FNR

Schéi Feierdeeg wënscht d'Science-in-Society-Team vum Fonds National de la Recherche!

Hues du dech scho mol gefrot, wéi en Toun entsteet? Aus engem Schallimo kanns du dir e Museksinstrument bastelen an domadder net nëmmen Téin produzéieren, mee och spieren.

Wéi een eng Schallimo-Flütt bastelt

Dofir drécks de een Enn vun engem Plastiks- oder Pabeier-Schallimo platt a schneits da mat enger Schéier lénks a riets en Eck ewech, sou datt eng dräieckeg Spëtzt entsteet.

Fir lo en Toun ze produzéieren, muss de e bëssen experimentéieren. Et klappt villäicht net direkt, also net direkt opginn!

Huel déi dräieckeg Spëtzt vum Schallimo an de Mond, rull deng Lëpsen e bëssen no bannen a press de Schallimo liicht mat de Lëpsen zesummen. Da fest blosen, bis en „Tröööt“ ze héieren ass. Eventuell muss de de Schallimo e bësse méi déif oder manner déif an de Mond stiechen, an/oder deng Lëpsen e bësse méi oder manner fest op de Schallimo pressen.

Huet et geklappt? Da probéier mol, wat geschitt, wann s du de Schallimo e bësse méi kuerz méchs andeems de op deem aneren Enn (also net bei der dräieckeger Spëtzt e Stéck ofschneits). Mat Schallimoe vun ënnerschiddleche Längte kann een da souguer den „Jingle Bells“ spillen, deen aus fënnef verschiddenen Nouten oder Téin besteet.

Wéi en Toun entsteet

Wat hues du op denge Lëpse beim „Tröööt“ gespuert? Huet et e bësse gekribbelt? Dat ware Vibratiounen. Wann s du an d’Flütt bléis, entsteet e Loftstroum, deen déi dräieckeg Spëtzte vum Schallimo ganz séier vibréiere léisst. Dës Vibratioune setze Loft am Schallimo a Beweegung, an dës kënne mir dann als Geräisch respektiv Toun héieren.

Kuck net just de Video, mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim Nomaachen a schéi Feierdeeg wënscht d’ganz Science- in-Society-Team vum Fonds National de la Recherche: Angelina, Jean-Paul, Joseph, Linda, Melanie, Michèle a Sonia

Auteur vum Text: Michèle Weber (FNR)
Editeur vum Video: Joseph Rodesch (FNR)

 

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR