(c) Event Horizon Telescope Collaboration

Déi éischt Foto vun engem schwaarze Lach.

Anescht wéi ee Stär strahlt ee schwaarzt Lach effektiv kee Liicht aus, well et eng fir eis onvirstellbar grouss a konzentréiert Zesummeballung vu Mass ass. Mat senger enormer Schwéierkraaft zitt et alles ronderëm un sech. A wann ee Liichtstral ze no kënnt, gëtt em och verschléckt. Mee wann en e bësse méi wäit vum schwaarze Lach laanscht flitt, gëtt e just ofgelenkt. Wann een also op ee schwaarzt Lach kucke kéint, géif a senger Géigend den Hannergrond komesch verformt ginn, ähnlech wéi wann et eng grouss Glaslëns wier. Dat Bild kéint een theoretesch ophuelen. Dat aktuellt Bild gesäit awer anescht aus.

Firwat?

Schwaarz Lächer ginn dacks vu Matière ëmkreest, déi vum Lach ugezu gëtt. Éier d’Matière komplett verschléckt gëtt, dréint si ronderëm dat schwaarzt Lach mat enger Geschwindegkeet déi no un d’Liichtgeschwindegkeet eru kënnt. Dobäi gëtt si esou waarm, dat si Liichtwelle eraus schéckt. Et ass awer kee Liicht, dat fir eis siichtbar ass, mee et muss een et mat Radioteleskopen opfänken. Wann dat klappt, gesäit een e Stralenkranz an an der Mëtt, ganz schwaarz, dat schwaarzt Lach.

Wat war dann dorun esou schwéier, dëst Bild ze maachen?

D’schwaarzt Lach ass zwar risegrouss, mee iwwer 50 Millioune Liichtjoren vun eis ewech.

Dat ass wäit…

Ganz wäit… Et wierkt vun der Äerd aus esou kleng, wéi vun hei aus Lëtzebuerg e Spéngelskapp zu New York.

Wow!

D’Wëssenschaftler hu missten e puer Radioteleskopen zesummeschalten, déi op der ganzer Welt verdeelt sinn. Sou hunn si eng Aart virtuellen Teleskop geschaaf, deen esou grouss ass wéi eis Äerd. Eréischt dee gesäit schaarf genuch, fir dat schwaarzt Lach ofzebilden.

Dofir ass dat eng wëssenschaftlech Sensatioun?

Genee. D’Astronomen hu vill Joren doru geschafft an hunn elo endlech een direkte Beweis fir schwaarz Lächer. Nach virun e puer Joerzéngten hu vill Astrophysiker net u schwaarz Lächer gegleeft. Souguer den Einstein war säi Liewe laang skeptesch, obwuel hie mat senge Formelen déi theoretesch Grondlage geluecht huet, mat deenen een se berechne kann. Elo kënnen d’Physiker iwwerpréiwen, ob dat Bild genee esou ausgesäit, wéi hier Formele viraussoen.

A wann net?

Da mussen si eng nei Physik erfannen, déi iwwert den Einstein erausgeet. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Ee britesche Geléierten huet schwaarz Lächer „erfonnt“, scho virun iwwer 200 Joer!

Kann ee bal net gleewen, mee de Paschtouer John Mitchell huet als éischten d’Iddi gehat, dat et esou eppes wéi schwaarz Lächer kéint ginn. Hien intresséiert sech niewent Geologie och fir Physik an hält 1783 ee Virtrag iwwer d’Schwéierkraaft vu Stäre virun der Londoner Wëssenschaftsakademie. An engem Gedankenexperiment huet hie raisonnéiert, datt besonnesch masseräich Stäre Liicht verschlécke mussen. E puer Joer méi spéit benotzt de franséischen Naturwëssenschaftler Pierre-Simon Laplace fir esou Objeten de Begrëff „däischtere Kierper“. Laang verfollegt awer keen dës Iddi weider. Eréischt den Einstein leed 1915 mat senger allgemenger Relativitéitstheorie déi theoretesch Grondlage fir schwaarz Lächer. Ab den 1970er Jore maachen dann Astronomen éischt Beobachtungen, déi op eng real Existenz vu schwaarze Lächer hindeiten. Haut ginn déi meescht Astronomen dovun aus, datt am Zentrum vu Galaxie schwaarz Lächer verstoppt sinn.

Wéi kann een sech ee schwaarzt Lach virstellen?

Vill Wëssenschaftler a Kënschtler hunn scho versicht, schwaarz Lächer duerzestellen. Dacks gesäit ee strudelförmeg Biller, déi wéi een Tornado vun uewen ausgesinn. Schwaarz Lächer sinn awer dräidimensional Objeten, also eng Aart dräidimensionaalt „Lach“. Woubäi de Begrëff „Lach“ irféierend ass. Si sinn no de Virstellunge vu Physiker alles anescht wéi eidel mee entstinn aus enger onvirstellbarer Zesummeballung vu Mass. Si gëtt dobäi esou op ee Punkt konzentréiert, dat d’Physiker vun enger „Singularitéit“ schwätzen, also enger Aart Exceptioun. Och wa mir elo fir d’éischt d’Bild vun engem schwaarze Lach hunn, si schwaarz Lächer fir eis mënschlech Virstellungskraaft awer net richteg gräifbar.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Auch in dieser Rubrik