(C) Shotshop

Haut ass deen Dag, wou de Marty McFly an den Doc Brown am Film Back to the Future II aus dem Joer 1989 hi reesen. Sinn Zäitreesen an der Realitéit méiglech? De Physiker Dr. Carlo Duprel kennt d'Fakten a seet „Jo an Nee“.  

Sinn Zäitreese grondsätzlech physikalesch méiglech, no haitegem Wëssensstand?

Jo an Nee. Esou wéi am Back to the Future ass et haut sécher net méiglech, soss hätt dat jo scho jidderee matkrut. Wat awer méiglech ass, sinn Zäitreesen „am Klengen“.

Wat mengt dir domadder?

Den Einstein huet eis geléiert, dass et net eng eenzeg Zäit gëtt déi fir all gëllt. Mee jiddereen huet seng eegen Zäit. Des Zäit leeft méi oder manner séier jee nodeems ob een sech beweegt oder z.B. ob e Bierg klëmmt.

Kënnt der eis e Beispill ginn?

Als Beispill kann een en Tour ronderëm d’Welt  mam Fliger huelen. Während der Fluchrees beweegt der iech jo ganz schnell an z.B. är Famill, déi doheem bliwwen ass, net esou séier. Der Relatitivéitstheorie no, leeft dann är eegen Zäit méi lues wéi déi vun de Leit déi sech net esou séier beweegen. D. h. dir kommt heem an dir sidd e bësse manner al wei är Famill also sidd der an d’Zukunft gereest Natierlech ass deen Effekt esou kleng dass een en als Mënsch net mierkt. Mat ganz präzisen Atomauere kann een dat awer moossen.

Zäitreesen an d’Zukunft sinn also prinzipiell méiglech.  Wat ass mat Zäitreesen an d’Vergaangenheet, kéint ech doduerch de Présent veränneren?

Wann Zäitreesen an eisem Universum méiglech sinn, da wahrscheinlech jo. Dat gëtt jo am éischten Back to the Future thematiséiert. De Marty reest zeréck an d’Vergaangenheet an seng Mam verléift sech an hien am Plaatz vu sengem Papp. D.h. seng Eltere kommen net zesummen an hie géif ni gebuer ginn. Dat ass dann natierlech en Paradoxon: Eng Persoun verännert d’Vergaangenheet esou dass se selwer net mäi gebuer gett. Am Film kritt de Marty et dann awer hinn, dass seng Elteren zesumme kommen…

Beim Thema Zäitreese gëtt oft vu Paralleluniverse geschwat. Wat si Paralleluniversen?

En aktuellt a ganz kontroversen Thema an der theoretescher Physik. En Multiverse ass en Ensemble vun alle méiglechen Universen. Des sougenannte Paralluniverse kenne sech nëmme ganz e bësse vun eisem Univerum ennerscheeden oder ganz dramatesch vill, an et ass vläit kee Liewe méiglech esou wei mir et kennen.

Wat interesséiert Physiker un Paralleluniversen?

D’Theorie vu Multiverse léist eng Rei vu physikalesche Problemer, notamment deen dass an eisem Universum gewëss physikalesch Gréissten immens genau openeen oofgestëmmt sinn. Dat kann engersäits heeschen dass et en Mechanismus gëtt deen déi physikalesch Gréisste matenee verbënnt oder et ass puren Zoufall dass an eisem Universum des Gréisste beienee passen an a ville vun deenen anere Paralleleuniversen ass dat net esou an déi Universe gesinn dann och ganz anescht aus.

Wat hunn dann elo Paralleluniverse mat Zäitreesen ze dinn?

Eng theoretesch Méiglechkeet vun Zäitreese wier dass ee vun engem Universum an en anert sprengt wou den Zäitpunkt en aneren ass. Do däerf een natierlech net vergiessen dass dat en anert Universum ass, d.h. kann een sech selwer iwwert de Wee lafen. Natierlech ass deen aneren Ech e bëssen, oder vill, verschidde vu sech selwer.

Auteur: Carlo Duprel (FNR)
Editeur: Michele Weber (FNR)
Photo: shotshop.com

Infobox

Quell

Den Dr. Carlo Duprel huet dës Froen am Kader vun der Emissioun "Wat Saachen" vum 21. Oktober 2015 mam Daniel Nepgen op RTL Radio Lëtzebuerg beäntwert. Des Emissioun war um „Back to the future-Day“. Hei de Link

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR