieren z’évitéieren. Sou kanns de z.B. Kleeder aus Cotténg amplaz aus syntheteschem Material undoen. Och Gummisuelen un de Schong isoléieren a verhënneren den Transfer vun iwwerschëssegen Elektronen. Dofir soll een am Wanter léiwer Schong mat Liedersuelen undoen. Fir ze vermeiden, vun dengem Auto eng gewéitscht ze kréien, kanns de beim Rausklammen eng Hand un d’Karosserie vum Auto leeën éiers de de Fouss op de Buedem setz.

Auteur: Constance Lausecker
Editeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR