scharfes Essen

Adobe Stock

Eng Thees seet, dass een duerch d'Schweessen ofkillt. Ech hunn et selwer ausprobéiert, kann dat awer net bestätegen. Méi seriö gëtt d'Fro ënnersicht, ob et vläicht esou ass, dass vill Gewierzer Bakteerië futti maachen. A Länner, wou et ganz waarm ass, fanne si ideal Liewensbedingungen an de Liewensmëttelen. Schaarf Gewierzer géifen deemno dozou bäidroen, dass d'Iessen net esou séier verdierft. Ob dat wierklech de Grond fir d'schaarft Iessen a waarme Länner ass, hu Wëssenschaftler:innen an enger aktueller Etüd ënnersicht. Heifir hu si Kachbicher vun all Kontinent studéiert an iwwer 33.000 Rezepter ausgewäert. D'Resultat war zimmlech erstaunlech: Et gëtt iwwerhaapt kee kloren Zesummenhang tëschent der Temperatur a schaarfem Iessen! Si konnten dowéinst net bestätegen, dass d'Leit a waarme Länner schaarf iessen, fir sech esou viru Mikroben ze schützen.

Mä wann ech zum Beispill d'lëtzebuergesch mat der original thailännescher Kiche vergläichen, dann ësst een an Thailand dach vill méi schaarf ewéi bei eis, oder?

Dat stëmmt! Hëlt een awer als Géigebeispill Ghana, dann ass et do am Duerchschnëtt esou waarm ewéi an Thailand, mä et gëtt gewierzt ewéi bei eis. En anert Beispill ass den Nordweste vu China. Do ass et esou kal ewéi a Schweden, mä d'Kichen ass esou schaarf ewéi a Mexiko. Bei der Etüd goufen och eenzel Gewierzer ewéi Pimenten, déi besonnesch schaarf sinn, erausgepickt an dorop ënnersicht, ob si virun allem a Länner mat heefege Liewensmëttelvergëftunge benotzt ginn. Och dat ass net de Fall. Een Zesummenhang konnte si awer feststellen: Wat d'Land méi aarm ass, wat d'Iessen am Duerchschnëtt méi schaarf ass.

U wat kéint dat da leien?

Eng méiglech Hypothees ass, dass haut virun allem déi Länner aarm sinn, déi vun den Europäer kolonialiséiert an exploitéiert gi sinn. An dass déi meescht Gewierzer ursprénglech aus ganz ville vun dëse Länner kommen. Wann een do also traditionell mat de Gewierzer, déi do ugebaut ginn, wierzt, da kéint dat den Zesummenhang tëschent Aarmut a schaarfem Iessen erklären. Béides ass awer net de Fall: An de fréieren europäesche Kolonien ësst een am Duerchschnëtt net méi schaarf ewéi an anere Länner. A komescherweis ass et och net esou, dass ee virun allem do am meeschte wierzt, wou d'Gewierzer och wuessen. Gewierzer sinn nämlech ganz einfach ze transportéieren a goufen och scho viru Joerhonnerte weltwäit gehandelt.

De Fazit deemno: Et gëtt momentan keng eendeiteg Beweiser aus der Fuerschung, firwat d'Iessen op deenen enge Plaze méi schaarf ass ewéi op aneren.

't ass schued, dass et keng Erklärung fir schaarft Iesse gëtt ...

Jo, dat weist, ewéi schwiereg et ka sinn, eng scheinbar einfach wëssenschaftlech Fro ze beäntweren. Warscheinlech, well hei kulturell, ekologesch a sozio-ekonomesch Grënn enk matenee verknäppt sinn. Esou ass dat eben an der Fuerschung: Et weess een ni, wat erauskënnt. Dowéinst bleift si ëmmer spannend!

Infobox

Gëtt et en Zesummenhang tëschent schaarfem Iessen a Verkéiersaccidenter?

Bei der Fro no dem Grond fir schaarft Iesse stellt sech séier d'Fro: Wat ass wierklech e kausalen Zesummenhang? Oder anescht ausgedréckt: Wat ass wierklech de Grond dofir, dass a munche Länner méi schaarf giess gëtt ewéi an aneren, a wat ass just en zoufällegen Zesummenhang? Esou konnt zum Beispill en Zesummenhang tëschent dem Risiko, am Stroosseverkéier ze stierwen, a schaarfem Iesse fonnt ginn. Wat méi Verkéiersdoudeger, wat d'Iessen am Duerchschnëtt an deem jeeweilege Land méi schaarf ass. Bei dësem Beispill ass et evident, dass et keen direkte kausalen Zesummenhang gëtt. An engem anere Fall wier dat net esou evident, zum Beispill dann, wann d'Iessen am Duerchschnëtt vill méi schaarf wier, wat d'Bevëlkerungsdicht méi héich ass. An dësem Fall kéint een unhuelen: Eng héich Bevëlkerungsdicht heescht, dass et méi infektiéis Bakteerië gëtt an dofir och méi Liewensmëttelvergëftungen, géint déi ee sech mat schaarfe Gewierzer schütze géif. Ob dat awer wierklech d'kausal Zesummenhäng duerstellt, ass domat nach ëmmer net gesot. Et héiert sech just méi plausibel un.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen

There is little evidence that spicy food in hot countries is an adaptation to reducing infection risk
Bromham L. et al., Nature Human Behaviour, 2021
https://www.nature.com/articles/s41562-020-01039-8

Antimicrobial functions of spices: why some like it hot
Billing J. et al., The Quarterly Review of Biology, 1998
https://www.journals.uchicago.edu/doi/10.1086/420058

Why do people living in hot climates like their food spicy?
Gutierrez R. et al., Temperature: Multidisciplinary Biomedical Journal, 2015
https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC4861184/

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Leck dech schlank? Kann ee vum Glaceiessen ofhuelen?

Wann ech Glace iessen, muss mäi Kierper d'Schneekerei fir d'éischt mol ophëtzen. Dofir brauch en Energie. Kann ech also ...

FNR