FNR

De Joseph vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een eng Energiespuerluucht just mat Reiwung un d’Liichte kritt. E Loftballon (alternativ kënnt der och e Kamp huelen) luet sech elektresch op wann een en laanscht seng Hoer (oder e Wollpullover) reift. Dës Luedunge sprangen op d’Energiespuerluucht eriwwer wann een se no bei de Ballon hält. E fléisst e kuerze Stroum an d’Spannung geet duerch fir de Quecksëlwer aus dem klengen Tüb unzereegen. Liichtstoffer, déi och am Tüb sinn, blëtzen doduerch emol kuerz op.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR