FNR

D'Michèle vu science.lu weist Dir haut en Experiment.

D’Michèle vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een aus engem Milkshake an 10 Minutten eng Glace kritt (Amplaz vun engem Milkshake kanns de och einfach Mëllech mat Vanillszocker mëschen). Du brauchs heifir Äiswierfelen (besser nach crushed ice) a grafft Salz. D’Salz léist d’Äis zwar schmëlzen, mee déi flësseg Salz-Äismëschung killt awer bei dësem Schmëlzen of, sou datt een eng Flëssegkeet kritt, déi e puer grad ënner Null ass. Fëll Däi Shake elo an eng Zip-Tut an da kills de dës Tut an der Äis-Salz-Mëschung e puer Minutten of, bis de Shake zu enger Glace gëtt. Du kanns dofir deng Äis-Salz-Mëschung an deng Zip-Tut entweder an eng eidel Chips-Dous oder a méi eng grouss Zip-Tut maachen. Wichteg: dat Ganzt muss wärend dem Fréiere gerëselt ginn, well nëmmen sou entstinn déi richteg Zort Äis-Kristaller déi d’Glace schéi cremeg maachen. Gudden Appetit!

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim Nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR