Gin Tonic

Adobe Stock

Dofir ginn et absolut keng Beweiser. Dëst Gerücht zirkuléiert an de Medien, säit déi britesch Organisatioun Asthma UK an enger Studie gesot huet: Verschidden Zorte vun alkoholescht Gedrénks wéi Wäin oder Béier géifen Asthmasymptomer ausléisen. Aner Zorte wéi Gin oder Vodka géifen dat net maachen. Doraus ze schléissen, dass Gin Tonic géint Heeschnapp hëlleft, ass schonn zimmlech gewot. Asthma ass nämlech net dat selwecht wéi Heeschnapp. An eng Substanz gëtt och nach laang net zum Heelmëttel nëmme well se eng Krankheet net verstäerkt. Ganz am Contraire: Alkohol kann – souwuel bei Allergiker wéi och bei Net-Allergiker – d'Nues effektiv zum Lafe bréngen.

Firwat?

Engersäits enthale verschidden Drinks e Stoff, deen Histamin heescht. D'Hormon spillt net nëmmen an eisem Immunsystem eng Roll, mee och bei allergesche Reaktiounen. An de Wäin an an de Béier kënnt et duerch Mikroorganismen, déi et och hierstelle kënnen. Verschidde Leit reagéieren och empfindlech op Sulfiten. Mat dëse Schwiewelverbindunge gëtt beispillsweis de Wäin haltbar gemaach. Dës entstinn awer och op natierlech Aart a Weis bei der Gärung. Klassesch gebrannten Alkohol ouni esou eng Inhaltstoffer kann d'Schläimhait och zum Uschwëlle bréngen. Dat nennt een en Alkoholschnapp oder medezinesch korrekt e vasomotoresche Schnapp. Dass Vodka, Gin a Co par contre géint Heeschnapp wierken oder en ausléisen, ass net bewisen.

Infobox

Wann Hee fir Schnapp suergt

Ronn 300 Millioune Liter Loft stréimen am Laf vun eisem Liewen duerch eis Longen. Se liwweren eis de Sauerstoff, dee mir fir ze Liewe brauchen. An se droe Stoffer, déi verschiddene vun eis d'Liewe schwéier maachen. Grieser a Bléiepollen zum Beispill. Déi sinn eigentlech harmlos. Mee bei verschidde Leit versetzen se den Immunsystem an Alarmbereetschaft. Dat aktivéiert d'Ofwier vum Kierper a schéisst spréchwiertlech mat Kanounen op Spatzen. Resultat: D'Ae gi rout a bäissen. D'Nues leeft. Et muss een andauernd néitsen. Et kritt ee kaum gesonde Schlof. Et ass ee midd, net konzentréiert, ugeschloen. Ëmgangssproochlech schwätzt ee vun Heeschnapp. Medezinner soen dozou allergesch Rhinitis.

Dank Ëmweltschuedstoffer a Klimawandel soll déi schlëmm Saison fir Pollenallergiker iwweregens ëmmer méi laang an d'Allergenen ëmmer méi aggressiv ginn. Wëssenschaftler ginn och dovun aus, dass den ëmmer méi hygieenesche Liewensstil an Industrienatiounen dem Heeschnapp am Fong de Wee fräi mécht. D'Theorie: Den Deel vum Immunsystem, deen normalerweis Parasitten ofwiert, sicht sech an hygieenesch irreprochabelem Ëmfeld en neie Feind. A sief et nëmmen déi harmlos Polle vu Blummen a Grieser.

Wat eis op d'Nues schléit

Heeschnapp gëtt wëssenschaftlech korrekt als saisonal allergesch Rhinitis bezeechent. Rhinitis steet dobäi fir d'Entzündung (-itis) vun der Nues (rhis). Allergesch, well bestëmmt Stoffer – an dësem Fall d'Polle vu Bléien a Grieser – d'Ausléiser sinn. A saisonal, well dës nëmmen zu enger bestëmmter Joreszäit duerch d'Loft fléien. Nieft enger verstoppter oder lafender Nues sinn hei och dacks d'Bindehait betraff, wat tréinend a bäissend Ae verursaacht.

Am Géigesaz dozou trëtt eng sougenannt perennial allergesch Rhinitis dat ganzt Joer iwwer op. D'Allergenen, déi den Immunsystem zum Iwwerschéissen bréngen, sinn hei z. B. d'Exkrementer vu Stëbsmilben, d'Hoer vun Hond, Kaz a Päerd oder de Schimmelpilz un der Tapéit hannert dem Schaf. Bei dëser Form stinn d'Schnappsymptomer am Virdergrond.

Et mussen awer net ëmmer allergesch Reaktiounen am Spill sinn. Och Virusinfektioune bréngen d'Nues zum Lafen – de klassesche Schnapp eben. An et gëtt déi vasomotoresch Rhinitis. Dës gëtt weder duerch allergesch Reaktiounen nach Infektiounen ausgeléist. Bei besonnesch empfindleche Mënschen bréngen extern Reizer wéi Tubaksdamp, schaarf Gerécher, Alkohol oder Temperaturverännerungen d'Nuesschläimhait op Trabb.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Neuigkeiten aus der Wissenschaft Die wichtigsten Forschungsneuheiten aus Luxemburg- November 2022

Warum sind manche Menschen besser in Mathematik als andere? Und wie können allergische Reaktionen zum Kampf gegen Krebs ...

Neues aus der Wissenschaft Die wichtigsten Neuigkeiten aus der Forschung in Luxemburg - Juli 2022

Die neuesten wissenschaftlichen Erkenntnisse aus Luxemburg in kurzen, leicht verständlichen Absätzen zusammengefasst.

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR